Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kulturfabrik: Den Eschonaut ass bei de klengen Erfuerscher gelant!
persuasive essay about dating Neiegkeeten

https://moien.lu/what-is-the-most-expensive-online-dating-website/

Schonn am Joer 2014 huet de Centre Culturel Kulturfabrik den

mass flow meter hook up drawing
persuasive essay about dating Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dag vun der Aarbecht, mee wisou schaffe mir net?

Den 1. Mee ass ee Feierdag, vir genau ze sinn

Fräi Tribün: Schluss mat der Amëschung an der Aggressioun géint Venezuela
persuasive essay about dating Neiegkeeten

Fräi Tribün: Schluss mat der Amëschung an der Aggressioun géint Venezuela

„Mir veruerteelen d‘Eskalatioun vun der Amëschung an dem Versuch vun

Brexit: Theresa May kritt dat mat der Scheedung net an de Grëff

Brexit: Theresa May kritt dat mat der Scheedung net an de Grëff

Et sinn ewell keng ganzer dräi Méint méi, bis sech dat britescht Kinnekräich vun der europäescher Unioun endgülteg trennt, an zu London kritt d‘Premierministesch Theresa May, net emol déi eege Leit an de Grëff. Am House of Commons krut d‘Regierungscheffin Konditioune mat op de Wee…

Brexit

Sechs Deeg iert et zur Ofstëmmung iwwert de Brexit kënnt, hunn d‘Parlamentarier aus dem House of Commons, mat 308 zu 297 Stëmmen eng Resolutioun ugeholl, déi d‘Regierung zwéngt, bannen dräi Deeg e „Plang B“ virzeleeë muss, sollt den Accord mat der EU zum Brexit, net gestëmmt ginn.

Domatter gëtt den Drock op d‘Regierung, mee besonnesch op d‘Theresa May nach emol erhéicht. Am Brexit-Gesetz, ware fir den uewe genannte Fall, eigentlech 21 Deeg festgehale ginn. Experte sinn der Usiicht, dat en Delai vun dräi Deeg, net realistesch ass an der Saach a sech net déngt.

Vun den eege Leit virgefouert

Datt et iwwerhaapt zu esou enger Ofstëmmung komme konnt, datt ass den Dissidenten aus dem eegene Lager geschëlt. Déi haten op dëse Vott bestanen. Virgëschter haten d‘Deputéiert en Zousaz am Steiergesetz ugeholl, deen am Fall vun engem haarde Brexit, de Regierungsafloss begrenzt.

Mat dëser Resolutioun vum Parlament, gëtt d‘Gesetz u Sech net ausser Kraaft gesat, mee d‘Premierministesch verléiert ëmmer méi u Spillraum. Et verhënnert och nach datt d‘Theresa May op Zäit spille kann, fir hiren Deal am House of Commons awer nach ugeholl ze kréien.

Déi alles entscheedend Ofstëmmung soll elo nächsten Dënschdeg stattfannen. En éischten Termin fir dëse Vott, hat d‘Theresa May am Dezember misse verréckelen. Hei hat sech iwwerdäitlech eng Néierlag annoncéiert. Et geet dann och aktuell keen dovunner aus dat et eng Majoritéit derfir gëtt.

Nach net wierklech gekämpft a scho verluer

Wann et bei engem Debat, wéi dee vu gëschter, ongehalen zougeet an den allerleschte Rescht vun Anstand op der Streck leie bleift, dann ass eppes kloer: Gewënner kann et hei keng méi ginn. A bei dëser ganzer Scheedungsaffär hunn d‘Bierger elo scho verluer, well un déi denkt grad keen.

Brexit

Och an der Geschäftswelt sicht e vergiewens no „Optimisten“. Et gëtt nëmme riskant Noutpläng, a kee weess, wien déi dann nach ëmsetze kann. Kënnt et nämlech zum haarde Brexit, dann ass déi haideg Regierung „Geschicht“ an nieft dem politeschen, kënnt dann och wirtschaftleche Chaos op.

Wien sech um leschte Stréihallem – eng erneit Ofstëmmung iwwert de Brexit – klamert, huet de Schoss net héieren. Legitimatioun hin oder hir, zu Bréissel kënnen se d‘Scheedung net méi ophalen. Den Zuch huet d‘Gar längst verlooss, an zolidd Fahrt opgeholl… den 31. Mäerz ass Terminus.

mam Dave Thorpe/IM-LON

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Austrëtt, House of Commons, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel