Kann des Petitioun de Verkéierschaos léisen?
Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:
Op mannst e Stéck vum Puzzle soll dës Petitioun duerstellen:
Kommt an trëppelt mat eis nees eng Kéier duerch d’Land.
Bei engem „klénge“ Sommet haut zu Bréissel, wäerten d‘EU a
De Mëttwoch huet eisen Ausseminister, de Jean Asselborn déi Aussen- an Europapolitesch Kommissioun vum Parlament iwwert déi national Virbereedungsaarbecht fir den ëmmer méi wahrscheinlechen „No Deal“ a Saache Brexit informéiert. D’CSV begréisst d’Dialogbereetschaft vum Ausseminister a weist sech berouegt, wat d’Brexit-Virbereedungen am Interessi vun de Bierger, am Fall vun engem ongeuerdenten Austrëtt vu Groussbritannien aus der EU ugeet.
Wat déi gesetzlech Virbereedunge vun engem „No Deal“ betrëfft, weist d’CSV sech absolut besuergt vis a vis vun der Lëtzebuerger Wirtschafts-a Finanzwelt. Sou erkläert d’Deputéiert Viviane Reding no der Sitzung „Mir sinn absolut besuergt. Well am Géigesaz zu dem Interessi vum Bierger waart d’Regierung bei den Entreprisen op europäesch Begleetmoossnamen. Mir fuerderen dogéint eegen a moossgeschneidert national Brexit-Begleetgesetzer am Fall vum „No Deal“, wéi et se och an Däitschland, Frankräich an Holland gëtt. Just Ofwaarden an Téi drénke wier ee politesche Feeler.“
Donieft ënnersträicht den Deputéierte Laurent Mosar: „Schliisslech geet et bei den nationale Brexit-Virbereedungen ëm de vitalen Interessi vun eisem Land. Ech denken do net nëmmen, awer an éischter Linn dach un d’Zukunft vun eiser Finanzplaz, déi ënnert allen Ëmstänn ofgeséchert muss ginn.“
Och den Deputéierte Marc Spautz huet sech geäussert. Hie fuerdert sengersäits Sécherheete beim Problem vun de Sozialversécherungen: „D’Bierger hunn ee Recht op Garantien. Déi sozial Sécherheet vum Salarié muss och bei engem „No Deal“ garantéiert bleiwen. Dofir brauche mir och schnellstméiglech Rechtssécherheeten.“ Donieft muss dann och d’Fro vun de Betribsréit gekläert ginn.