Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi tschechesch Kommuniste wëllen de Kierchen Steieren operleeën
dating with chinese girl https://moien.lu/dating-app-bio-ideas/

my freshman daughter is dating a senior

D‘Kierchen an der tschechescher Republik si revoltéiert, well déi kommunistesch

https://moien.lu/dating-gibson-pickups/
dating with chinese girl https://moien.lu/dating-app-bio-ideas/

What the Fakt – internationalen Dag vun den ausgefalenen Nimm

Wien wiers Du, wanns du keen Numm häss? Mëscht eise

Luerenzweiler: déi eppes aner Kontrollstatioun
dating with chinese girl https://moien.lu/dating-app-bio-ideas/

Luerenzweiler: déi eppes aner Kontrollstatioun

Mat der Reform vun der „Technescher Kontroll“ déi am Dezember

Britescht Parlament stëmmt fir eng weider Verlängerung vum Brexit

May a Corbyn féiere Gespréicher, d‘House of Commons wëll keen Austrëtt ouni Accord

Britescht Parlament stëmmt fir eng weider Verlängerung vum Brexit

Et ass wuel richteg unzehuelen, datt wann et nëmmen eng Entscheedung vun der Unioun wier ob een d‘Briten net einfach erausgeheie soll, de Problem längst geléist wier. Mee d‘Pappe vun der EU hate sengerzäit net ugeholl datt e Member wéilt goen, oder ee sech engem entleedege misst. Also bleift et de Briten iwwerlooss, op se elo endlech ginn, a wéini se da gedenken ze goen.

Gëschter Owend zu London, ass hunn déi Deputéiert engem Gesetz zougestëmmt, mat deem der Regierung operluecht gëtt, eng weider „Verlängerung“ mat Bréissel ze vereenbaren. De Vott am House of Commons ass mat 313 zu 312, nawell eppes knapp ausgefall, a muss elo nach vum House of Lords bestätegt ginn. Sënn an Zweck vum Ganzen? Den haarden Austrëtt verhënneren.

An dat ganz „verkomplizéiert“ sech exponentiell mat der Zäit déi allen Acteuren dervu leeft. Et ass wéi mam Weltënnergank, dee gëtt jo ëmmer nees op en neien Datum festgeluecht. Nom 29. Mäerz soll de „kick out“ den 12. Abrëll stattfannen, an elo wëll d‘Theresa May d‘Verlängerung vun der Verlängerung, datt awer nëmme bis den 22. Mee, fir net mussen un der EU-Wahl deelzehuelen.

E beholl wéi um Schoulhaff

Elo ass awer net domadder gedoen, datt déi bleech Gesiichter am House of Commons sech mat hirer Regierung eenegen, an et enger Verlängerung zoustëmmen. Well onofhängeg vun deem wat d‘Brite wëllen, mussen déi 27 sech och drop aloossen. A well dës Entscheedung net virum Sommet vum 17. Abrëll ka gefält ginn, gëtt et faktesch schonn eng Verlängerung iwwert den 12. eraus.

Déi britesch Parlamentarier wëllen awer sécherstellen, datt d‘Verlängerung – egal wéi se um Enn ausgesäit – vum House of Commons muss ugeholl ginn. Fir de Rescht vun der EU bedeit dat, datt egal wat d‘Theresa May decidéiert, déi britesch Deputéiert et an der Hand hunn eng Verlängerung och iwwert den 22. Mee eraus, also mat Bedeelegung un der EU-Wahl, ze bestëmmen.

Hei huet den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker zwar zum Ausdrock bruecht, datt et keng Bedeelegung un de Walen dierft ginn, mee den EU-Traité ass dat wat en ass, a reng rechtlech betruecht, esou laang wéi Groussbritannien an der EU ass, also déi faméis Scheedung net vollzunn ass, dierfen si un der EU-Wahl deelhuelen an Deputéierter an d‘EU-Parlament setzen.

Feier a Waasser

Interessant, och wann dës Gespréicher erzwonge sinn, de Versuch vum Theresa May mam Jeremy Corbyn „konstruktiv“ no enger Léisung ze sichen. De Spriecher vun der Regierung, deen dozou befrot ginn ass, huet gemengt „Béid Säiten hu Flexibilitéit an Engagement bewisen“. Kloertext: et ass ee kee Millimeter virkomm, mee dat kann een esou net soe well et d‘Leit beonrouege géif…

Zwee „staark Charakter“ si wéi Feier a Waasser, an datt elo all Säit en Team fir d‘Verhandlungen tëscht Torry a Labour opstellt, erhéicht d‘Chance eng akzeptabel Léisung virgeluecht ka ginn. Mee d‘Zäit drängt, an och dës Propose muss vum Parlament ugeholl ginn iert se zu Bréissel, dann awer vun der 27 verbleiwende Memberlänner, och nach muss beroden an akzeptéiert ginn.

Datt awer mëttlerweil all Mënsch an der EU – also déi wou sech nach fir d‘Aktualitéit, d‘Politik an den demokratesche Prozess am grousse Ganzen interesséieren – vun dësem Trauerspill d‘Nues voll hunn, wäert sech an engem äusserst bedenklechen Ausmooss op d‘EU-Wahlen am Mee auswierken. Vill Leit verstinn net, firwat se zu Bréissel de Briten net einfach d‘Sortie kënne weisen…

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Brexit, EU-Kommissioun, Europawahlen 2019, House of Commons, Jeremy Corbyn, Theresa May
Nächsten Artikel Virrechten Artikel