Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi nei Ausgab vum „de Konsument“ ass erschéngen!
International Neiegkeeten

Déi nei Ausgab vum „de Konsument“ ass erschéngen!

D‘Nummer 5 vum „de Konsument“ ass eraus an d‘ULC huet

What the Fakt – Wéi vill Bevëlkerung ass ze vill?
International Neiegkeeten

What the Fakt – Wéi vill Bevëlkerung ass ze vill?

Um haitegen 11. Juli dréit sech alles ëm d’Weltbevëlkerung. Nodeems

NASA: mat „New Horizons“ bis un d‘Enn vun der Galaxie
International Neiegkeeten

NASA: mat „New Horizons“ bis un d‘Enn vun der Galaxie

Et ass verréckt a kaum ze gleewen, mee d‘NASA-Sond New

Brexit: Ouni Handelsaccord wëllen d‘Briten d‘Scheedung net bezuelen

Brexit: Ouni Handelsaccord wëllen d‘Briten d‘Scheedung net bezuelen

Wann een et net mat vernënftege Virschléi hikritt, da versicht een et mat Erpressung. Dat zumindest dierf een aus dem Interview (am Sunday Telegraph) vum neie Brexit-Minister Dominic Raab esou zréckbehalen. Deen ass der Meenung, datt een d‘Rechnung vun der EU nëmmen da ka bezuelen, wann et zu engem Handelsaccord kënnt.

Den Euroskeptiker, deen dem David Davis säi Mandat iwwerholl huet, nodeems dësen d‘Handduch, zesumme mam Ausseminister Boris Johnson, gehäit hat, affirméiert, datt gewësse Konditiounen tëscht „béide“ Säiten noutwenneg sinn.

Hie beméit dann och den Traité vu Lissabon: „Den Artikel 50 exigéiert (…) datt et en Kader-Accord fir déi zukünfteg Relatioun déi mir mat de EU hunn, muss ginn. Also hänkt béides zesummen. Dir kënnt net déi eng Säit eng Partei hunn déi all d‘Konditiounen erfëllt, an déi aner Säit eng Partei déi, déi se net erfëllt, den Dossier verschleeft oder sech net engagéiert“.

Wësse vu wat ee schwätzt

Elo wier et net verkéiert, dem neie Brexit-Minister ze erklären, datt et bis ewell, seng Regierung ass, déi kontradiktoresch Message geliwwert huet, wann et ëm déi finanziell Klärung vum Brexit, am Kader vun engem Accord zu de Modalitéite vum EU-Austrëtt, gaangen ass.

An et war dann och déi britesch Premierministesch Theresa May, déi am Dezember enger Zomm vu 39 bis 44 Milliarden Euro zougestëmmt huet. Laut de Ministere soll dat awer vun der zukünfteger wirtschaftlecher Zesummenaarbecht ofhänken. Et ass richteg, datt dësen Accord séier a Fro gestallt ginn ass, et awer net zu enger valabeler Géigepropose komm ass.

De Finanzminister, Philip Hammond, deen sech och éischter en „douce Brexit“ wënscht, hat et als onvirstellbar betruecht, datt London seng Engagementer net honoréiert. Och de Fall gesat et kéim net zu engem Handelsaccord, wier dat kee „kredibelen Zeenario“.

Sech scheede loossen ouni sech ze trennen

Groussbritannien verléisst, esouvill ass sécher, d‘Unioun Enn Mäerz 2019. Eigentlech sollte bis Enn Oktober béid Parteien zu engem Scheedungsaccord fannen. Bis dohinner sollt och d‘Fundament vun der zukünfteger Bezéiung gegoss sinn, wat dem EU-Parlament an de nationale Parlamenter déi Zäit géif ginn, déi noutwenneg ass, fir den Text ze ratifizéieren.

Den Dominic Raab an den EU-Kommissär fir de Brexit, Michel Barnier, hunn sech déi lescht Woch eng éischte Kéier gesinn, an eng weider Entrevue soll et schonn dësen Donneschdeg ginn. „Wann d‘Energie déi mir an d‘Verhandlunge stiechen op Géigesäitegkeet berout, komme mir zu engem Accord am Oktober“, huet de britesche Brexit-Minister der BBC erzielt.

Hien huet och betount, datt et vollkommen irrational wier, wann d‘EU dee schlëmmst méiglechen Zeenario géif zouloossen, also eng Scheedung ouni Handelsaccord. London, wéi och Bréissel, behaapten sech op dësen Accord, mee bereeden sech och drop vir, datt d‘Verhandlunge scheitere kënnen. Vu datt dem Theresa May seng Strategie stänneg a Fro gestallt gëtt, verständlech.

mat AFP

Foto: De neie Brexit-Minister Dominic Raab hat sech de 19. Juli mam EU-Kommissär Michel Barnier fir en éischt Gespréich getraff. Hien ass elo dovunner iwwerzeegt, datt mat der Menace, d‘Rechnung fir d‘Scheedung net ze bezuelen, falls keen Handelsaccord virläit, d‘Briten sech e Virdeel bei de Verhandlungen erschafft hunn. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, Dominic Raab, EU, Michel Barnier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel