Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Place de Metz: Een Zeeche fir de Fridden
https://moien.lu/mary-kate--ashley-dating/ speed dating in detroit area

https://moien.lu/best-dating-apps-for-mature-adults/

Am Kader vum 50. Gebuertsdag vum Volontariat bei der Lëtzebuerger

who is nina dobrev dating history
https://moien.lu/mary-kate--ashley-dating/ speed dating in detroit area

Gesellschaftsspiller sinn erëm am Kommen – a schloen indirekt d’Bréck tëscht Analog an Digital

An de leschte Méint hunn ech a mengem Facebook an

Hollywoodlegend Peter Fonda am Alter vun 79 Joer gestuerwen
https://moien.lu/mary-kate--ashley-dating/ speed dating in detroit area

Hollywoodlegend Peter Fonda am Alter vun 79 Joer gestuerwen

Hie war de Wyatt am Film „Easy Rider“ an ee

Brexit: De risikofreedegen Optimismus vu Bréissel

Brexit: De risikofreedegen Optimismus vu Bréissel

De President vum Europarot, Donald Tusk, straalt Optimismus aus a verkënnt um Freideg, datt en éischten Accord zu de Scheedungskonditiounen tëscht der EU a Groussbritannien, „méiglech“ ass. Dat geet natierlech nëmme wann een dann och endlech mat de Brexit Verhandlunge viru kënnt.

A wéi kënnt een am einfachsten zu engem Accord? Ma et stellt een sengem Géinteniwwer en Ultimatum. Den Donald Tusk huet jiddefalls dem Theresa May zéng Deeg gi fir „säitens Groussbritannien och Fortschrëtter op alle Sujeten ze erkennen, Irland abegraff“. Dat heescht am Kloertext, datt London bis de 4. Dezember huet, sech am Sënn vun der EU ze entscheeden.

D‘Entrevue zu Bréissel, tëscht dem President vum Europarot an der britescher Premierministesch, war als Nieweschauplaz vum EU-Sommet erwaart ginn. Mat de Verhandlunge kann ee bis ewell alles anescht als zefridde sinn. Wat um Dësch läit, schéngt esouwuel vu britescher wéi europäescher Säit „indiskutabel“.

„Méiglech datt een genuch Fortschrëtter (op den dräi Haaptthemen) bei de Verhandlungen zum Brexit beim Europarot vum Dezember erreecht“, esou den Donald Tusk via Twitter, no der Entrevue, „mee et bleift eng enorm Erausfuerderung“.

„Den Tusk huet d‘Chronologie déi dem Sommet vum Dezember virausgeet, virgeluecht, dat mam 4. Dezember als Ultimo, fir datt Groussbritannien sech zousätzlech ustrengt“, esou eng anonym Quell aus dem direkten Ëmfeld vun de Gespréicher. Déi Quell bestätegt dann och, datt d‘Theresa May de Kalenner ugeholl huet.

En Accord als Kaddo vum Kleeschen

Nach virun enger Woch hat den Donald Tusk déi britesch Regierungscheffin bedrängt, d‘Kaarte bis Ufank Dezember op den Dësch ze leeën, wann een sech nach viru Chrëschtdag wëll op eng weider Verhandlungsronn verstännegen. Bei deene soll et jo ëm den Accord fir zukünfteg Handelsbezéiungen nom Brexit goen.

„Et gëtt nach ëmmer Problemer bei de verschiddene Sujeten déi mer verhandelen, an déi musse geléist ginn“, esou d‘Theresa May virum Ofschid vu Bréissel, ouni ze vergiessen z‘ënnersträichen „datt d‘Atmosphär bei de Gespréicher positiv an d‘Gefiller éierlech waren“.

Notéiere mer dann och nach, datt déi britesch Premierministesch weider bilateral Gespréicher hat. Dat mat Litauen, der Belsch an Dänemark. Och fir eng kuerz Entrevue mat der Kanzlerin Angela Merkel war nach Zäit bliwwen. Allerdéngs, och wann een net vu schlechter Stëmmung schwätze kann, verlaangen déi 27 vu London eng kloer Positioun. Ouni déi kann een déi éischt Phas vun de Verhandlungen net ofschléissen.

„D‘Verhandlunge maache Fortschrëtter“ verséchert de Jean-Claude Juncker, deen dann och bestätegt, datt et de 4. Dezember „an d‘Entscheedungsphas geet“.

Laut britesche Medien, hätt d‘Theresa May vu senger Regierung am Verlaf vun der Woch d‘Zouso erhalen, der EU eng ronn 40 Milliarden Euro unzebidden, fir d‘Konten ze soldéieren. Dat géif dat duebelt duerstellen, vun deem wat bis ewell an de Verhandlunge virgeluecht ginn ass. Ob Bréissel dat esou fir bor Mënz hëlt, ëmmerhin ass d‘Premierministesch „politesch ugezielt“, dierft ongewëss bleiwen.

Elo ass et richteg, datt sech d‘Brite vu verschiddene Positioune mussen trennen, dat een elo awer hei wëll e Fortschrëtt erkennen, ass net ersiichtlech. Ze bedenken ass schliisslech, datt ënner de beschtméigleche Viraussetzungen, déi europäesch Facture éischter iwwer 60 Milliarden Euro muss leien. D‘EU fuerdert och konsequent Fortschrëtter am Bezuch op d‘Rechter vun den Europäer déi a Groussbritannien liewen.

Den iresche Patient

Wann een sech dann elo emol zréckhält an den Optimismus vum Donald Tusk an d‘Zouversiicht vum Jean-Claude Juncker net wëll a Fro stellen, esou bleift engem awer keng Wiel sech d‘Situatioun vun Irland unzekucken. Hei ass ee wäit dovunner ewech eng Léisung parat ze hunn, déi een als Liewensfäeg kéint unerkennen.

Et brauch een also en Etappen-Accord fir datt sech déi „27“ zu enger Erweiderung vun de Verhandlungen entschléissen. D‘Entscheedung fält dann och beim EU-Sommet den 14. a 15. Dezember. Sollt et zu engem Refus kommen, da verschiibt sech alles bis Enn Februar oder Ufank Mäerz.

Dublin allerdéngs, fäert datt ee nees zu enger „fester“ Grenz kéint zréckkommen. Dat inklusiv Grenzposten an allem wat et mat sech bréngt. Esou eng Situatioun kéint schnell de Friddensaccord vun 1998 a Fro stellen, deen ëmmerhin engem 30 järege Konflikt en Enn gesat huet.

Fir de Simon Coveney, ireschen Ausseminister, mussen zwéngend Fortschrëtter gemaach ginn, déi eng „fest Grenz verhënneren“. Dat huet hien um Freideg dem EU-Ënnerhändler Michel Barnier nach emol mat „Nodrock“ bei enger Entrevue verständlech gemaach. Wat dozou London ze soen huet, dat misst een dann och de 4. Dezember gewuer ginn

mam Cedric Simon a Marine Laouchez/AFP

Foto: D‘Theresa May (r) am Gespréich mam Donald Tusk. © Frederic Sierakowski/Belga/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Donald Tusk, EU, Groussbritannien, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel