Joerzéngtelaang säi Gesondheetssystem vernoléissegt
Wéinst Mësswirtschaft a politesche Feelentscheedunge steet de staatleche Gesondheetssystem (NHS)
Wéinst Mësswirtschaft a politesche Feelentscheedunge steet de staatleche Gesondheetssystem (NHS)
Een originellen a garantéiert eenzegaartege Gebuertsdagskaddo! Dierf een a Bicher
De spuenesche Regierungschef, huet gëschter gewarnt, beim aussergewéinlechen EU-Sommet, wou den Accord-Projet fir de Brexit, vun de 27 sollt eestëmmeg ugeholl ginn, vu sengem Vetorecht gebrauch ze maachen, falls d‘Kausa Gibraltar bis dohinner net zu senger Zefriddenheet gekläert ass.
„Wann dat bis e Sonndeg net gekläert ass, muss Spuenien géint den Accord-Projet stëmmen, a vu sengem Vetorecht gebrauch maachen. D‘Kausa Gibraltar ass eng Fro déi d‘Essenz vun eisem Land affektéiert“, esou de Sozialist Pedro Sanchez bei enger gemeinsamer Pressekonferenz mat sengem portugiseschen Homolog Antonio Costa, no hirem Sommet zu Valladolid.
„Den Accord fir d‘Scheedung ass net akzeptabel, grad ewéi seng politesch Deklaratioun, zur zukünfteger Relatioun tëscht der EU a Groussbritannien“, insistéiert de Pedro Sanchez, laut deem Bréissel a London sech misste bewosst sinn, datt Gibraltar en essentielle Punkt duerstellt. „Mir verdeedegen d‘Interesse vun der spuenescher Natioun, a zéien dat bis op de Wupp duerch“.
Spuenien reprochéiert dem Accord-Projet zum Brexit, dee virun enger Woch verëffentlecht ginn ass, datt an dësem Text net schwaarz op wäiss geschriwwe steet, datt si e Vetorecht bei allen zukünftege Verhandlungen déi Gibraltar betreffen erhalen. Déi britesch Enklav am Süde vu Spuenien, gëtt vu Madrid zeréckgefuerdert, mee London wëll dëse strategeschen Territoire net oftrieden.
Madrid, wou d‘Regierung behaapt vum Accord-Projet eréischt um Dag vu senger Verëffentlechung héieren ze hunn, verlaangt d‘Modifikatioun vum Text duerch den EU-Negociateur, Michel Barnier, oder eng aner Léisung fir all „Mëssverständnesser“ auszeschléissen. An dat war gewosst…
Nach iert d‘Verhandlungen zum Brexit am Juni 2017 ugefaangen haten, haten sech déi 27 drop gëeenegt, datt „keen Accord tëscht der EU a Groussbritannien sech op den Territoire vu Gibraltar uwenne léisst, ouni datt Spuenien deem gréng Luucht ginn hätt“. Dat schéngt, ugesiichts der Roserei vum Pedro Sanchez, elo awer net de Fall ze sinn. An dat esou kuerz virum EU-Sommet.
Schonn e Méindeg hat de spueneschen Ausseminister, Josep Borrell, dës Warnung ausgeschwat, an de Pedro Sanchez hat se um Dënschdeg widderholl. Dat nëmmen e puer Deeg virum EU-Sommet zu Bréissel, wou d‘Scheedung tëscht der EU a Groussbritannien soll „vollzu“ ginn. De Fait ass ëm esou méi iwwerraschend, wou dach Spuenien als ee gudde Schüler vun der EU betruecht gëtt.
Onofhängeg vum globalen Accord zum Brexit, hu Madrid a London 4 Accord-Protokoller an ee Besteierungsofkommes ugeholl, déi d‘transitoresch Relatioun tëscht Spuenien a Gibraltar, nom Austrëtt, festleet. Esou d‘Autoritéiten zu Gibraltar an der spuenescher Regierung. Et geet dobäi ëm „Schmuggel“, Police-Zesummenaarbecht, d‘Recht vun de Frontalieren an d‘Ëmwelt.