Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Belsch Schüler engagéiere sech konsequent fir de Klima
International Neiegkeeten

https://moien.lu/how-to-tell-if-youre-dating-a-drug-dealer/

Si ware uechtert Belsch verdeelt zu hirer 30.000, dovunner eleng

free dating websites in germany
International Neiegkeeten

What the Fakt – D’Weltausstellung vun 1958 mam Atomium!

Vum 17. Abrëll bis den 19. Oktober 1958 ass an

surprise
Du hues en Twitter-Account? Da muss de däi Passwuert elo änneren!
International Neiegkeeten

Du hues en Twitter-Account? Da muss de däi Passwuert elo änneren!

Vum Sozialnetzwierk Twitter ass en Donneschdeg matgedeelt ginn, datt si

Brexit: eng verhandelt Scheedung no 40 Joer Bestietnes ouni léift

Brexit: eng verhandelt Scheedung no 40 Joer Bestietnes ouni léift

No laangen a schmäerzvolle Verhandlungen, hunn d‘EU a Groussbritannien e Sonndeg den Accord zur Scheedung aktéiert. Domatter gi 40 Joer Bestietnes op en Enn. E Bestietnes vun der „Vernonft“, wou d‘Wirtschaftsfroen ëmmer iwwer de politesche Projet gestallt goufen.

„Säit 1973, ass et eng ‚utilitaristesch‘ Bezéiung, an där de Schwéierpunkt op der wirtschaftlecher Dimensioun geleeën huet“, hat d‘Pauline Schnapper, Professorin fir Zäitgenëssesch britesch Zivilisatioun op der Sorbonne, kuerz virum Referendum zum Brexit, ënnerstrach.

Et muss een dann och drun erënneren, datt Groussbritannien sech am Ufank net um europäesche Projet, deen nom zweete Weltkrich am Geescht vun der Reconciliatioun entstanen ass, bedeelege wollt. „Mir hunn eis net genuch verwonndbar gefillt fir dorunner Deel ze huelen“, resuméiert den Anand Menon, Professer fir europäesch Politik um Londoner King‘s College.

D‘Land huet zudeem méi Wäert op seng „besonnesch Relatioun“ mat den USA an dat wat vu senge Kolonien iwwreg bliwwen ass, konzentréiert. London hat de Projet mat engem gudden A betruecht an ënnerstëtzt. Dat léisst sech och duerch d‘Ried (1946) vum deemolege britesche Premier Winston Churchill beleeën, den zur Schafung vun de „Vereenten Natioune vun Europa“ opgeruff hat.

Ufank de 60er Joren änneren sech d‘Viraussetzungen. De britesche Wirtschaftswuesstem kënnt net no, géintiwwer Frankräich an Däitschland. London muss eppes ënnerhuelen a versicht op den Zuch opzesprangen. Et sollt e laangen a beschwéierleche Wee ginn…

„Gitt mir mäi Geld zréck“

„Déi britesch Dirigente sinn sech bewosst ginn, datt si net Abseits vun deem stoe konnten, wat sech als eng wichteg Organisatioun op wirtschaftlechem, politeschem a sécherheetsrelevantem Niveau fir Westeuropa entwéckelt huet“, betount den Tim Oliver, vum Institut fir diplomatesch Studien, op der Universitéit Loughborough. „Groussbritannien huet missen eraklamme fir se façonnéieren“

Mee den Uschloss sollt keng einfach Affär ginn. Eng éischt Kandidatur 1961 stéisst op de Veto vum franséische President Charles de Gaulle, deen an de Briten dat „trojanescht Päerd“ vun den USA wëll erkannt hunn, an um „europäesche Geescht“ vu Groussbritannien zweiwelt.

1967 op e neits de Veto vum franséische President. Groussbritannien muss bis 1973 waarden, fir endlech an déi europäesch Wirtschaftsunioun (EWG) anzetrieden. Mee dësen Datum fält zesumme mat der éischter Pëtrolskris, an den erhoffte Wirtschaftsopschwong fënnt net statt. Wéi d‘Briten 1975 eng éischte Kéier e Referendum zum Verbleif an der EWG ofhalen, si 67% derfir.

E Resultat dat allerdéngs de Briten hir Zweiwel net ausraume konnt. Dat muss een de politesche Verantwortlechen, egal op Torry oder Labour, zouschreiwen, déi sech zu kengem Ament beméit hunn, d‘Virdeeler vun engem Uschloss ze verdeedegen.

Bis zur éischter Kris ass et dann och net méi wäit. 1979 verweigert sech London der Bedeelegung um europäesche Währungssystem. Si beruffen sech dobäi op hir Souveränitéit.

Groussbritannien opposéiert sech zudeem der politescher Integratioun, a muss sech de Virworf gefale loossen „ee Fouss dran, an ee Fouss dobaussen ze hunn“. 1985 refuséiert London un den Accorde vu Schengen, an 1993 um Euro deelzehuelen. Eng Politik déi vum Margaret Thatcher bei enger Ried, 1988 zu Bruges, theoretiséiert gouf. Si verwerft d‘Iddi vun engem europäesche „Super-Staat“ dee seng Muecht vu Bréissel aus ausüübt.

Nees d‘Kontroll iwwerhuelen

„D‘Mësstraue géintiwwer Bréissel erlieft Mëtt der 90er Joren, mat der Grënnung vun der UKip, en neien Héichpunkt. D‘UKip setzt sech massiv fir en Austrëtt aus der Unioun an. Säi politesche Succès, féiert dozou, datt déi konservativ Partei, där hir Memberen zur Majoritéit euroskeptesch sinn, den Toun ze verschäerfen.

Mat der Kris vun der Eurozon an der Immigratioun op héijem Niveau aus der EU – déi vill zum Wirtschaftsopschwong vu Groussbritannien bäigedroen hunn – radikaliséiert sech den Discours. Dorops hin gesäit sech de Premierminister, David Cameron, genéidegt de Referendum vum 23. Juni 2016 ze organiséieren. D‘Resultat ass bekannt, an Enn Mäerz 2019, sinn d‘Briten dobaussen.

Fir d‘Partisane vum Brexit, kann elo Groussbritannien „nees d‘Kontroll iwwert seng Grenzen, Gesetzer a Finanzen“ iwwerhuelen. Eng Ambitioun déi sech séier sollt der batterer Realitéit stellen, déi iwwer Joerzéngten opgebauten Zesummenaarbecht, an der Inkapassitéit vun de Briten sech eens ze ginn, wéi eng zukünfteg Bezéiung mat der EU soll ausgesinn.

„Déi britesch Strategie war vun Ufank u schlecht (…) well Groussbritannien keng kloer Ziler hat“, resuméiert den Tim Oliver, deen ënnersträicht, datt „d‘Marge fir ze manövréiere limitéiert ass“, wa wieder mat de 27 soll Handel gedriwwe ginn.

Wann dann elo den offizielle Scheedungsdag op den 29. Mäerz 2019 festgeluecht ginn ass, esou bleiwen d‘Briten nach während eng Transitiounsphas vun 21 Méint, der EU ugegliddert. Zäit déi soll genotzt ginn, déi spéider Bezéiung ze verhandelen. Während dëser Zäit musse sich den EU-Regelen ënnerwerfen, ouni en Afloss drop ze hunn.

„Si waren eigentlech an enger privilegiéierter Situatioun. Si waren an der EU an hate bei ganz ville Saachen Derogatiounen, vun deenen si gutt profitéiert hunn“, stellt d‘Generaldirektesch vun der Stëftung Robert Schuman, Pascale Joannin, fest. „Haut sinn se ausserhalb dem institutionellen Europa, ouni Matsproocherecht awer der Verflichtung d‘EU-Regelen unzewennen“.

mam Ouerdya Ait Abdelmalek/AFP

Foto: Déi britesch Premierministesch, Theresa May, verléisst no enger kuerzer Pressekonferenz Bréissel. E symbolesche „Schratt“ deen den Accord vun de 27 fir de Brexit, deen op dësem Sonndeg beim aussergewéinlechen EU-Sommet, beschloss ginn ass. D‘Scheedung ass domatter nach net vollzunn. D‘Brite bleiwe während enger 21 Méint laanger Transitiounsphas un d‘EU gebonnen. Zäit déi genotzt soll ginn, fir déi zukünfteg Bezéiung ze verhandelen. © Emmanuel Dunand/AFP

Ähnlech Sujeten Bréissel Scheedung, Brexit, EU, London
Nächsten Artikel Virrechten Artikel