Search

You may also like

Virbildlech Noperen
Neiegkeeten

Virbildlech Noperen

Et ass wuel nëmmen een eemolege Gest, fir deen sech

Onwiederen an Tornado a Lëtzebuerg – D’SLPL hëlleft mat
Neiegkeeten

Onwiederen an Tornado a Lëtzebuerg – D’SLPL hëlleft mat

Katastrophal Zoustänn no den Onwiederen an Tornado am Südweste vu

money
HITEC Lëtzebuerg S.A. iwwerhëlt Laboratoiretechnik-Produktlinn vu Krahnen KG
Neiegkeeten

HITEC Lëtzebuerg S.A. iwwerhëlt Laboratoiretechnik-Produktlinn vu Krahnen KG

HITEC Lëtzebuerg S.A. gëtt bekannt, datt de Produktportfolio fir Préifapparater

Esch: Brigang klaut eeler Damm d‘Posch an lant an Untersuchungshaft

Esch: Brigang klaut eeler Damm d‘Posch an lant an Untersuchungshaft

Wéi d‘Police matgedeelt huet, hat e Brigang e Sonndeg um véierel op dräi enger eelerer Damm an der Uelzecht-Strooss d‘Posch gezoppt, woubäi d‘Seniorin zu Fall koum. Den onmanéierlechen Dabo huet sech uschléissend mat senger Beut a Richtung Akafszenter verfuusst.

D‘Police war mëttlerweil alertéiert ginn an d‘Zankerten hu sech op de Wee gemaach, dëse Brigang anzefänken. A si hunn net emol wierklech laang misse sichen. Deen der Dot verdächtegte Kandidat konnten d‘Beamten op der Kräizung Nordstrooss/Victor Hugo Strooss stellen.

Am Kontext vun den Ermëttlungen, hunn d‘Polizisten der Damm hir Posch – natierlech ouni d‘Boergeld – an der Wunneng vun der Mamm, vum Verdächtege fonnt a séchergestallt. Esouvill Dommheet muss bestrooft ginn, duecht sech de Parquet an huet d‘Verhaftung ugeuerdent.

Den onéierleche gouf e Méindeg dem Untersuchungsriichter virgefouert, deen déi eenzeg richteg Entscheedung geholl an Untersuchungshaft ordonnéiert huet. Wat déi eeler Damm betrëfft, esou wier si wuel nach eppes schockéiert, gréisser Blessen hätt si net dovugedroen.

Illustratioun: © Bill Oxford / unsplash

Related topics Brigang, Déifstall, Esch-Uelzecht, Parquet, Police, Untersuchungshaft
Next post Previous post