Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt
International Neiegkeeten

D‘Piratepartei stellt fest datt et um Krautmaart u Mediekompetenz feelt

An engem „batter-séissen“ Communiqué huet sech d‘Piratepartei zu #Chamberleaks geäussert.

Trotz héije Präisser verzeechent den Wunnengsmaart eng zolidd Hausse
International Neiegkeeten

Trotz héije Präisser verzeechent den Wunnengsmaart eng zolidd Hausse

An enger parlamentarescher Fro vum David Wagner (déi lénk), déi

Übung mécht de Meeschter! Och am Lëtzebuergeschen!
International Neiegkeeten

Übung mécht de Meeschter! Och am Lëtzebuergeschen!

Wéi all Woch presentéiere mer och haut iech eisen neien

Britescht Parlament huet d‘Recht e Brexit ouni Accord ze blockéieren

Britescht Parlament huet d‘Recht e Brexit ouni Accord ze blockéieren

Et war op e neits ee „schlechten Dag“ fir d‘Theresa May: hir Lordschaften hunn e Méindeg dem Parlament d‘Recht zougesprach, e Brexit ouni Accord ze blockéieren. Zur gläicher Zäit huet de Chef-Ënnerhändler vun der EU virum engem Scheitere vun de Verhandlunge gewarnt.

An der Majoritéit pro-EU, ass am House of Lords, mat 335 géint 244 Stëmmen, en Amendement zu Gesetzprojet iwwer den EU-Austrëtt ugeholl ginn. Dat gëtt dem Parlament de Pouvoir ze verhënneren, datt d‘Regierung aus der europäescher Union erauskënnt, sollt et zu kengem Accord mat Bréissel kommen. Et wier also de Parlamentarier méiglech, nei Verhandlunge virzeschloen.

Déi konservativ Regierung vum Theresa May hat am Virfeld awer drop higewisen, datt een d‘Parlament géif iwwert d‘Scheedungsofkommes ofstëmme loossen. Mee falls den Accord géif zréckgewise ginn, déi eenzeg Optioun, en Austrëtt ouni Accord wier. Dat ass dann awer eng Perspektiv, déi vun de briteschen Entreprisë mat grousse Suerg betruecht gëtt.

Mam Vote am House of Lords, huet d‘Regierung den x-ten Réckschlag säit der Iwwerpréiwung vu sengem Gesetzprojet duerch hir Lordschaften (déi net gewielt sinn) missen hinhuelen. Et illustréiert zudeem déi grouss Divergenz, déi et ënnert den Tories (Konservativ) zum Brexit gëtt.

Nach virum Vote, hat e Spriecher vun der Premierministesch gewarnt, datt den Amendement „d‘Positioun vu Groussbritannien bei de Brexit-Verhandlunge schwäche géif“. Den Text muss awer an de nächste Wochen nees den Deputéierte virgeluecht ginn, déi dëse schonn am Januar ugeholl haten, an den Amendement kéinte kasséieren.

E riskant Spill

De Vote war nëmmen e puer Stonne geholl ginn, nodeems de Chef-Ënnerhändler vun der EU, de Michel Barnier, eng Warnung zur Situatioun vun der nordirescher Grenz ausgeschwat hat.

„De Kader vum Accord muss eng däitlech an operationell Léisung betreffend Irland enthalen“, esou seng Deklaratioun bei enger Pressekonferenz zu Dundalk an Irland. „Esou laang wéi et heizou keen Accord gëtt, besteet de Risk, datt d‘Verhandlungen net zu engem Resultat féieren“.

Hie bleift awer optimistesch, datt et bis zu de Sëtzunge vum Europarot am Juni an dann am Oktober, zu Fortschrëtter ka kommen. Woubäi den Akzent drop geluecht ginn ass, datt hien engem „verschleefen“ vum Accord net favorabel géinteniwwer steet.

Groussbritannien an d‘EU hu wuel betount, datt si alles ënnerhuele fir eng „haart Grenz“ mat Nordirland nom Brexit ze verhënneren, well domatter och de Friddensvertrag vun 1998 um Spill steet. Dëse Friddensvertrag hat sengerzäit déi bluddeg Ausenanersetzung tëscht Nationalisten an nordireschen Unioniste beendegt.

Am Mäerz haten d‘Briten zougestëmmt, an d‘Virlag vum EU-Austrëtt, d‘Optioun vun engem „gemeinsame reglementéierte Raum“ deen d‘EU an Nordirland aschléisst, opzehuelen. Wéinstens esou laang bis eng vertragsfäeg Léisung virgeschloe gëtt.

Dës Léisung, déi als „backstop“ bezeechent gëtt „läit um Dësch wéinst de roude Linnen déi Groussbritannien gezunn huet“, ënnersträicht de Michel Barnier. London huet sech jo dozou entscheet d‘Zollunioun an den EU-Bannemaart nom Brexit ze verloossen.

D‘Souveränitéit gëtt net a Fro gestallt

Fir den Chef-Ënnerhändler handelt et sech hei ëm eng „operationell Léisung“ déi vun der EU virgeschloe gëtt „déi konstitutionell Integritéit vu Groussbritannien geet net a Fro gestallt“. Ënnert de Brite geet awer d‘Angscht ëm, datt et zu enger Bannegrenz komme kéint, wann Nordirland déi europäesch Reglementatioun bäibehält.

Eng Kritik déi notamment vun den Deputéierte vun der klenger nordirescher Partei DUP kënnt. D‘DUP ass de wichtegsten Alliéierte vum Theresa May, déi nëmmen eng marginal Majoritéit am Parlament huet.

Wéi de Michel Barnier am Nomëtteg zu Newry, op der Nord-Säit vun der Grenz ukomm ass, wou hien Acteuren aus der Wirtschaft begéint ass, huet hie widderholl, datt London a Bréissel sech eens sinn „d‘Wirtschaft vun der Insel an all Form vun Zesummenaarbecht tëscht dem Norden an der Republik ze schützen“.

Eppes méi fréi, hat den iresche Premierminister Leo Varadkar deklaréiert, datt an kengem Fall „Irland an d‘EU op eng Annexioun vun Nordirland“ aus sinn. Hie betount, datt d‘Léisung vum „backstop“ vu kenger Säit begréisst gëtt, mee et „déi rout Linne sinn, déi Groussbritannien gezunn huet, déi de Problem eréischt geschaaft hunn“.

mam Edouard Guihaire an dem Julien Lagache/AFP

Foto: De Chef-Ënnerhändler vun der EU, Michel Barnier op der Pressekonferenz beim Biergerdialog am Dundalk Institute of Technology. Hie warnt virun de Risiken, déi et fir e Brexit-Accord gëtt, sollt et net méiglech sinn, eng „operationell Léisung“ fir Irland ginn. © Paul Faith/AFP

Ähnlech Sujeten Brexit, House of Lords, Irland, Michel Barnier, Nordirland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel