Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un
International Neiegkeeten

Den neien nationale Fussball- a Rugbystadion hëlt Form un

Tëscht der Cloche d‘Or an de Kockelscheier geleeën, kann ee

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt

Um Kaffisdësch vum Stater Schäfferot, ass een um Mëttwoch nees

angry
Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!
International Neiegkeeten

Den Orban setzt ONGen ënner Drock. Den Ausseminister Jean Asselborn nennt en dofir en Diktator!

Radikal riets an en erkläerte Feind vun der Pressefräiheet, geet

Brexit: op der Insel brennt der Premierministesch hire Rack

Brexit: op der Insel brennt der Premierministesch hire Rack

Déi britesch Regierung huet um Mëttwoch op e neits zolidd d‘Lewitte gelies kritt. D‘Deputéiert waren no der Verëffentlechung vum Avis vum juristesche Conseiller, zum Brexit-Accord, deen tëscht Bréissel an der Premierministesch Theresa May beschloss gouf, schlicht ausgeflippt.

An dësem Dokument, vun deem d‘Deputéiert verlaangt haten, datt en „integral“ muss verëffentlecht ginn, ënnersträicht de General-Procureur, datt London kéint gezwonge sinn, sech ganz laangen a repetitive Verhandlungszyklen ze ënnerwerfen, fir et zu engem neien Accord ze bréngen, an deem déi spéider „Bezéiung“ tëscht Groussbritannien an der europäescher Unioun definéiert gëtt.

Hie warnt dann och, datt de reglementareschen Alignement vun der Provënz Nordirland op d‘EU, fir eng physesch Grenz op der irescher Insel ze verhënneren „éiweg unhale kann“, also wéinstens bis et zu engem „Accord“ kënnt. Waasser op d‘Mille vun de Fans vum „haarde Brexit“.

Dës Dispositioune, déi als „Sécherheetsnetz“ bezeechent ginn, sinn dat wat den euroskepteschen Deputéierten an der nordirescher DUP (konservativ-nationalistesch) nach gefeelt huet, fir alt nees hirer Fuerderung no engem „klore Schnëtt“ Gewiicht ze ginn. D‘DUP, de Koalitiounspartner, verwiert sech all spezifeschen Traitement fir Nordirland, firwat den Text inakzeptabel ass.

Elo hunn d‘Partisanen, wéi och d‘Géigner vum Brexit, duerchblécke gelooss, datt si sech dem Scheedungsaccord wäerte verwieren, deen hinnen den 11. Dezember zur Ofstëmmung soll virgeluecht ginn. Bis dohinner soll nach ganzer fënnef Deeg debattéiert ginn.

Absicht oder Dommheet?

Den nationalisteschen Deputéierten aus Schottland, Ian Blackford (video), beschëllegt d‘Theresa May, absichtlech d‘Parlamentarier op eng falsch Spuer geleet ze hunn, andeems si verhënnere wollt, datt dëse juristeschen Avis verëffentlecht gëtt. Deen ass jo och éischter fir d‘Géigner vu Wäert.

An och den Inneminister, Sajid Javid, huet es verbal laanscht d‘Bake kritt. Säi Verspriechen eng Zesummenaarbecht bei der „Sécherheet“ mat der EU, nom Brexit bäizebehalen ass vum Labour-Deputéierten, Chris Bryant, als eng „Wonschlëscht fir de Kleeschen“ verkläert ginn. Allerdéngs kann den Accord elo net méi nogebessert ginn, egal wéi laang am britesche Parlament soueren.

Dat huet net verhënnert, datt déi britesch Regierung en Dënschdeg e „Réckschlag“ huet missen astiechen. D‘Deputéiert waren der Meenung, datt de Refus, den Avis vum juristesche Conseiller ze verëffentlechen, eng „Beleidegung vum Parlament“ duerstellt. Den Avis ass du publizéiert ginn.

Während deem ass d‘Theresa May op der sich no enger Majoritéit fir den Accord ëmgesat ze kréien. En Accord fir deen et 17 Méint laang a schwiereg Verhandlunge gebraucht huet. Eigentlech gewosst, elo bestätegt, huet dat schottescht Parlament sech scho géint den Text entscheet. Mat 92 zu 29 Stëmmen, ass um Mëttwoch eng Motioun ugeholl ginn, déi engersäits den Accord, an anersäits de Brexit ouni Accord, ausschléisst. (Schottland war scho beim Referendum 2016 géint de Brexit)

An Tëschenzäit huet zu Bréissel de Ratifikatiounsprozess vum Text duerch d‘EU-Kommissioun ugefaangen. Dozou de Vizepresident vun der EU-Kommissioun, Valdis Dombrovskis: „Mir mussen natierlech d‘Resultat vun den Diskussiounen an der Ofstëmmung am britesche Parlament kennen“.

Loosst eis dach frou matenaner sinn

D‘Cheffin vun der britescher Regierung gëtt et sech net midd ze widderhuelen, datt dësen Accord „déi eenzeg Méiglechkeet ass de Brexit zu engem gudden Ofschloss ze bréngen“. D‘Theresa May huet allerdéngs erkläert och weiderhin op d‘Kollegen ze lauschteren an driwwer nozedenken.

Leider ass et esou, datt déi „Onzefridden“ sech federéieren, vun der Oppositioun bis an d‘Reie vun enger gespléckter Koalitioun, wat eigentlech e Beweis dofir ass, datt d‘Premierministesch d‘Heft aus der Hand verluer huet. Et stellt zudeem och d‘Parlament an e schlecht Liicht. De Labour-Boss, Jeremy Corbyn – deem de Wonsch no Muecht méi wichteg wéi den Accord ass – huet festgestallt, datt dat eenzegt wat dem Theresa May gelongen ass, eng Koalitioun géint sech opzestellen.

Fir de fréieren Ausseminister Boris Johnson, ass den Text eng „national Schmaach“, deen de Brexit ad absurdum kéiert. Net ze vergiessen, datt hie wéinst dem „Plang vu Chequers“ mat sengem Frënd David Davis, virzäiteg d‘Handduch geworf an sech aus der Verantwortung gezunn huet.

A wann se sech alleguerten esou an den Hoer leien, da brauch et „Hëllef vu ganz Uewen“. Gott huet et net einfach, besonnesch wann hie sech mat de Brite muss ofginn, an einfach de Stopp aus der Insel zéie geet och net. Da schéckt een den Äerzbëschof vu Canterbury un d‘Front, an et iwwerléisst een et dem Justin Welby (deen duerch déi sëlleche Skandaler an der englescher Kierch net kredibel ass) sech der „nationaler Reconciliatioun“ unzehuelen. Wier et net esou traureg, misst ee laachen…

mam Pauline Froissard/AFP

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, DUP, Jeremy Corbyn, Nordirland, Scheedungsaccord, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel