Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer
https://moien.lu/preference-dating/

Neal Stephenson: E gewaltegen Erneierer

An dëser Rei goufe verschidde Gréissten vun der Science Fiction

download lagu ro-comic ost marriage not dating
st petersburg florida dating
https://moien.lu/preference-dating/

Italien kann net de „Refugiéescamp vun Europa“ sinn, warnt de Salvini

De populäre Patron vun der rietsextremer Lega Nord an elo

Haalt äre Knascht selwer!
https://moien.lu/preference-dating/

Haalt äre Knascht selwer!

Op de Philippinnen sinn es d‘Leit midd der Welt hir

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro

Brexit: Um Krautmaart haten se déi eng oder aner Fro

Den Austrëtt aus der EU vu Groussbritannien, deen sech als Brexit eng Plaz an all Lexikon dierft gemaach hunn, geet an den Endspurt, an eigentlech dréit sech alles ëm de Punkt: mat oder ouni Ofkommes? Aktuell gëtt et eppes wéi e Projet, dee vun der Unioun ugeholl ginn ass. Deen ass 585 Säite Staark, a gëtt den Ament nach vun de Fonctionnairen am Ausseministère „gepréift“.

Elo haten d‘Oppositiounsparteien an dësem Kontext e puer Froen, déi si nawell gäre vum Premier, Xavier Bettel (DP), beäntwert kritt hätten. Déi hunn sech gëschter an der Chamber misse mat eisem Ausseminister, Jean Asselborn (LSAP), zefridde ginn. Dee war beméit déi sëlleche Froen zum Accord-Projet, mat beschtem Wëssen a Gewëssen ze beäntwerten. No 2 Stonne war hien erléist.

Eng „informell“ Seance

Wann ee verstoe kann, datt all d‘Oppositiounsparteien sech gewënscht hätten, datt esou e sensibele Sujet an enger Plenarsëtzung behandelt misst ginn, esou hunn déi sech zu gudder Lescht awer misse mat enger informeller Seance offannen. Déi huet den Alex Bodry (LSAP) mam Argument, et géifen nach ëmmer 15 Deputéiert bis zur Regierungsbildung feelen, als bescht Léisung verdeedegt.

Iwwerhaapt muss een emol drop hiweisen, datt och wann dëse Sujet all Debat wäert ass, datt déi national Parlamenter, sech net zu dësem Accord-Projet ze äusseren hunn. D‘Zoustëmmung entfält op d‘Europaparlament. An dat och nëmmen dann, wann e Sonndeg, um aussergewéinleche Sommet zu Bréissel, déi 27 Staatscheffen eens ginn, an d‘Dokument vu 585 Säiten ënnerschreiwen.

Ënner Drock

Elo hunn d‘Beamte vum Ausseministère de schwaarze Péiter an der Hand. Si hunn nëmmen e puer kuerzer Deeg zur Verfügung, fir dëst Dokument ze analyséieren. Dës Analyse soll enger Reunioun zerguttst kommen, déi fir e Freideg virgesinn ass. Bei dëser Sëtzung sollen déi ganz legislativ Modifikatiounen opgelëscht ginn, déi de Brexit onweigerlech mat sech brénge wäert.

Vun der informeller Seance ass zréckzebehalen, datt nach „näischt entscheet“ ass, bis datt dat britescht Parlament dem Accord-Projet zougestëmmt huet. An dësem ass duerchaus zouzetrauen, datt de Projet verworf gëtt an et zu engem haarde Brexit kënnt. Déi haapt Knackpunkte sinn: Zollunioun, oppe Grenzen op der irescher Insel, fräie Persouneverkéier an d‘Souveränitéit.

Bekanntes nach emol opgefrëscht

De Jean Asselborn huet den Deputéierten erkläert wat et mat der Transitiounsphas op sech huet, wat et fir d‘Bierger, d‘Administratiounen an d‘Entreprise bedeit. Kloer ass, datt d‘Briten op hiert Matsproocherecht an den EU-Institutiounen an EU-Agence verléiert, d‘Situatioun fir den Accès zum Bannemaart an der Zollunioun awer, bis zum 31. Dezember 2020 onverännert bleift.

Hei ass et dann opch nach esou, datt déi Transitiounsphas an éischter Linn geduecht ass, d‘Äntwert op déi „iresch Fro“ ze ginn. De Jean Asselborn stellt kloer, datt et a kengem sengem Interessi ka sinn, de Friddensaccord vun 1998 op d‘Spill ze setzen, andeems et nees zu enger physescher Grenz tëscht der Republik Irland an de britescher Provënz Nordirland kënnt.

Wat wollt d‘Oppositioun?

D‘Froe vun den Deputéierten aus de Reie vun der Oppositioun hunn sech virrangeg ëm d‘Rechter vun de Bierger an de Folge fir d‘Finanzplaz Lëtzebuerg gedréint. Am Bezuch op d‘Bierger, esou muss ee wëssen, datt dat an der EU iwwer 3 Millioune Mënsche betrëfft. Op d‘Land reduzéiert, sinn et eng 2.000 Lëtzebuerger déi a Groussbritannien, an eng 6.000 Briten déi zu Lëtzebuerg liewen.

Fir d‘Briten déi sech hei etabléiert hunn, oder sech nach während der Transitiounsphas hei néierloosse wëllen, soll sech näischt änneren, esou den Ausseminister. Si kriten e biometrescht Zertifikat vum Ausseministère, dat hinnen hir biergerlech Rechter garantéiert. Ab dem 1. Januar 2021 mussen d‘Briten déi selwecht Prozedure iwwert sech ergoe loosse wéi all déi aner.

Optimistesch bleiwen…

Wéi mir et scho gëschter Bericht hunn, hat de Jean Asselborn zu Bréissel insistéiert: „Mir mussen eis doriwwer am Klore sinn, dat dësen Accord, esou wéi en elo virläit, dee bescht méiglechen ass“. Den Ausseminister seet dann och, datt hie „virsiichteg Optimistesch“ ass. Mee hien erkennt och, dat d‘Aktivéiere vum Artikel 50 eng Première an der Geschicht vun der Unioun ass.

Dat muss een an dësem Kontext besonnesch behäerzegen, an et ass verständlech, datt sech bei esou Texter, ëm all eenzelt Wuert ka gestridde ginn. An da sinn do och nach déi britesch Parlamentarier, déi sech weiderhi fir en „haarde Brexit“ asetzen, an elo „Verrot!“ blären, wéi wann se schonn alles verstanen hätten. Mee egal wéi si sech entscheeden, d‘Scheedung leeft…

Ähnlech Sujeten Bannemaart, Brexit, Chamber, Groussbritannien, Jean Asselborn, Krautmaart, Oppos, Scheedung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel