Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Editorial: Tëscht Fake News a fräier Berichterstattung
International free online dating sites subscription https://moien.lu/dating-older-men-psychology/

dating europe vs america

Mat der Desinformatioun – oder „Fake News“ – an de

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?
International free online dating sites subscription https://moien.lu/dating-older-men-psychology/

Wéi gutt kenns du dech mat der Stad Déifferdeng aus?

  Et ass d’Stad vum Stol a wuel eng vun

Kënnt et zum Sträit ëm de Gas am Mëttelmier?
International free online dating sites subscription https://moien.lu/dating-older-men-psychology/

Kënnt et zum Sträit ëm de Gas am Mëttelmier?

Gëschter hunn zu Athen de griichesche Regierungschef Kyriakos Mitsotakis, den

surprise

Brexit: London leet Virschléi op den Dësch

Brexit: London leet Virschléi op den Dësch

Haut verëffentlecht London seng Proposen zu der Grenz tëscht Irland an Nordirland. Hei ka vun engem Versuch geschwat ginn, dem Club vun de 27 eppes opzezwéngen an deem d‘Fro vun der Grenz mat där vun de zukünftege Wirtschaftsrelatioune verbonne gëtt.

D‘EU-Kommissioun huet dann och um Dënschdeg nach emol bestätegt, datt virun alle wirtschaftleche Verhandlungen dräi Sujete virrangeg behandelt musse ginn: d‘Zukunft vun den EU-Bierger a Groussbritannien, d‘Rechnung fir den Austrëtt an d‘Situatioun op der Iresch-Nordirescher Grenz. D‘Brite gesinn et anescht a verlaangen, dat déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht mam Austrëtt gläichzäiteg verhandelt musse ginn.

Keng Grenzposten tëscht Irland a Nordirland

De britesche Ministère dee sech ëm de Brexit këmmere muss, huet a senge Propose vun en Dënschdeg widderholl, net op Grenzposten tëscht Irland a Nordirland wëllen zréckzekommen. „Mir hu ganz kloer Prinzipien. Virrangeg fir eis ass et sech dorops ze verstännegen, keng Grenzinfrastrukturen anzeriichten. Dat wier eng Réckschrëtt an ass fir d‘Vereente Kinnekräich inakzeptabel“, heescht et am Communiqué.

Fir dat et geléngt, schléit déi britesch Regierung der EU zwou Léisunge vir: eng nei Zollunioun déi et géif erlabe guer kleng Grenz tëscht dem Vereente Kinnekräich an Irland ze hunn, oder en Zollofkommes, an deem notamment eng administrativ Vereinfachung virgesi wier, déi spezifesch op Nordirland ofgestëmmt géif.

Um Dënschdeg huet déi britesch Regierung dann och nach emol hire Wonsch, en Accord an Zollunioun fir eng Iwwergangszäit vun zwee Joer nom Brexit ze schléissen, widderholl. Eng Propose déi esou vu Bréissel net ugeholl gëtt, well et fir esou en Accord nach vill ze fréi wier.

Am Sträit iwwert d‘Reiefolleg vun de Froen déi behandelt musse ginn, huet d‘Regierung vun Irland awer déi britesch Propose begréisst. Allerdéngs besteet och Irland drop, datt „d‘Objektiv vun de nächste Sëtzunge muss d‘Behandele vun de Biergerrechter, d‘Klärung vun de Finanzen an déi spezifesch Froen zu Irland, sinn“.

mat AFP

Foto: (© Ben Stansall/AFP)

Ähnlech Sujeten Brexit, EU, Irland, Nordirland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel