Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…
International Neiegkeeten

Zu New York hunn se aus der Gay Pride, d‘World Pride gemaach…

Zu New York, wou d‘Gay Pride hiren Ursprong huet, hat

Editorial: Wat en Trallala
International Neiegkeeten

Editorial: Wat en Trallala

Et gëtt där Diskussiounen, déi kënnen engem de leschten Nerv

Nestlé wëll méi Ëmsaz zu Lëtzebuerg maachen (Carte Blanche)
International Neiegkeeten

Nestlé wëll méi Ëmsaz zu Lëtzebuerg maachen (Carte Blanche)

Erratum Entgéint der Behaaptung hei am Artikel huet déi zu

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong

Britesch Päss fir d‘Awunner vun Hong Kong

Datt Peking däitlech méi Entscheedungsgewalt zu Hong Kong wëll hunn, firwat op der rezenter Volleksversammlung eng neit Sécherheetsgesetz fir Sonnerverwaltungsregioun gestëmmt ginn ass, War scho vu Washington denoncéiert ginn an elo wëll och London Verantwortung iwwerhuelen.

Beim Sträit ëm d‘Autonomie vun Hong Kong (1 Land – 2 Systemer) gëtt et den Ament kee Grond unzehuelen, datt China vu senger Linn wäert ofkommen. Datt Peking am Bezuch op d‘Autonomie vun der Sonnerverwaltungsregioun, sollt op d‘Fuerderunge vun den USA oder Groussbritannien agoen, sech strikt un der Vertrag ze halen, mat deem 1997 d‘Britten hie Kolonie opginn hunn, ass net auszegoen. Elo huet London eng Tromp aus dem Äermel gezunn, wat eng nei Front ergëtt.

An der South China Morning Post, huet de Boris Johnson an engem perséinleche Gaaschtbeitrag engem groussen Deel vun der Bevëlkerung, eng vereinfacht Abiergerung a Groussbritannien an Aussicht gestallt. „Soll China d‘Gesetz duerchsetzen, huet Groussbritannien keng aner Wiel wéi säin Awanderungsgesetz wäitreechend ze Amendéieren“, esou de britesche Premier.

Hong

De Pass fir britesch Bierger am Ausland (BNO) Versioun vun 2020 – Source: Wikipedia

Zu Peking gouf op dësen Affront mat entspriechender Vehemenz reagéiert. Fir China gëtt et keng Diskussioun iwwert de Fakt, datt d‘Bierger vun der fréierer Krounkolonie Chinese sinn. Dat awer gesäit de Boris Johnson eppes anescht. Hie stellt fest, datt dat vu Peking an Erwägung gezunne Sécherheetsgesetz, déi garantéiert Fräiheete vun de Mënschen an d‘Autonomie aushielegt.

Sollt China u sengem Gesetz festhalen, wier dat ee Verstouss géint déi gemeinsam Erklärung, déi an éischter Linn e Vertrag ass dee rechtlech bannent ass an och bei de Vereenten Natioune registréiert ass; esou d‘Argumentatioun vum britesche Premierminister. An dësem Accord war sengerzäit vereenbaart ginn, datt net um sozialen a wirtschaftleche System vun Hong Jong géif gefréckelt ginn, wat och fir de Liewensstil, Rechter a Fräiheete vun de ronn 7,4 Milliounen Awunner gülteg ass.

Et gëtt nach britesch Bierger zu Hong Kong

Zu Hong Kong liewen eng 350.000 Bierger, déi nach a Besëtz vun engem Pass vu britesche Bierger am Ausland (BNO) sinn. Laut dem Boris Johnson géif et awer nach emol gutt 2,5 Millioune Leit, déi en Usproch hätten, an dëse soll elo de Wee zur Abiergerung fräi gemaach ginn. Déi kéinte statt bis ewell 6 Méint en Openthaltsrecht vun 12 Méint zougestane kréien, dat mat enger Optioun op Verlängerung. Eng Aarbechtserlaabnes an erweidert Awanderungsrechter gehéieren och dozou.

Fir de Spriecher vum chineseschen Ausseministère, Zhao Lijian, géif sech d‘Argumentatioun awer esou net hale loossen. An der gemeinsamer Erklärung häzz China eng eesäiteg politesch Zouso gemaach, wier awer kengesfalls eng Verflichtung géintiwwer de Britten oder op internationalem Niveau agaangen. Groussbritannien sollt seng „Kale Krich“ a „Kolonial“ Mentalitéit opginn.

Hong

An Zäite wou Hong Kong nach bis zu 15% vun der Wirtschaftsleeschtung vu China gedeckt huet, war et fir Peking net fir aus der Roll ze falen. Haut sinn et nach ëm déi 3% an och d‘Roll als Finanzplaz, huet Hong Kong längst u Shanghai verluer. Déi „Sonnerrechter“ déi d‘USA dëser Sonnerverwaltungsregioun wëll oferkennen, hu bei wäitem net dee Stellewäert, deen de Mike Pompeo sech wënschen dierft. Zudeem geet et hei méi ëm Wahlkampf wéi eng eescht gemengten Ënnerstëtzung vun der demokratescher Bewegung. © H.W. / unsplash

Et wier esou lues un der Zäit unzëerkennen, datt Hong Kong haut eng Sonnerverwaltungsregioun vu China ass, an déi britesch Regierung sech gefällegst aus internen Ugeleeënheeten erauszehalen huet. Domatter sinn d‘Jalone gesat, an et dierft elo och dee leschten Awunner vun Hong Kong verstanen hunn, datt sech d‘Zäiten änneren an dat genannte Sécherheetsgesetz wäert ugewannt ginn.

Interessant ass awer och, datt sech London bis ewell zimmlech zréckgehalen hat, wat d‘Protester vun de Bierger betrëfft. Mam „Gesetz“ awer huet sech den Drock op d‘Johnson-Regierung och innepolitesch erhéicht. Siwe fréier Ausseminister hunn den haitegen, Dominic Raab, op déi historesch Verantwortung vum Empire higewisen. Déi moralesch Verantwortung hätt méi Gewiicht wéi déi wirtschaftlech Folgeschied an et kéint een Hong Kong net den USA iwwerloossen.

mat indymedia/lon/tpe

Illustratioun: Léisst sech d‘Auer zréckdréinen? Datt China sech scheinbar net méi u déi gemeinsam Erklärung, am Bezuch op Autonomie a „Fräiheeten“ gebonne fillt, muss een och am Kontext vun der neier aussepolitescher Ausriichtung vun den USA a Groussbritannien gesinn. Zudeem sollt sech London, wou jo entscheet gouf datt een eleng besser géif eens ginn, net allzevill op de Support aus Bréissel verloossen. Op en Handelssträit mat China, dierft d‘EU keng Loscht hunn. © Unknown Wong / unsplash

Ähnlech Sujeten BNO, Boris Johnson, British Nationales Overseas, China, Groussbritannien, Hong Kong, Krounkolonie, Sécherheetskonzept, Sonnerstatut, Vollekskongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel