Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un
International Neiegkeeten

Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un

Et ass eng Première an d‘Freed huet een dem Direkter

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht
International Neiegkeeten

An Éisträich iwwerhuelen de Sebastian Kurz an d‘Populisten d‘Muecht

Um Méindeg huet déi nei Koalitiounsregierung an Éisträich de „Kommando

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat de Golanhéichten
International Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot befaasst sech mat de Golanhéichten

Mat der Unerkennung vun de Golanhéichten als souveräänt Gebitt vun

Britesche Premier wëll Neiwahlen

Neies vun der Brexit-Front: d‘Brite sollen sech den 12. Dezember en neit Parlament wielen

Britesche Premier wëll Neiwahlen

Et war en interessant Interview, dat de britesche Premierminister Boris Johnson gëschter der BBC ginn huet. Et hätt sech erwisen, datt d‘Parlament méi Zäit bréicht fir iwwert d‘Gesetzer zum Brexit ze debattéieren, an Neiwahle géifen den Deputéierten dës Zäit gewähren. Bréissel wollt sech dozou nach net äusseren.

Wann d‘Parlament tatsächlech méi Zäit brauch fir d‘Gesetzer ze analyséieren, esou soll se déi och kréien, mee et implizéiert, datt si de Neiwahlen zum 12. Dezember zoustëmmen, esou de Boris Johnson op der Tëlee. Dat heescht dann awer och, datt d‘Parlament bis zum 6. November misst opgeléist sinn, an dat dierft komplizéiert ginn, well et dofir eng Zweedrëttel-Majoritéit brauch.

Allerdéngs hunn esouwuel d‘Schotten (SNP) wéi d‘Liberaldemokraten (LibDems) signaliséiert, datt si Neiwahlen net ofgeneigt sinn. Bei de Sozialdemokraten (Labour) gëtt et heizou keng kloer Linn, mee vun deene missten der schonn e puer matmaachen, wann et fir eng Zweedrëttel-Majoritéit soll duergoen. Eng Ofstëmmung fir Neiwahle kéint et trotzdeem schonn nächste Méindeg ginn.

NeiwahlenErklären deet sech dem Boris Johnson säi Schratt och duerch de Widderstand vun den Deputéierte vun der nordirescher DUP. D‘Unionisten aus Nordirland sinn net méi mam Premier op enger Linn, dat well si sech vun dësem a Stach gelooss fillen. Dem Boris Johnson säi Plang, quasi eng Grenz am Kinnekräich ze schafe wier schlicht inakzeptabel. Et ass den ament awer dat eenzegt wat et gëtt.

Woubäi, Neiwahlen si sécherlech eng Optioun fir d‘Briten, vun deenen eng Hallschent well an der Unioun bleiwen an déi aner Hallschent ënner allen Ëmstänn goe wëll. Elo gëtt et dann awer nach eng grondsätzlech Viraussetzung: déi verbliwwe 27 Länner missten – fir dat d‘Neiwahle Sënn maachen – emol fir unzefänken enger Fristverlängerung fir e gereegelte Brexit zoustëmmen.

NeiwahlenDeenen awer hat de britesche Premier onverhuelen ugeroden, vun enger Verlängerung Ofstand ze huelen. Zur Stonn ass d‘Scheedung nach ëmmer op den 31. Oktober festgeluecht. A wann et och richteg ass, datt d‘Memberlänner éischter fir eng Fristverlängerung sinn, esou sinn se sech nach net eens iwwert d‘Dauer vun dëser Verlängerung. Dozou sollt et haut nach eng Entscheedung ginn.

Zu Bréissel wollt dann och nach keen den „neie Virschlag“ vum Boris Johnson kommentéieren. Vu Bréissel heescht et just, datt een Notiz vum britesche Premierminister senger Deklaratioun geholl huet. Datt d‘Zäit ufänkt knapp ze ginn a mëttlerweil jiddereen et géif begréisse wann dëst trauregt Koméidistéck géif säi leschten Akt opféieren, ass och net grad Hëllefräich…

mat indymedia/lon/bru

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Neiwahlen, No Deal, Referendum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel