Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Giel Gileten Akt XIV: Keng Middegkeet virtäuschen
harrisburg speed dating free dating site no payment at all

persona 5 consequences for dating everyone

Et war gëschter scho fir déi 14. Kéier, dat bei

https://moien.lu/totally-accurate-battlegrounds-matchmaking-long/
harrisburg speed dating free dating site no payment at all

Immigratioun zu Lëtzebuerg, erkläert

Beim Begrëff Eng-Millioun-Awunner-Staat kritt muencheree Panik: domatter wier d’Land voll,

Déi „28“ wëllen zu Sofia eng gemeinsam Front géint den Trump bilden
harrisburg speed dating free dating site no payment at all

Déi „28“ wëllen zu Sofia eng gemeinsam Front géint den Trump bilden

Haut den Owend treffen sech zu Sofia d‘Staatscheffe vun den

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen

Brexit: Wat wann et net sollt zu engem Accord kommen

Zu London hunn se sech Gedanken iwwert d‘Folge vun engem Brexit ouni Accord gemaach. Hir Pläng sinn am Ament awer méi Orientéierungshëllef, wéi datt se eng Léisung géifen duerstellen.

Nach gëtt matenaner geschwat, nach gëtt matenaner verhandelt. Mee d‘Gespréicher tëscht dem neie Brexit-Minister Dominic Raab an dem Vertrieder vun der EU-Kommissioun, Michel Barnier, zéien sech. Dat verhënnert net, datt sech den Dominic Raab gëschter zouversiichtlech gewisen huet, datt d‘Gespréicher zu engem Ofkommes féieren.

„Ech sinn nach ëmmer zouversiichtlech, datt et no de Verhandlungen zu engem gudde Brexit-Ofkommes kënnt. Wann d‘EU mat genau esouvill Éiergäiz a Pragmatismus un dës Gespréicher eru geet wéi mir dat maachen, da komme mir och ze engem Accord dee béide Säiten nëtzt“.

A wat wann net?

Et misst een sech awer och op d‘Eventualitéit virbereeden, datt sech d‘EU anescht verhält, an et net zu engem Accord kënnt. „Mir hunn d‘Flicht eis op esou en Zeenario anzestellen“, betount den Dominic Raab. A genee dat mécht d‘Regierung elo. Si schafft fir verschidde Branchen a Secteuren, un iwwer 80 sougenannten „technesche Richtlinnen“. 25 dovunner si gëschter virgestallt ginn.

Um Donneschdeg gouf et esou schonn Uweisunge fir de Gesondheetssystem. Esou solle britesch Spidäler eng Reserve u Medikamenter uleeën, déi op mindestens sechs Wochen ausgeluecht sinn. Domatter soll séchergestallt ginn, datt et nom Austrëtt am Mäerz, net zu Enkpäss kënnt.

An och d‘Rentner gi gewarnt. Déi wou beispillsweis hire Liewensowend am Ausland verbréngen, sollten sech schonn emol drop astellen, datt den Zougang zu hire britesche Konten, an esou zu hirer Rent, richteg Geld kaschte kéint. Entwarnung dogéint fir d‘Baueren. Deene versprécht d‘Regierung, datt dat Geld wat aktuell aus Bréissel kënnt, fir den Ufank aus der Staatskeess iwwerwise gëtt.

Briteschen Humor

Den Dominic Raab huet sech gëschter richteg seriéis beméit den Androck ze hannerloossen, datt „keen Ofkommes“ wuel net säin Zil ass, dat awer elo och kee „Beebroch“ fir Groussbritannien wier. Et wier deemno falsch unzehuelen, datt d‘Briten nom Brexit op hire Sandwich misste verzichten.

Fir d‘Oppositioun „e schlechte Witz“. Si schéngt iwwerzeegt dovunner, datt d‘Regierung grad am gaangen ass d‘Verhandlunge mat Bréissel ze sabotéieren. Aus der Siicht vun de Sozialisten (Labour) ass e scheitere vun de Verhandlunge virprogramméiert. De Brexit-Spriecher vu Labour, Keith Starmer: „Keen Accord heescht, datt mir eis op näischt eenege konnten!“.

„Keen Ofkommes bedeit: keng Sécherheet fir déi expatriéiert EU-Bierger a Groussbritannien, keng Kollaboratioun bei Sécherheetsfroen, dofir Handelsbarrièren… Datt d‘Regierung 8 Woche virum EU-Sommet Moossname fir e Brexit ouni Accord annoncéiert, sollt eis ze denke ginn“.

Nach e Referendum?

D‘Demokraten (LibDem), déi traditionell europafrëndlech opgestallt sinn, gesinn an de Problemer déi et bei de Brexit-Verhandlunge gëtt, gutt Chancen en zweete Referendum duerchgesat ze kréien.

De Chef vun de LibDem, Vince Cable: „mir sinn esou lues um Punkt ukomm, wou et am Parlament fir keng vun den Alternativen eng Majoritéit gëtt. Weder fir „keen Ofkommes“ nach fir e Schlecht Ofkommes. Et wier dann dat Bescht, d‘Bierger nach eng Kéioer iwwert de Brexit ofstëmmen ze loossen“. Esouwäit ass dann nach net, an och eng Majoritéit gëtt et dofir am Parlament net.

An de Vince Cable vergësst dobäi ganz, datt „Referendum hin oder hir“ Bréissel dës Optioun net virgesinn huet. D‘Prozedur fir den Austrëtt ass lancéiert, an et dierft zimlech irrelevant sinn, de Fall gesat d‘Brite géifen sech „besënnen“, wat beim Referendum erauskënnt. Si wollte goen, an elo mussen si och goen…

mat AFP

Foto: De britesche Brexit-Minister Dominic Raab huet gëschter zu London 25 Richtlinne vun engem Plang – deen der um Enn iwwer 80 soll hunn – virgestallt, mat deene Groussbritannien am Fall vun engem Austrëtt ouni Accord, vun eventuelle Konsequenze verschount soll bleiwen. © Peter Nichols/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Dominic Raab, Referendum, Vince Cable
Nächsten Artikel Virrechten Artikel