Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Boris de Baumeeschter
International Neiegkeeten

Boris de Baumeeschter

De Premierminister Boris Johnson huet an enger Ried ugekënnegt, datt

De Modu 2.0, erkläert
International Neiegkeeten

De Modu 2.0, erkläert

Mam Modu 2.0 wëll een de Mobilitéitsproblem zu Lëtzebuerg upaken.

Nei Forme fir d’Landwirtschaft: Déi lokal Produktioun am Fokus
International Neiegkeeten

Nei Forme fir d’Landwirtschaft: Déi lokal Produktioun am Fokus

Gëschter huet de Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung

Britten dreiwen d‘EU un de Rand vum Wahnsinn

Britten dreiwen d‘EU un de Rand vum Wahnsinn

De Boris „King of the World“ Johnson hat Bréissel en Ultimatum gestallt, bis zum 15. Oktober en Handelsofkommes mam Empire ofzeschléissen… D‘EU hat dat zur Kenntnis geholl an huet emol ofgewaart, wat do nach esou sollt kommen. Et koum näischt, de 15. ass laanschtgaangen an deen drolege Britt mat der geckeger Frisur, hat säin eegenen Ultimatum ganz vergiess.

Elo heescht et säitens dem brittesche Premierminister, datt hien seng Decisioun nom EU-Sommet doriwwer entscheede wëll, wéi et bei de Verhandlunge mat der EU betreffend Handelsofkommes a Kooperatiounsofkommes soll weidergoen. Dat géif Sënn maachen, wann de Boris Johnson net wéisst, wat nei der Aussprooch ënnert de 27 Regierungs- a Staatscheffen um Enn erauskënnt.

Fir d‘Regierungs- a Staatscheffe vun der Unioun ass d‘Richtung awer mëttlerweil kloer, an et ass net virstellbar, datt sech dären hir Positioun no allem nach emol wäert zugonschte vun de Britten änneren. Mee et ass ee manéierlech, firwat dann d‘EU-Kommissioun mam Michel Barnier wäert bis zur leschter Sekonn verhandelen, ouni och nëmmen déi geréngsten Anung ze hunn, wat erauskënnt.

Dat huet natierlech och domadder ze dinn, datt obwuel et rechtens wier déi bockeleg Famill einfach vrun d‘Dier ze setzen, dat eenzeg dem brittesche Premierminister géif an d‘Hänn spillen. Op eng Lige kënnt et dësem bekanntlech net un, an d‘EU als de „Schëllege“ presentéieren ze kënnen, wier no der Covid19-Heelung e weidert Geschenk vum Himmel. Esou einfach geet et dann awer net.

Aarsch mat Oueren

Et ass jo erwisenermoosse vun Ufank un dem Boris Johnson säi Plang gewiescht, den haarde Brexit erbäizeféieren – anescht géif et kee Sënn maachen, vu sengem Parlament en gültege Staatsvertrag tëscht der EU a Groussbritannien ëmschreiwen ze loossen. Säin Ominéist Bannemaartgesetz kënnt jo net vun ongeféier, an hat eenzeg zum Zweck d‘Scheedung am gudde Platzen ze loossen.

Datt sech déi Europäesch Unioun dann awer un eng „al Frëndschaft“ klamert, léisst sech nach just esou erklären, datt et ee brauch deen d‘Verantwortung fir den Desaster iwwerhuele muss. D‘EU-Kommissioun a vill vun de 27 Regierungs- a Staatscheffen dinn sech also schwéier domadder, d‘Realitéiten ze erkennen. Dofir gëtt sech dann och um Verhandlungsmandat festgehalen.

Groussbritannien „enk un d‘EU unzebannen“ ass awer eenzeg an eleng am Interessi vun der EU, och wann et net verkéiert ass unzehuelen, datt et och am Interessi vum brittesche Vollek wier, wann dëst sech net fir den austrëtt entscheet hätt. Sech un d‘EU ubannen ze loossen, ass awer ganz kloer net am Interessi vum Johnson a sengen Tories. Déi sinn op Krawall aus a et schéngt ze klappen.

Et wier am presente Fall vu géigesäitegem Interessi, wann eppes méi Sënn fir politesch Realitéite kéint opbruecht ginn. Ëmmerhi sollen d‘Interesse vu Bierger vertruede ginn, mee déi schénge scho länger keng grouss Roll beim Brexit ze spillen. Mee d‘Kaarte leien um Dësch a keen huet nach en Tromp am Äermel. Do nach wëllen d‘Rudder erëm ze räissen, dierft eng Saach vu Gléck sinn.

mat indymedia/bru/lon

Illustratioun: © John Cameron / unsplash

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, EU-Kommissioun, Groussbritannien, Handelsofkommes, Michel Barnier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel