Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – de Festival vun de Primaten
International Neiegkeeten

What the Fakt – de Festival vun de Primaten

Sou munche wäert haut säin Aarbechtskolleg, Bänknoper oder Partner ukucken

Den Télétravail, e Phenomen am Zäitgeescht
International Neiegkeeten

Den Télétravail, e Phenomen am Zäitgeescht

Am Kader vun enger Etüd déi vum RETEL (Reseau d‘Études

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten
International Neiegkeeten

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten

D‘Zuel vun den Automobilisten, déi op de Stroosse wou d‘Héchstgeschwindegkeet

Brexit: Wien méi Zäit kritt soll se gefällegst och notzen!

Brexit: Wien méi Zäit kritt soll se gefällegst och notzen!

Vergaangene Mëttwoch ass de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel op Bréissel gereest. Bei der Reunioun vum Europäesche Rot hunn déi 27 Staate vun der EU déi lescht Entwécklungen a Saache Brexit diskutéiert.

Mëttlerweil ass gewosst, datt déi 27 Memberstaaten den Delai vum Brexit op den 31. Oktober 2019 akzeptéiert hunn. Dës Decisioun ass, no engem Bréif vun der britescher Premierministesch Theresa May, mat Zoustëmmung vu Groussbritannien zustane komm.

D’Staatscheffen a Regierungen hu sech bereet erkläert, Groussbritannien méi Zäit ze ginn, fir esou de Vertrag nees auszeschaffen. Dobäi soll awer sécher gestallt ginn, datt dës Verlängerung just déi wierklech noutwenneg Zäit erhält, woubäi den Datum elo op de leschten Dag am Oktober 2019 festgesat ginn ass. Wa bis spéitstens zu dësem Zäitpunkt de Vertrag vun alle Säiten ugeholl ginn ass, esou ass Groussbritannien schonns den éischten Dag vum folgende Mount eraus aus der EU. Dobäi huet de Minister Xavier Bettel ënnerstrach, datt een d’Verlängerung intelligent an nëtzlech uwende soll.

© SIP/Thierry Monasse

Sollten d’Briten tëscht dem 23. a 26. Mee nach zur EU gehéieren, mussen hir Bierger un den Europawahlen deelhuelen. Dëst war eng wichteg Konditioun vum Premier fir d’Verlängerung vum Austrëtt ze accordéieren. „D’Deelhuele vun den Europawahlen ass fundamental fir de gudde Fonctionnement vun eisen Institutiounen an demokrateschen europäesche Systemer sécher ze stellen – dëst ass eng Aart „Guillotine-Klausel“: wa Groussbritannien net un den Europawahlen deelhëlt, trieden si automatesch um 1. Juni 2019 aus der EU aus“, erkläert de Xavier Bettel.

Zu gudder Läscht hunn d’Staatscheffen a Regierungen den Engagement vun de Briten unerkannt, fir an dëser Period konstruktiv a responsabel ze handelen. Groussbritannien muss heibäi éierlech a loyal mat de 27 Memberstaaten zesummeschaffen, ouni dobäi schiedlech Intentiounen ze ergräifen, déi dem gudde Fonctionnement vun der EU dotëscht spille kéinten. Schliisslech hunn d’Brite Rechter an Obligatioune, déi si respektéiere mussen.

Déi nächst Reunioun gëtt am Juni 2019 organiséiert. D’Conclusiounen zur Verlängerung vum Brexit fannt Dir HEI.

Opmaacherbild: © SIP/Thierry Monasse

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Austrëtt, Groussbritannien, Theresa May, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel