Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nëmmen duerch komme geet net duer
Sport Stories

Nëmmen duerch komme geet net duer

Fir um Riednerpult steet ee Mann mat Kostüm a Krawatte

Beneficeconcert fir d‘Affer vum Tornado
Sport Stories

Beneficeconcert fir d‘Affer vum Tornado

Den Tornado deen de 9. August zu Péiteng a Käerjeng

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!
Sport Stories

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!

Passend fir déi waarm Joreszäit verlouse mir 3 x 1

Bullseye: Eng Premiere fir de Bristol-Darts zu Uewerkuer

E Sport, deen och Prominenz unzitt

Bullseye: Eng Premiere fir de Bristol-Darts zu Uewerkuer

Et war eng Premiere: Den éischte Festival, deen d‘Lëtzebuerger Darts Federatioun (FLD) an dëser Form organiséiert huet. Iwwert de ganze Samschdeg konnten sech d‘Amateure mat de Lizenzéierte moossen. E grousse Spaass ouni Altersgrenz.

Beim Festival ass et dann och iwwert d‘Kenneléiere vun dëser an Europa populärer Sportaart gaangen. Den Highlight nämlech war de Concours, deen op fir jiddereen war an net nëmmen eng Coupe gebueden huet, mee och e Präisgeld. An um hallwer zwielef ass et dann och scho lass gaangen.

De Moment war gënschteg

Während sech déi éischt Géigner un der Scheif de Bass gehalen hunn, huet eis de „Press Director“ Serge Hempel, op d‘Spréng gehollef. D‘Iddi zu esou engem Evenement ass net nei. Datt de Kalenner et dëst Joer méiglech gemaach huet, schonn. Eigentlech hätt et ëm dës Joreszäit en internationalen Tournoi solle gespillt ginn.

Den Darryl „The Dazzler“ Fitton (lénks) mam Serge Hempel, Press Director vun der FLD. Zwee déi sech gutt verstinn a iwwert de ganzen Dag allen „aficionados“ alles gebueden hunn, wat Bristol-Darts als Sportaart ze bidden huet (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Dee vun 2016 an der Coque um Kierchbierg sollt de Leit an och an Erënnerung geroden. Do waren sech eppes iwwer 470 Spiller begéint, an alleguerte wollten se am europäesche Ranking weiderkommen. Den Erfolleg vum Evenement huet d‘FLD ermontert ee festen Datum unzefroen. Deen hunn se och kritt.

Well deen elo awer op de leschte Weekend vum Juli festgeluecht ginn ass, geet et eréischt 2018 lass. Esou huet et sech erginn, datt en Datum fir ee „Festival“ fräi war. Zugläich ass et natierlech och eng gutt Geleeënheet, de Leit dat Ganzt eppes méi ze bréngen. An et sinn net nëmmen d‘Kanner, déi hei de Virwëtz opbréngen.

U sech eng ganz einfach Saach

Bei deem engen hänkt se am Keller, mee och an deem engen oder anere Büro ass se scho gesi ginn. Riets ass vun der Scheif mat 21 Haaptfelder, wann een de Bullseye matzielt (dat ass genau d‘Mëtt vun der Scheif). A fir de Serge kéint et der méi ginn, déi sech dann och op den Turnéier ausenaner setzen.

Fir d‘Butzen haten d‘Organisateure Scheiwen opgestallt déi hirer gréisst entsprach hunn. Datt een déi „Kleng“ kaum nach dovunner lass kritt huet, kann och dorunner geleeën hunn, datt si gutt encadréiert waren. Et gouf mat vill Professionalitéit erkläert a gewise wat et mat deem Spill op sech huet (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Esou muss een dann och net an engem Veräi Member sinn fir un engem Tournoi deel ze huelen. Déi gi gréisstendeels als „Open“ ausgefouert. D‘Coupe de Luxembourg gëtt allerdéngs tëscht de Veräiner ausgespillt. Fir de Rescht geet ëm d‘Ranglëscht. Bei den Häre féiert den Tom Burquel a bei den Damen ass d‘Sonny Klein den Tableau un.

De Serge weist dann nach drop hin, datt et en eisem Ländche vill Geleeënheete gëtt, senger Passioun nozekommen. Et ass awer wichteg ze wëssen, datt och wann de Bristol-Darts (och nach Steel-Darts genannt) mam elektroneschen Darts verwannt ass, et Ënnerscheeder gëtt.

Och eng Fro vu Gewiicht

Während e-Darts ganz oft mat Mënz-Apparaten ze dinn huet, gëtt et beim Bristol-Darts kee Schlitz wou een eppes misst ageheien. Also domadder ass et definitiv déi eppes méi gënschteg Variant. Och wann dat dem Patron vum Bistro net entgéint kënnt. Et ass allerdéngs och déi, wou vun de Spiller Kapprechne verlaangt. Hei huet et keng Elektronik déi engem dat géif ofhuelen.

D‘Feiler kann ee sech ganz individuell gestalten. Längt, Faarf a „Flyer“ leien am A vu Betruechter. Se hunn ee Gewiicht vu maximal 26 Gramm a sinn u sech deen eenzege Basis-Investissement, dee fir den Ufank muss gemaach ginn (© Martine de Lagardère/moien.lu)

U sech geet et jo dann och duer eng Scheif matzeschleefen. Keng monstréis Maschinn, déi a keen Auto passt. Domadder kann een also theoretesch iwwerall zu all Zäit lassleeën. Un a fir sech gëtt et awer keng Diskrepanz tëscht béiden Aarten. Et sollt een awer wëssen, datt de Feil gären eppes méi schwéier ass. Beim Bristol-Darts dierf dee bis zu 26 Gramm wéien.

Taktesch gesinn, spillt et sech och ganz liicht anescht. Während beim e-Darts den Treffer och zielt wann de Feil net stieche bleift, zielt beim Bristol just de Feil deen och an der Scheif stécht.

Och den Deputéierten a fréiere Buergermeeschter vun Déifferdeng, Roberto Traversini, huet säi Kënnen ënner Bewäis gestallt. Eng kleng „verstoppte“ Passioun déi de Politiker mat vill Freed ausüübt. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Star-Invité: „The Dazzler“

Zu engem Festival gehéiert e Star-Invité. D‘FLD huet dofir kee bessere kënne fanne wéi den Darryl „The Dazzler“ Fitton. De Champion vun der BDO-Trophy 2016 (Britesch Profi-Liga) huet d‘Invitatioun dann och gären ugeholl. Hien ass, nieft der Tatsaach, datt hien ee ganz léiwe Mënsch ass, och ee vun den renomméiertsten Ambassadeure vum Bristol-Darts.

Beim Darts-Festival zu Uewerkuer huet sech den Darryl et dann och net huele gelooss, deng oder aner Partie ze spillen. Eng grouss Freed, besonnesch fir déi wou éischter Seele géint esou eng emblematesch Figur kënnen untrieden. Och beim Public haten seng Mätscher vill Interessi erwächt. D‘Spannung war grouss, op net awer een den „Dazzler“ kéint schloen.

Den Tournoi huet um Enn seng Gewënner fonnt. Op der éischter Plaz huet sech den Andreas Gradert verdéngt op déi iewescht Träppche gestallt. Déi zweet war fir den Joe Dolenc an de Misch Dispa konnt nach eng ganz éierbar drëtt Plaz fir sech verbuchen (© Serge Hempel/FLD)

Fir d‘FLD also ee flotte Succès, och wann et roueg eppes méi Leit hätt dierfte sinn. De „Press Director“ jiddefalls war héich zefridden. Dat huet zu gudder Läscht och um absolut professionellen Accueil duerch déi Déifferdenger Gemeng geleeën. Deene muss dann och e grousse Merci ausgeschwat ginn. Déi ganz Equipe vun der Sportshal huet näischt dem Zoufall iwwerlooss an ee grousse Beitrag geleescht den Event zum Erfolleg ze féieren.

Kuckt och eis Billergallerie

Ähnlech Sujeten Darts, Fédèration Luxembourgeoise de Darts, Lëtzebuerg, Sport, Uewerkuer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel