Search

You may also like

Thanksgiving fir Afghanistan
Fail International Neiegkeeten

Thanksgiving fir Afghanistan

Op Thanksgiving huet den Donald Trump seng Zaldoten an den

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2
Fail International Neiegkeeten

Kenns du d‘Buergermeeschtere vun dëse Gemenge? – 2

[onionbuzz quiz-id=94][/onionbuzz] No de Wahle vum leschte Joer huet sech

Quiz: Wéi gutt kennt dir eis Gemengen?
Fail International Neiegkeeten

Quiz: Wéi gutt kennt dir eis Gemengen?

[onionbuzz quiz-id=13][/onionbuzz]

dislike

Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn

Brexit: Net déi beschten Aussiichten op déi zweet Ronn

Datt d‘Austrëttsverhandlunge fir de Brexit net einfach géife ginn, dat konnten ee sech op den zéng Fanger ofzielen. An esou ass een och dës Woch op e neits net wierklech viru komm. De Chef Ënnerhändler vun der EU, Michel Barnier, huet dann och um Freideg den Toun missen unhiewen.

Woubäi et dann awer, wann och kleng Fortschrëtter ze verzeechne gëtt. London huet esou ausgeschloss, datt déi Léisungen déi envisagéiert gi fir eng „haart“ Grenz tëscht Irland a Groussbritannien ze verhënneren, dozou sollte féieren „eng nei Grenz bannent dem Vereenegte Kinnekräich ze schafen“.

De britesche Brexit-Minister David Davis huet sech dann och no der Verhandlungsronn kloer ausgedréckt: „Mir erkennen de Besoin un enger spezifescher Léisung ugesicht den eenzegaartegen Ëmstänn a Verbindung mat Nordirland. (…) Mee dat dierf net zu enger neier Grenz innerhalb vu Groussbritannien, also tëscht der Provënz Nordirland a dem Rescht vum Kinnekräich“.

De Fouss an der Dier behalen

Vertraut een op den „Hannergrondgeräischer“, da wier d‘EU drun interesséiert Nordirland a senger Zollunioun ze behalen, och nom Brexit. Domatter géif eng Grenz tëscht der britescher Provënz an de Republik Irland ewech falen.

Iwwerhaapt ass déi iresch Grenz ee vun de prioritäre Sujeten, zu deem d‘EU a London eng kloer an ëmsetzbar Léisung musse fannen iert et an déi zweet Phas vun de Verhandlunge ka goen. Et ass dat och grondleeënd fir d‘Wirtschaftsbezéiungen tëscht der Unioun a Groussbritannien nom Austrëtt kënnen ze definéieren.

E weidere Sujet dee längst misst vum Dësch sinn, betrëfft d‘Rechter vun de sougenannten „expatriéierten“ Europäer a Briten. Hei ass ee sech wuel an de Gespréicher am grousse ganzen Eens, e kloren Text läit bis ewell dann nach net vir. Datt deem esou ass, läit dann och un der aktuell ugespaanter Situatioun innerhalb der May-Regierung.

D‘Messer op d‘Broscht gesat

Wat d‘Rechnung fir de Brexit betrëfft, esou huet de Michel Barnier e Freideg däitlech gemaach, datt Groussbritannien zwou Wochen Zäit huet eng Äntwert ze ginn. Geléngt et London net sech bis dohinner festgeluecht ze kréien, kann et keng zweet Verhandlungsronn am Dezember ginn.

„Jo“ huet de EU-Ënnerhändler geäntwert, op d‘Fro op hie sech eng Äntwert vu London zu der Rechnung fir d‘Scheedung géif erwaarden. Hei geet et ëmmerhin ëm e Betrag tëscht 60 an 100 Milliarden Euro, géint deen sech Groussbritannien mat Hänn a Féiss ze wiere versicht. Ouni awer hei eng Léisung um Dësch leien ze hunn, geet et net virun. An op mat oder ouni Léisung, am Mäerz 2019 ass een dann awer gescheet.

mat AFP

Foto: De Chef Ënnerhändler vun der EU, Michel Barnier huet un Freideg sengem briteschen Homolog d‘Messer op d‘Broscht gesat, an dem Kinnekräich 14 Deeg Zäit ginn sech eppes zu de Käschte vun der Scheedung afalen ze loossen. © Emmanuel Dunand/AFP

Related topics Brexit, David Davis, EU, Groussbritannien, Michel Barnier
Next post Previous post