Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’ULC an d’Banken – Veruerteelung vum Diktat
International Neiegkeeten

D’ULC an d’Banken – Veruerteelung vum Diktat

Schonn nees maachen d’Banken an enger negativer Aart a Weis

Ozone Trampolinpark zu Féiz: Esou léisst ee sech op d’Spréng hëllefen!
International Neiegkeeten

Ozone Trampolinpark zu Féiz: Esou léisst ee sech op d’Spréng hëllefen!

Vergaangene Freideg huet zu Féiz den Trampolin- an Ninja Park

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas
International Neiegkeeten

Mexiko-USA: Grenzsécherung mat Tréinegas

Op der Grenz tëscht Mexiko an den USA, hat et

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus

Brexit: Bréissel geet vun enger Scheedung ouni Accord aus

E Méindeg hunn déi europäesch a britesch Dirigenten nach verkënnt, datt si dru gleewen, datt et nach zu engem Accord beim Brexit komme kann. Obwuel de leschte Verhandlungs-Zyklus ouni Fortschrëtter ofgeschloss ginn ass. Bréissel geet dann och vun enger Scheedung ouni Accord aus.

„Verantwortlech wéi mir et sinn, musse mir d‘EU op en Zeenario ouni Accord virbereeden. Eng Méiglechkeet déi ëmmer méi probabel gëtt“, huet den Donald Tusk, President vum EU-Rot, a seng Aluedung un d‘Membere vum Rot geschriwwen. Déi gesinn sech dëse Mëttwoch an Donneschdeg.

„Mir mussen awer optimistesch an determinéiert bleiwen, well et gëtt gudde Wëllen d‘Gespréicher op béide Säite weiderzeféieren“, betount den EU-Rotspresident. „Loosst eis net opginn!“, esou den Donald Tusk, gutt fënnef Méint virum Austrëtt vu Groussbritannien aus der Unioun.

Accord „or not“ Accord „that‘s the question“

Dem Donald Tusk seng Matdeelung steet am staarke Kontrast zur Ausso, déi vun der britescher Premierministesch Theresa May am Nomëtteg gemaach ginn ass. „Ech gleewe weider drun, datt e verhandelten Accord dat bescht fir Groussbritannien an d‘EU ass, an datt dee realisabel ass“, esou d‘Theresa May virum „House of Commons“ zu London. „Kee wëll eng Scheedung ouni Accord“.

Um Rand vun engem Treffe mat Industriellen zu Berlin, huet d‘Bundeskanzlerin Angela Merkel sech zouversiichtlech gewisen. Allerdéngs huet och si ënnerstrach, datt et noutwenneg ass, e Brexit ouni Ofkommes virzebereeden, de Fall gesat et géif vum Echec bei de Verhandlunge kommen.

„Bedauerlecherweis musse mir eis elo op ënnerschiddlech Zeenarie virbereeden (…) Mir kënnen elo net einfach de Kapp an de Sand stiechen an eis soen, dat sech alles wäert arrangéieren“, warnt d‘Bundeskanzlerin. Eng Positioun, déi esou ähnlech och vum franséische President gedeelt gëtt. Den Emmanuel Macron hält et och nach fir méiglech en Accord ze fannen, mee weist drop hin, datt Frankräich op all Eventualitéite virbereet ass.

„Groussbritannien an d‘EU hu keng aner Wiel wéi en Accord ze fannen“, betount sengersäits den éisträichesche Kanzler, Sebastian Kurz, deem säi Land aktuell d‘Presidence vun der Unioun huet. „Mir wäerten eis bescht méiglechst ustrenge vir en haarde Brexit ze verhënneren“.

E Referendum fir d‘Vereenegung

Déi kleng nordiresch Partei DUP, där hir zéng Deputéiert dem Theresa May d‘Majoritéit sécheren, an déi all sonner Statut fir déi britesch Provënz refuséiert, erschwéiert d‘Verhandlungen.

„Ech gesinn net, wei en Accord beim Vott am Parlament eng Majoritéit erhale kann“, esou de Spriecher vum DUP, Sammy Wilson, géintiwwer der Dageszeitung „Belfast Newsletter“. „Also ass et wahrscheinlech net ze verhënneren, datt et zu engem Zeenario ouni Accord komme wäert“.

„Wann et zum ‚Crash‘, also zum haarde Brexit, komme sollt, da gëtt et direkt eng Demande fir e Referendum zur Vereenegung vun Irland“, lancéiert d‘Mary Lou McDonald, d‘Cheffin vum Sinn Féin. „Et wär net akzeptabel, datt all d‘Problemer vum Brexit op déi iresch Insel weien, an datt déi britesch Regierung dovunner ausgeet, datt d‘Awunner dat ganzt mat Philosophie huelen“.

De Spriecher vun der EU-Kommissioun, Margaritis Schinas, huet sengersäits ënnerstrach, datt d‘EU sech wierklech beméit zu engem Accord ze kommen. „Mee eis Virbereedungsaarbechten am Bezuch op all Eventualitéite lafen an intensivéieren sech“ fir de Fall datt keen Accord zustane kënnt.

Wat‘s de haut net wëlls maachen…

Beim engem Aarbechtsiessen e Mëttwoch, direkt no enger Reunioun mam Theresa May, mussen déi „27“ iwwert de weidere Verlaf entscheeden. Hei ass dovunner auszegoen, datt et zu enger duebeler Ausso kënnt: d‘Verhandlunge gi weidergefouert, mee d‘EU muss sech op en Austrëtt ouni Accord astellen. Net well en Accord net méi méiglech wier, mee well d‘Auer weider schléit.

Den iresche Premierminister, Leo Varadkar, mengt, datt wann iwwerhaapt, et zu engem Accord fréistens am November, wahrscheinlech awer Dezember, komme kann. Et gëtt zudeem envisagéiert, Mëtt November en aussergewéinlechen EU-Sommet ofzehalen, mee dat ass nach net bestätegt.

„Mir stinn engem Kompromëss oppe géinteniwwer, mee et gëtt Fundamentales, bei deem et net zu engem Kompromëss komme kann“, esou de Leo Varadkar, deen déi britesch Regierung opfuerdert „alles an d‘Wee ze leeden, fir datt et net zu enger ‚haarder‘ Grenz op der Insel kënnt“, egal wéi een Zeenario fir de Brexit envisagéiert gëtt.

Bedauerlecherweis sinn d‘Briten net an der Lag, den Dispositif, mat deem d‘Erstellung vun enger physescher Grenz verhënnert soll ginn, unzehuelen. Wéinst dem „Junior-Partner“ ass dat blockéiert, an et gesäit net esou aus, wéi wann d‘Briten ënnert den aktuellen Ëmstänn, amstand wieren eng Entscheedung ze huelen.

mam Antoine Pollez an dem Christian Spillmann/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, DUP, Europarot, Sinn Féin, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel