Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

coollove
Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!
International Neiegkeeten

Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!

D‘Schweden hunn e Mëttwoch eng elektrifizéiert Strooss ageweiht, déi mat

tongue
Berlin: Eenegung am Tarifkonflikt fir den ëffentlechen Déngscht
International Neiegkeeten

Berlin: Eenegung am Tarifkonflikt fir den ëffentlechen Déngscht

Et ware keng einfach Kollektivvertragsverhandlungen, déi et tëscht der Bundesregierung

tongue
Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?
International Neiegkeeten

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?

Di meescht Stied a vill Uertschaften zu Lëtzebuerg hu Jumelagen

Brexit: D‘Theresa May plaidéiert fir eng besser Zesummenaarbecht bei der Sécherheet

Brexit: D‘Theresa May plaidéiert fir eng besser Zesummenaarbecht bei der Sécherheet

Déi britesch Premierministesch Theresa May, huet en Donneschdeg bei sengen europäesche Partner fir eng verstäerkten Zesummenaarbecht bei der Sécherheet nom Brexit plaidéiert. Si huet och agesinn, datt et zu substantielle Fortschrëtter bei de Verhandlunge muss kommen.

Beim „Owesiessen“ vun den EU-Staatscheffen huet d‘Theresa May drop higewisen, datt et nom Brexit fir Groussbritannien onméiglech wier, den Datenaustausch zu Kriminellen an terroristeschen Organisatiounen oprecht ze erhalen, de Fall gesat d‘EU géif sech stur u seng Reegelen halen, déi eng Zesummenaarbecht mat „drëtt-Länner“ begrenzt.

„Dat bedéngungslost Engagement vu Groussbritannien zum Virdeel vun der Sécherheet um Kontinent kéint a Gefor geroden“ warnt d‘Theresa May. De Brexit-Verhandlungspartner Michel Barnier, huet sengersäits d‘Brite gewarnt, datt wann se bis emol „dobausse“ sinn, si och net méi kéinten op Daten zougräifen déi exklusiv EU-Memberen zougänglech sinn.

May

De lëtzebuergesche Premierminister Xavier Bettel ass gutt Gelaunt zu Bréissel ukomm. Hien hat sech e Mëttwoch am Sennenger Schlass mat senge liberalen Homologen an EU-Kommissären op den EU-Sommet virbereet. © Ben Stansall/AFP

An awer huet déi britesch Premierministesch um Donneschdeg festgehalen, datt „ee gutt virukomm ass, an de bis dohinner verhandelten Dossieren zum Brexit“. Si deelt och d‘Meenung, datt et hei misst eppes méi séier virugoen. „Ech mengen datt béid Säite bereet sinn de Rhythmus ze beschleunegen, wat ze begréissen ass“, esou d‘Deklaratioun vum Theresa May.

Déi iresch Frustratioun

Géintiwwer dem Theresa May, hunn dann awer e puer Staatscheffen hirer Frustratioun fräie Laf gelooss. Dat well d‘Verhandlunge fir eng liewensfäeg Léisung, am Kontext vun der Grenz tëscht Irland an der britescher Provënz Nordirland, de Stëllstand erreecht hunn. Dobäi ass kenger Säit dru geleeën, nees eng physesch Grenz op der grénger Insel anzeféieren.

„Ech hunn dem Theresa May keng Rotschléi ze ginn, mee ech géif et begréissen, wann eis britesch Frënn eng kloer Linn géife fueren. Mat engem zerstriddene Cabinet kann een net weidermaachen“, esou den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, dee bei senger Arrivée um Sommet op déi „intern“ Problemer an der May-Regierung ugespillt huet.

May

Den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker „reagéiert“ op eng Fro vun engem Journalist, am Virfeld zur Aarbechtssëtzung mat de Briten. De Fokus vum EU-Sommet läit awer op der Migratioun, wou ersiichtlech ass, datt et mat der Solidaritéit an Europa net wäit hir ass. © John Thys/AFP

Béid Parteien, Groussbritannien an d‘EU, wëllen awer d‘Verhandlunge bis Oktober ofgeschloss hunn, esou datt déi verschidde Parlamenter genuch Zäit hunn, fir de finalen Accord ze debattéieren an ze ratifizéieren. An hei hänkt et am Moment och haaptsächlech un der irescher Fro. Et ass also nach net alles zur „Scheedung“ gekläert, an wéi et duerno soll weidergoen, wëll och gekläert ginn.

D‘Zäit fänkt u knapp ze ginn

„Ech kéint et net begréissen, datt mir an eng Situatioun geroden, bei där den eenzege Sträitpunkt den iresche Problem ass“, ënnersträicht de Jean-Claude Juncker. „Mir mussen eis Ustrengungen intensivéieren“, mengt dozou den iresche Premierminister Leo Varadkar. An den Hollänner Mark Rutte erkläert, datt hien d‘Gedold net verléiert, mee d‘Zäit ufänkt knapp ze ginn.

Um haidege Freideg geet den EU-Sommet zu 27 weider, ouni d‘Theresa May. Et geet drëms de Punkt bei de Verhandlungen ze maachen, a bei de Conclusiounen all méiglech Zeenarie fir de Brexit ze berécksiichtegen. Och de Fall, datt et zu enger Scheedung ouni Accord kéint kommen. „Mir mussen dat esou maachen“, hält de Jean-Claude Juncker pragmatesch fest.

mat AFP

Foto: Déi britesch Premierministesch Theresa May, huet en Donneschdeg bei sengen europäesche Partner fir eng verstäerkten Zesummenaarbecht bei der Sécherheet nom Brexit plaidéiert. Iert et awer esouwäit ass muss den iresche Problem geléist ginn. © Ludovic Marin/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Sommet, Irland, Jean-Claude Juncker, Nordirland, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    3

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0