Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!
https://moien.lu/dating-app-berlin/

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!

De Vizepremierminister Etienne Schneider (LSAP) huet um Freideg der Deputéierter

i'm dating a spy
online dating search without joining
https://moien.lu/dating-app-berlin/

men's health top dating sites

Net méi spéit wéi gëschter, huet Bertelsmann fir d‘RTL-Grupp e

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi
https://moien.lu/dating-app-berlin/

Military Challenge 2019 – Mat Geschéck a Konditioun ëm de Stauséi

Bei der 8. Editioun vum Military Challenge sinn um haitege

Bright weess näischt Guddes mat sengem coole Setting unzefänken

De Will Smith kann nach laang net all Film retten

Mat vill Tamtam ass Bright virun e puer Méint vun Netflix ugekënnegt ginn. Den immense Budget vun 90 Milliounen Dollar, de Will Smith an der Haaptroll an den David Ayer (Suicide Squad) am Stull vum Regisseur – dat huet fir vill Profil gesuergt. An och wann d’Reaktiounen op den éischten Trailer éischter verhalen ausgesinn huet, esou waren dach vill Abonnente gespaant, wat um Enn dobäi géing eraus kommen. Zënter dem 22. Dezember kann sech jidderee selwer dovunner iwwerzeegen.

Bright ass vum Konzept hier net schlecht: Et ass e Buddy-Cop-Film, dee mat engem Fantasy-Setting gemëscht gëtt. Do ass eis Welt mat Orcs, Feeën an Elfe bevëlkert, déi een aus Fantasy-Filmer kennt. Dëst gëtt dann als Ophänkert fir de Plot genotzt, wou en Zauberstab de MacGuffin du jour ass: Dee gëtt sengem Besëtzer eng immens Muecht – Wann en ee vun de wéinegen Auserwielten ass, déi e benotze kënnen, ouni ze explodéieren. Domm just, datt e Kult e wëll benotzen, fir en net mi genau preziséierten donkele Lord operstoen ze loossen an domatter en däischtert Zäitalter auszeruffen. Mee zum Gléck trëllt d‘Polizisten-Duo Ward (Will Smith) a säin Orc-Poliziste-Koleeg Jacoby (Joel Edgerton) fir d’éischt iwwert dëst Artefakt, woumat den Owend no e puer Stolpersteng – wéi soll et och anescht sinn? – gerett ass.

Bright steet op wackelege Been: de Plot ass dënn an de Film huet kee konkrete Message. Dobäi kéint ee villes mat deem Setting ufänken

Sou vill zum Plot. Et sief gesot, datt deen éischter eng ënneruerdent Roll spillt, grad esou, wéi de Setting. Deen ass am Fong dat interessantst um Film, mee bleift ënnerentwéckelt. Et schéngt wéi wann d’Produzenten heimat eng Excuse wollten hunn, fir weider Filmer ze dréien, fir dësen auszebauen. Eleng betruecht steet Bright op wackelege Been, och well de Film visuell net vill hier mécht. Alles ass gro an op Realismus getrimmt, obwuel d‘Script éischter a Richtung Comicbook-Look geet. Op mannst d’Action-Zeene sinn zolidd an e gudde Krack besser wéi dat, wat a Suicide Squad ze gesi war. Wann ee bei all deem Niwwel a CGI iwwerhaapt eppes konnt gesinn. Kompetent ass och de Spannungsopbau an d’Tëschespill tëscht den zwee Haapt-Personnagë fonctionnéiert à la Base, och wann eng sënnvoll Entwécklung gréisstendeels ausbleift.

Bright

Wann dës Kritik sech gelangweilt unhéiert, da läit dat dorunner, datt de Film keng eenzeg interessant Iddi huet. Et kéint ee jo mengen, datt wann een zwee Genren sou ënnerschiddlech wéi de Buddy-Cop-Film a Fantasy matenee kombinéiert, een eppes Flottes, eppes Exquisittes oder op mannst Aussergewéinleches géing eraus kréien. Mee nee, alles ass Duerchschnëtt an näischt dovunner paakt een. No e puer Stonnen huet een am Fong erëm vergiess, wat do alles geschitt ass. An dat ass ni e gutt Zeechen.

Vir verschidden Dialoge a Bright muss een sech reegelrecht schummen, esou schlecht a deplacéiert sinn se

Frappéierend ass, datt zwar Allusiounen op den aktuelle Rassismus an d‘Police-Brutalitéit an den USA gemaach ginn, mee näischt dozou gesot gëtt. Schlëmmer nach, Spréch wéi „Fairy lives don‘t matter“ – eng konkret Undeitung op „Black Lives Matter“ – sinn net nëmmen eekleg Punchlines, mee weisen, wéi vill Zynismus hannert dëser Produktioun vermutt ka ginn. A wéi wéineg hei vu Subtilitéit gehale gëtt. Do braucht een nëmmen Dialogzeile wéi „This is a nuclear bomb that grants whishes“ als Beispill ze huelen. Dobäi wier thematesch vill ze leeschte gewiescht. Datt d‘Orks generell eng Ënnerklass ze si schéngen, déi sozial ausgegrenzt ginn an de Kolleg vum Ward eng Ausnam duerstellt, spillt sécherlech eng Roll, mee vill gëtt och heimatter net ugefaangen.

Bright

Bright zitt sech iwwert 118 Minutten. Et kënnt een op bal esou vill verpasste Chancen, fir aus dësem Film méi wéi nëmme passabel Ënnerhalung ze maachen. Netflix huet schonn ugekënnegt, en zweeten Deel ze maachen. Villäicht ergëtt sech dorausser jo e bessere Film. Eleng betruecht ass Bright awer leider kaum ze recommandéieren.

Bright ass op Netflix streambar. En Abo ass néideg, fir de Film kënnen ze gesinn.

Fotos: Scott Garfield (Netflix)

Ähnlech Sujeten Bright, Filmer, Kritik, Kultur, Netflix, Streaming, Will Smith
Nächsten Artikel Virrechten Artikel