Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!
International Neiegkeeten

Chantier: Brëtell zur A1 Richtung Kierchbierg gespaart!

Am Kader vun den Ëmbauaarbechten am Rond-Point Irgäertche wäert d’Brëtelle

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee
International Neiegkeeten

Echsen-Merkel? Schulz-Zug? Deen heite Spot gesäis de leider net op der Tëlee

Si mer eis éierlech: d‘Spots fir Wahle si meechtens décke

Frankräich: Den Debat zur Rentereform huet ugefaangen
International Neiegkeeten

Frankräich: Den Debat zur Rentereform huet ugefaangen

D‘Fransousen an hire Rentesystem mat iwwer 40 ënnerschiddleche Keesen: Mat

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen

Brexit: London fänkt u Bréissel op de Sak ze goen

En Donneschdeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May zu Bréissel no neie Garantie gefrot, déi him sollen hëllefen d‘Ratifikatioun vum Brexit-Accord duerch d‘Parlament ze kréien. Allerdéngs fänkt déi gutt Fra un de Leit schwéier op de Nerv ze goen, an hir Fuerderunge sinn net grad dat wat ee „verständlech“ nenne kann.

Gutt d‘Theresa May huet et net liicht. Gëschter konnt si esou just e Mësstrauensvott duerchstoen. Wéi glafwierdeg do hir Versécherung war, datt si nach vun hirem Parlament kann déi noutwenneg Zoustëmmung erhalen, wann d‘EU bereet ass „Garantien unzebidden“, ass esou net einfach ze beäntwerten. D‘Brite fäerten sech op onbestëmmt Zäit un déi europäesch Zollunioun ze bannen.

„Mat de richtege Garantie kann dësen Accord gestëmmt ginn“ soll d‘Theresa May hire Kollegen erzielt hunn. „Et gëtt a mengem Parlament eng Majoritéit, déi d‘europäesch Unioun mat engem Accord verloosse wëll“ soll déi britesch Premierministesch bei enger Reunioun hanner verschlossen Diere virbruecht hunn. Ugesiichts dem politesche Chaos zu London, ass d‘Ausso wéineg kredibel.

D‘Europäer, déi sech alleguerte bereet erkläert hunn dem Theresa May ze hëllefen, hunn en Text ugeholl, deen derzou bäidroe soll, d‘Zweiwel vum britesche Parlament aus dem Wee ze raumen. Den Text ass awer net juristesch verflichtend an d‘Premierministesch huet nach emol ganz däitlech erkläert kritt, datt de Scheedungsaccord net méi noverhandelt gëtt a si elo ufänkt ze nerven.

Schwätz oder schäiss Buschtawen

„Eis britesch Frënn mussen eis soe wat se wëllen, amplaz eis soen ze doe wat mir wëllen“ iergert sech mëttlerweil och de Jean-Claude Juncker virun der versammelter Press. Hien huet eis dann och matgedeelt, datt déi europäesch Exekutive den 19. Dezember „all wichteg Informatioune wäert verëffentlechen, fir de Fall datt et zum ‚no deal‘ kënnt“, wat eng ëmmer méi däitlech Optioun gëtt.

Wann ze erwaarde war, datt nodeems d‘Theresa May vun den eegene Leit den Dicks gebéit krut, si net gutt gelaunt op de Sommet kéint kommen. D‘Stëmmung: onbeschreiflech schlecht, an et sollt net besser ginn. „D‘Theresa May war net amstand auszedrécke wat si wollt an ass reegelméisseg vun der däitscher Kanzlerin opgefuerdert ginn endlech Kloertext ze schwätzen“, gouf eis gesot.

Déi „zousätzlech Garantien“ déi vu London gefuerdert ginn, bezéien sech op dat sougenannte Sécherheetsnetz, dës ominéis Léisung déi sech am Scheedungsaccord opgedoen huet, fir eng physesch Grenz op der irescher Insel ze verhënneren. Virgesinn ass hei, d‘Schafe vun engem „eenzegaartegen Douane-Territoire“ wou et och no der Transitioun gemeinsam Reegele soll ginn.

Reegelen allerdéngs, déi nëmmen zur Uwennung géife kommen, wann d‘Verhandlungen zu den zukünftege Wirtschaftsbezéiunge géife scheiteren – wat bei de Briten net auszeschléissen ass – a Groussbritannien zum „Drëttland“ géif maachen. De Problem bei dëser Léisung? Déi radikal Elementer fäerten, datt dës Optioun d‘Briten op onbestëmmt Zäit un d‘EU géif bannen.

Si wëllen eng „gemoolte“ Scheedung

Déi britesch Premierministesch huet gëschter bemierkt, datt zum Beispill d‘Garantie vun engem Zäitlimitt, fir d‘Ofschléisse vun engem breet opgestallten Handelsofkommes, nom Enn vun der Transitiounsphas, hëllefräich wier. „Mir mussen dem Gefill, datt de Backstop eng Fal kéint sinn, lassginn. Geléngt et eis net, ass den Accord a Gefor“, esou d‘Theresa May en Donneschdeg.

Brexit

Iert et zu de Gespréicher komm, an d‘Stëmmung gekippt ass, hat de Jean-Claude Juncker, EU-Kommissiounspresident, déi diplomatesch ugeschloe britesch Premierministesch, Theresa May, ganz häerzlech Empfaangen. Eppes méi spéit, an hanner zouen Dieren, huet de Lëtzebuerger der Englännerin missen op d‘Spréng hëllefen, an däitlech maachen datt elo net méi verhandelt gëtt. © Aris Oikonomou/AFP

Si huet et allerdéngs net ronn kritt, den Detail vun de Garantien, déi si vun de 27 erwaart, op den Dësch ze leeën. An de „Conclusioune“ vum Sommet – en Text ouni juristeschem Wäert – hunn déi 27 der britescher Lady klipp a kloer ze verstoe ginn, datt et sech ausverhandelt huet. D‘Scheedung steet, an si fënnt wéi virgesinn den 29. Mäerz statt, mat oder ouni Zoustëmmung aus London.

Bréissel wëll awer déi britesch Parlamentarier net iwwer Mooss brüskéieren, an hunn nach emol betount an ënnerstrach, datt de faméise „Backstop“ am Fall wou, nëmmen temporär applizéiert géif ginn. Si hunn zougesot sech entspriechend „ze begannen“ fir nach virum 31. Dezember 2020 zu engem fir béid Säiten akzeptabelen Handelsofkommes ze fannen. Méi ass wierklech net dran…

Et soll kuerz iwwerluecht gi sinn, en Amendement anzebréngen, an deem d‘Méiglechkeet vun neie Garantien erwähnt gëtt. Dat hunn d‘Iren an d‘Fransousen awer zréckgewisen, wëll een domatter signaliséiert hätt, datt nach weider Verhandlungen zu engem spéideren Zäitpunkt méiglech wieren. Dësen Androck ze vermëttelen, wier mat Ofstand dat dommst wat e maache kéint…

Am Januar soll ofgestëmmt ginn

Vun der britescher Regierung gouf um Donneschdeg matgedeelt, datt de Vott zum Brexit-Accord, esou wéi e mat der europäescher Unioun opgestallt ginn ass, am Januar am britesche Parlament zur Ofstëmmung bruecht gëtt. Och dat eng Entscheedung déi keng Unanimitéit mat sech bréngt, well eng ganz Rei britesch Deputéiert hate gefuerdert, datt schonn déi nächst Woch sollt gestëmmt ginn.

Dat ass net am Sënn vun der Premierministesch, déi et aktuell vun alle Säiten ze spiere kritt, an och am eegene Lager éischter „ëmstridden“ ass. Si hat e Méindeg, um allerleschte Stëppel annoncéiert, datt de Vott vum Brexit-Accord géif verluecht ginn. Dat war „noutwenneg“ ginn, nodeem se sech am House of Commons massiv géint den Text an d‘Theresa May ausgeschwat haten.

Wéi massiv? Net massiv genuch, well ëmmerhin huet déi britesch Regierungscheffin et fäerdeg bruecht, sech engem zolitte Mësstrauensvott ze stellen an dësen ze „iwwerliewen“. Woubäi et wichteg ass drop hinzeweisen, datt de Mësstrauensvott vun den eegene leit agefuerdert ginn ass, well et och si sinn, déi dee vum Theresa May verhandelten Accord net guttheeschen.

Haut geet den EU-Sommet zu Bréissel weider. Den Thema op dësem Freideg: d‘Reform vun der Eurozon. Och dat e Sujet dee laang a breet – iwwer 18 Méint – am Eurogrupp diskutéiert ginn ass. Et gouf esoulaang diskutéiert, datt et wuel technesch nach ëmmer esou eppes wéi eng Reform ass, mee déi erwaarten Ambitiounen der diplomatescher Rhetorik zum Affer gefall sinn.

mam Cédric Simon an dem Clément Zampa/AFP

Foto: Si waren dem Appell vun der UKIP nokomm an haten nach den 9. Dezember demonstréiert, fir hir Deputéiert vun engem haarde Brexit ze iwwerzeegen. Wann se sech de Konsequenze bewosst wieren, géifen se wuel eppes méi kleng Bréidercher baken. Mee wéi heescht et esou schéin: „Jiddereen dierf esou domm si wéi hie wëll“. © Adrian Dennis/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Kommissioun, Jean-Claude Juncker, London, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel