Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Viru 40 Joer: déi iranesch Revolutioun
International https://moien.lu/dating-app-litauen/

indian dating culture in america

An de Kannerae vum Mohammad Hassan Sharifizadeh huet d’Revolutioun, déi

dating a cold hearted person
International https://moien.lu/dating-app-litauen/

Wat gëtt et Neies op Netflix am Dezember?

Am kalen Dezember kann een sech waarm Gedanke maachen, fir

Parlamentswahlen an Israel: nationalkonservativ oder sozialliberal?
International https://moien.lu/dating-app-litauen/

Parlamentswahlen an Israel: nationalkonservativ oder sozialliberal?

Wann den nationalkonservative Premier vun Israel am Wahlkampf ass, kann

De Brexit hëlt eng grouss Hürd

De Brexit hëlt eng grouss Hürd

De „Brexit“ huet eng éischt grouss legislativ Etapp am britesche Parlament gepackt. An der Nuecht vum Méindeg op en Dënschdeg ass de Gesetzprojet ugeholl ginn, mat deem sech dem EU-Recht entleedegt gëtt.

Och e laangen Debat am „House of Commons“ konnt de Gesetzprojet net stoppen. Vun den Deputéierte mat 326 géint 290 Stëmmen ugeholl, ass ee wichtege Schratt gemaach ginn, endlech aus de EU auszetrieden. Den Text muss wuel nach am Detail beschwat ginn an et sinn Amendementer méiglech. Ze beuechten ass, datt dësen Text der Exekutiver vill Muecht gëtt.

„D‘Parlament huet eng historesch Entscheedung getraff an ënnerstëtzt de Wëlle vum britesche Vollek. Gestëmmt ginn ass e Gesetz dat Kloerheet a Gewëssheet bréngt, virum eisem Austrëtt aus der Unioun“, esou déi glécklech Premierministesch Theresa May.

Nach genuch ze dinn

Mam Gesetz soll den „European Communities Act“ vun 1972 opgehuewe ginn. Deen hat den Antrëtt vu Groussbritannien an d‘EU besigelt an d‘EU-Recht iwwert dat britescht Recht gestallt. De Gesetzprojet muss sech dann och mat enge ronn 12.000 Rechtsvirschrëften befaassen, déi aktuell och a Groussbritannien nach gülteg sinn.

Konkret betruecht, soll et Groussbritannien mam Gesetz méiglech sinn, normal ze fonctionnéiere wann d‘Nuebelschnouer mat der EU endgülteg getrennt gëtt. Dat sollt Enn Mäerz 2019 de Fall sinn egal wéi d‘Verhandlungen zu Bréissel ausginn.

D‘Gesetz dem Parlament virzeleeën ass deemno eng vun de groussen Etappen, déi fir den Austrëtt néideg sinn. Dat nom historesche Referendum vum Juni 2016 an der Aktivéierung Enn Mäerz, vum Artikel 50 aus dem Vertrag vu Lissabon, deen déi offiziell Prozedur fir den Austrëtt ageleet huet.

Chaos wier net ubruecht

Nach e Sonndeg hat de „Brexit-Minister“ David Davis virun engem Refus gewarnt. Dat Gesetz net ze stëmmen hätt eenzeg zur Folleg „e chaoteschen Austrëtt“. An de Davis huet ënnerstrach: „Entreprisen a Privatleit mussen d‘Sécherheet hunn, datt et keng iwwerraschend Gesetzesännerunge gëtt.“

Oppositioun huet et dann awer ginn. Dat vun „Labour“ der gréisster Oppositiounsfraktioun am Parlament, mee och vun der proeuropäescher schottesch-nationalistescher Partei (SNP) an der liberal-demokratescher Partei. Déi „kleng“ Majoritéit vun der Premierministesch, déi se sech an der Koalitioun mat der ultra-konservativer DUP aus Nord-Irland geséchert huet, ass dann awer duergaangen.

Allerdéngs hat et och an den eegene Reien zolidd ramouert. Dat manner wëll déi verschidden Deputéiert den Brexit och net gutt fannen, mee dann éischter wéinst der Method déi hei virgesinn ass. D‘Regierung verlaangt en aussergewéinleche Pouvoir, deen et méiglech maache soll quasi ouni d‘Parlament Ännerungen anzeféieren. Déi ginn als „d‘Muecht vum Henri VIII“ gesinn a kann een mat den Ordonnancen am Frankräich vergläichen.

Esou net an awer

Ondenkbar vir de lenke Fligel vun der Oppositioun, well eng grouss Majoritéit vun den Deputéierte bei „Labour“ der Regierung esouvill Muecht net wëllen zougestoen. Trotz allem hunn sech och Membere vun der Oppositioun der Regierung bei der Ofstëmmung ugeschloss.

„Wann ech den Owend dogéint stëmmen, ass dat net wëll ech géint de Brexit stëmmen. Ech stëmmen éischter géint e schlecht geréierte Brexit, deen eisen demokrateschen Traditioune géif widderspriechen“, esou d‘Angela Smith (Deputéiert Labour). Entgéint dem Wëlle vun der Regierung, wëll seng Partei Groussbritannien am EU-Bannemaart halen, wéinstens fir eng Iwwergangszäit an der post-Brexit Period.

Och d‘Gewerkschaften hunn hir Problemer mat Gesetzprojet. „Et ass erschrecken ze gesinn, datt eng Regierung déi versprach huet d‘Rechter vun den Aarbechter ze schützen, e Gesetz virleet dat d‘Rechter vun den Aarbechter a Fro stellt“, esou Generalsekretärin vun der TUC, Frances O‘Grady.

De Brexit ass dann och net jidderengem geheier a spléckt d‘Gesellschaft. Nach um Sonndeg haten sech e puer dausend Leit zu London afonnt fir vun der Regierung ze fuerderen, op den Austrëtt ze verzichten.

mam Edouard Guihaire an dem Martine Pauwels/AFP

Foto: Proeuropäesch Briten hunn um 11. September virum Parlament zu London géint den Austrëtt aus der EU protestéiert. (© Tolga Akmen/AFP)

Ähnlech Sujeten Brexit, David Davis, Groussbritannien, Labour, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel