Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?
who is big chief's wife dating Neiegkeeten

https://moien.lu/dating-privacy/

No an no fält d’Zuel vun de Gemengen am Land.

casual dating pub tennis
who is big chief's wife dating Neiegkeeten

Schaarfen Theater

De Summer ass säit dem 1. September meteorologesch gesinn eriwwer.

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!
who is big chief's wife dating Neiegkeeten

Käerjeng rifft zu Botzaktioun nom Tornado op!

Déi verschidde Baueren aus der Gemeng Käerjeng hunn elo ee

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen

Ofgeleenten Austrëttsaccord soll am Juni nach emol zur Ofstëmmung virgeluecht ginn

Brexit: D‘Theresa May wëll et nach emol wëssen

Et war eng Noriicht, déi esou keen aus der Downing Street Nummer zéng erwaart hat. Hei huet déi britesch Premierministesch duerch eng Spriecherin bestätege gelooss, datt si Ufank Juni dee schonn dräimol zeréckgewisenen Austrëttsaccord, nach emol zur Ofstëmmung am Parlament virleeë wëll.

D‘Theresa May huet sech gëschter Owend mam Jeremy Corbyn, Chef vun der Aarbechterpartei (Labour) getraff. Béid politesch Géigner hätten no sechs Verhandlungswochen „de Punkt gemaach“ an d‘Entrevue wier konstruktiv verlaf. Esou zumindest déi gemeinsam Erklärung nom Treffen.

Wéi et heescht, soll d‘Theresa May zum Ausdrock bruecht hunn, datt et bei de Verhandlungen elo misst zum engem Ofschloss kommen. De Jeremy Corbyn soll sengersäits vum Team „May“ méi „Beweegung“ gefuerdert hunn. Konkretes gesäit anescht aus, mee iergendwéi muss et viru goen…

Net méi an der Gonscht vum Wieler

Esou soll dann och schonn haut weider verhandelt ginn. Fir béid Partien (Tories / Labour) steet vill um spill. Bei de Kommunalwahlen hu se schonn zolidd eng laanscht d‘Läffele kritt, an well se jo bei den EU-Wahle matmaachen, kéint et op e neits zu enger Wahlnéierlag kommen déi kee wëll.

Interessant beim Choix vum Datum: déi fir déi éischt Juni-Woch geplangten Ofstëmmung huet sech och de 45. US-President fir eng Staatsvisitte vun dräi Deeg ugemellt. Vun dësem ass gewosst, datt hien déi politesch Agitatioun vum Nigel Farage an den haarde Brexit, begréisst an ënnerstëtzt.

An éiweg gëtt ofgestëmmt…

Wéi stinn dann d‘Aussiichte fir den onverännerten Accord beim véierte Vott duerchzekréien? Ma dat weess eigentlech keen esou genau. Geséchert kann een den Ament just behaapten, datt esouwuel déi konservativ, wéi déi sozialistesch orientéiert Vollekspartei, sech eng Néierlag net leeschte kann.

Vu Bréissel aus, ass d‘Noriicht aus London bis ewell nach net kommentéiert ginn. Hei schéngt ee sech drop besënnt ze hunn, d‘Fakten ofzewaarden. Zumindest mécht d‘Theresa May den Androck, datt d‘Verhandlunge Fortschrëtter maachen. Elo muss si nach vum eegene Lager ënnerstëtzt ginn.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Austrëttsofkommen, Brexit, Donald Trump, Jeremy Corbyn, Nigel Farage, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel