Search

You may also like

What the Fakt – Schnéiballschluechte verbueden!
International Money Neiegkeeten

What the Fakt – Schnéiballschluechte verbueden!

Mir schreiwen den 31. Dezember 1472: d’Enn vun enger wanterlecher

Firwat den 12 Stonnen-Aarbechtsdag retabléieren?
International Money Neiegkeeten

Firwat den 12 Stonnen-Aarbechtsdag retabléieren?

Zanter dem 27. Mäerz, konnten all déi Entreprisen dären hire

Wéi gutt kenns du eis Bierger an Hiwwelen?
International Money Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du eis Bierger an Hiwwelen?

[onionbuzz quiz-id=42][/onionbuzz] Lëtzebuerg ass elo sécherlech net fir séng Bierger

money

Brexit: Si wollten en, si hunn en an elo gëtt et Interessant…

Groussbritannien hat an engem Referendum entscheet nees eleng ganz Grouss ze sinn, geet dat?

Brexit: Si wollten en, si hunn en an elo gëtt et Interessant…

Dem Boris „King of the World“ Johnson säi Slogan am Wahlkampf vum leschten Dezember „Get Brexit Done“ ass Realitéit an hien huet – zumindest seng – déi am Referendum vun 2016 gesaten Ziler zum Wuel vum Empire erreecht. D‘Europaparlament huet dann och den Accord ratifizéiert.

Géintiwwer sengen Unhänger an allen déi d‘Unioun verloosse wëllen, huet de brittesche Premier Wuert gehalen. Um Mëtternuecht ass d‘Scheedung perfekt an d‘Unioun ass zumindest de politesche Brandstëfter lass. Woubäi esouguer déi Britten, wou fir de Brexit gestëmmt hunn, iergendwéi net esou richteg a festlech Stëmmung geroden. Dobäi leeft dach alles endlech esou wéi si et wollten.

Ma esou ganz ass de Brexit nach net erleedegt an och wann de brittesche Premierminister d‘Wuert selwer gären aus der ëffentlecher Diskussioun eraushale wëll, bis zum 31. Dezember ännert sech weder fir d‘Britten dat Grondsätzlecht. Groussbritannien bleift nämlech am EU-Bannemaart an och an der Zollunioun… dat mam kléngen Ënnerscheet, datt si kee Matsproocherecht méi hunn.

BrexitAb e Samschdeg fänkt d‘Iwwergangsperiod un, während där London a Bréissel hir „nei“ Bezéiung aushandelen a vereenbare mussen. Ee Mammutprojet, dee vun der Fëscherei iwwer Landwirtschaft bis zu den Douanestaxen alles ëmfaasst. An dat ass nëmmen de wirtschaftleche Volet. Och an de Beräicher: Wëssenschaft, Aussen- a Verdeedegungspolitik, soll jo weider zesummegeschafft ginn.

Wann ee weess wéi laang d‘Sitcom „Brexit“ gedauert huet a wéi vill Acteuren dobäi verschlass goufen, brauch et scho masseg Optimismus, fir dovunner auszegoen, datt d‘Unioun mat de Britten alles bannent 11 Méint iwwert d‘Bühn brénge kann. An och hei kéint de Boris Johnson nees Recht behalen, wéi hie sot: „On January 31st, a bright, exiting future begins“. Ma dann awer lass…

Onroueg Zäite fir eng beweegte Wirtschaft

A während de „Chef“ zouversiichtlech ass, gesinn déi brittesch Entrepreneure just ee weidert Joer vu Stëllstand a Planungsonsécherheet. Dat huet och eppes mam Donald Trump sengem Statement vum Weltwirtschaftsforum zu Davos ze dinn, wou de Milliardär gemengt huet: „Mir freeën eis mat him (Boris Johnson) ee fantastesche Fräihandelsofkommes ze beschléissen“.

Elo sollt een awer wëssen, datt simultan Verhandlungen nach eppes weider komplex sinn, wéi déi scho komplizéiert bilateral Verhandlungen. E Fait deem och dem Boris Johnson net entgaangen ass firwat hien nees vun engem „elaborate Rubik‘s cube of calculation“ schwätzt. Eng zimlech léif Ëmschreiwung fir e programméierte Chaos. A ganz ouni Risiko fir de Portmonni ass dat och net.

An dësem Kontext kënne mir eise Lieser dann elo och net dem fréieren EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker seng „Interventioun“ beim Sandra Maischberger (Video) vum 29. Januar virenthalen. Seng Siicht „op dat grousst Ganzt“ ass wéi gewinnt inzisiv an zimmlech treffend. Dofir muss een net emol mam politesche Pensionär averstane sinn. Fir ze laachen ass et awer och net…

Foto: De britesche Premierminister Boris Johnson huet op all Froen eng Äntwert. © Office of the Prime Minister

Related topics Boris Johnson, Brexit, EU-Bannemaart, Fräihandelsofkommes, Jean-Claude Juncker, Transitiounsperiod
Next post Previous post