Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

850 Beem sinn an de leschten zwee Joer zur Kompensatioun frësch ugeplanzt ginn
International Neiegkeeten

speed dating ami

Kompensatiounsmoossnamen, wann e Bam, dee laanscht enger Strooss steet, gefält

nerd singles dating
International Neiegkeeten

Den 11. Mee gëtt Netflix ëm eng Teenie-Komödie mi räich

Mëttlerweil vergeet kaum eng Woch, ouni datt net en neie

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den Dracula gëtt bësseg!

Um 14. Februar 1931 ass den Horrorfilm „Dracula“ vum Regisseur

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum

Brexit: Britesch Aarbechterpartei fuerdert en zweete Referendum

No villem „hin an hier“ ass et e Méindeg am Dissens ëm de Brexit – en haarden oder en doucen – op e neits zum Eclat komm, wéi déi britesch Aarbechterpartei (Labour) vum Jeremy Corbyn sech hannert d‘Fuerderung no engem zweete Referendum gestallt huet.

Si hätten sech d‘Entscheedung net liicht gemaach, sot de Labour-Chef, nodeems d‘Partei sech decidéiert huet d‘Fuerderung no engem zweete Brexit-Referendum ze ënnerstëtzen. Laut dem Jeremy Corbyn soll domatter verhënnert ginn, datt dem Land duerch dee vun de Konservativen (Tories) verhandelten Austrëtt geschuet gëtt.

Bis et esouwäit ass, wëll d‘Oppositioun awer nach versichen, der Regierung déi eege Pläng fir e geuerdenten Austrëtt virzeleeën. Zudeem ënnerstëtzt Labour eng Resolutioun, mat där d‘Theresa May gezwonge soll ginn, de Brexit ze „verleeën“. Dat awer nëmme fir de Fall, datt bis Mëtt Mäerz keen Austrëttsofkommes ratifizéiert ginn ass.

Schonn e Mëttwoch beréit dat britescht Parlament (House of Commons) iwwert déi nächst Schrëtt beim geplangten EU-Austrëtt. Sécher schéngt, datt d‘Parlamentarier Ännerungsvirschléi virleeë wäerten, dorënner och d‘Fuerderung no engem zweete Referendum. Net gewosst ass, ob Labour en eegene Antrag zu engem neie Referendum virleet.

D‘Zäit drängt

Bis zum Méindeg, haten se an der Aarbechterpartei, en zweete Referendum als lescht méiglech Optioun gehandelt, déi nëmmen dann zum droe sollt kommen, wann den Accord zum Brexit net noverhandelt ka ginn, an virzäiteg Neiwahlen net méiglech sinn. Vun den Observateuren, gëtt dëse „politesche Wandel“ als Ofwiermoossnam betruecht.

An tatsächlech leeft et och beim Jeremy Corbyn net ronn. Aus Protest géintiwwer dem Labour-Chef senger Haltung zum Brexit, waren néng Labour-Deputéiert aus der Partei ausgetrueden. Dat awer ënnersträicht nëmmen déi chaotesch Zoustänn op der Insel. An de Stroosse vu London trëfft ee kaum nach Mënschen un, déi eng Léisung fir wahrscheinlech halen.

Der Premierministesch Theresa May hiert Austrëttsofkommes mat der EU, war Mëtt Januar am Parlament refuséiert, an Noverhandlunge gefuerdert ginn. Esou déi britesch Haltung. Zu Bréissel huet een de Message erhalen, an awer der britescher Regierung verdäitlecht, datt substantiell Ännerungen an dësem Accord net méi méiglech sinn.

Bréissel ass „not amused“

A Während den EU-Rotspresident Donald Tusk nach ageraumt huet, datt een doriwwer diskutéiere kann de Brexit ze verleeën, wëll et a Groussbritannien fir den Accord keng Majoritéit gëtt, huet déi britesch Premierministesch dat ofgeleent. Si wëll muer d‘Parlament iwwert den aktuelle Stand vun den Diskussiounen informéieren.

Ëmmerhin huet d‘Theresa May Neiegkeeten am Gepäck. No enger Entrevue mam Jean-Claude Juncker, hätt si sech mam EU-Kommissiounspresident drop gëeenegt, nach bis zum EU-Sommet vum 21. Mäerz weider ze verhandelen. Hoffnunge sollt ee sech hei awer keng maachen. D‘Zäit ass denkbar knapp, an den 29. Mäerz ass „Ultimo“.

Sollten d‘Briten et bis dohinner net verstanen hunn, datt dat Bescht den Accord ass dee virläit – well et keen anere gëtt – da kënnt et zum haarde Brexit. An deen ass eigentlech kaum nach ze verhënnere wann et net zu engem spektakuläre Revirement kënnt. Wéinst EU-Wahl am Mee, sollt een awer net dovunner ausgoen, datt d‘EU-Kommissioun drop ageet.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Kommissioun, Jeremy Corbyn, Labour, Theresa May, Tories
Nächsten Artikel Virrechten Artikel