Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi lénk solidaresch mat der Communautéit vu Rojava
Kultur Neiegkeeten

déi lénk solidaresch mat der Communautéit vu Rojava

Nodeems si eng Haaptroll an der Néierlag vun Daesh gespillt

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!
Kultur Neiegkeeten

Auslännerwahlrecht: d‘ASTI gëtt keng Rou!

Wann de Referendum vun 2015 och en zimlech „eendeitegt“ Resultat

Kultur Neiegkeeten

Konditiounen Gewënnspill MELLIS

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Start vum 11. britteschen an iresche Filmfestival

Hei gëtt et eppes fir d‘Aen an d‘Häerz… bis op ee Film feiere se hei alleguerte Première

Start vum 11. britteschen an iresche Filmfestival

Sponsored Story: Mat der Ënnerstëtzung vum Irish Club of Luxembourg fënnt dëst Joer op en Neits de „British & Irish Filmfestival“ statt. Déi 11. Editioun fënnt statt vum Freideg 18. September bis e Samschdeg den 26. September.

Dëst ass eng eenzegaarteg Geleeënheet, eng grouss Auswiel vun neie britteschen an iresche Filmer kennenzeléieren. An 9 Deeg gi 14 Spillfilmer an e puer Kuerzfilmer gewisen, déi eng breet Palett vu Film-Genren ofdecken – haaptsächlech aus dem Independant-Beräich.

De British & Irish Film Festival Luxembourg bitt seng Sëtzungen op dräi Plazen un: am Ciné Utopia um Lampertsbierg, am Kinepolis um Kierchbierg an an der Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg.

Den Optakt vum Festival gëtt mat der Virféierung vum Film The High Note (La Voix du Succès) gemaach, en angloamerikaneschen Drama deen sech an der Museksindustrie ofspillt. Den Ofschloss ass eng Lëtzebuergesch Premiere a se gëtt mat Spannung erwaart. Et ass eng Koproduktioun tëscht Irland, Lëtzebuerg an der Belsch. De Film heescht The Racer- et ass en Drama iwwert d’Welt vum professionelle Vëlossport.

All d’Filmer (bis op een), ginn an den 9 Festivalsdeeg déi éischte Kéier engem Publikum presentéiert. Et sinn souzesoe „Premièren“ a Lëtzebuerg dierf sech houfreg weisen, dofir d‘Bün bereetzestellen. An dësem besonnesche Joer 2020 huet sech de Veranstalter vum Festival Geoff THOMPSON nawell enger Erausfuerderung misse stellen. Et war net evident dëst Evenement wärend der COVID-19-Pandemie ze plangen.

«De Moment sinn d’Kinoen op, schaffen allerdéngs just mat 25 Prozent vun hire Kapazitéiten. Se bidde méi eng geréng Unzuel u Virféierungen un, fir datt d’Sécherheetsmoossnamen agehale kënne ginn an tëscht de verschiddenen Opféierungen zousätzlech gebotzt ka ginn. Mä mir schaffen zënter 10 Joer mat der Cinemathéik, dem Utopia an dem Kinepolis-Kierchbierg zesummen a mir si sécher, datt dëst Festival, mat deem vun ons zesumme gestallte Programm, genee esou e Succès wäert hunn, ewéi déi aner Joren och»

«Leider kann eis traditionell “Documentary Double Bill” net opgefouert ginn, esou de Geoff Thompson. Dëst Joer kann och weder de Vintage-Owend, nach Ciné-Kichen oder d‘Empfäng no de Filmer organiséiert ginn. Et mussen och iwwert d‘Dauer vum Filmfestival d‘Covid19-Reegele strikt agehale ginn. Wärend bestëmmte Virféierunge ginn dofir eng Rei Kaddoen ugebueden an och Fläsche mat hydroalkoholeschem Gel an de Faarwe vum Festival ginn un d‘Gäscht verdeelt.

Fir dës Ausgab ginn e puer interessant Ticket-Formelen ugebueden an zwee Online-Evenementer organiséiert: e Seminär iwwer de Kuerzfilm an den onvermeidleche Filmquiz.»

De Festival vun 2020 wäert net ouni déi beléiften Zesummentreffen an Debatten tëscht der Ëffentlechkeet, de Schauspiller, Regisseuren a Produzente sinn. An dat wärend 9 Virféierungen. Ausnamsweis versprécht d’Festival dëst Joer bedeitend Gäscht (d’Lëscht kënnt Dir méi ënnen nokucken). All Fro- an Äntwert Sëtzungen, déi sech no de Virféierungen ofspillen (mat Ausnam vun der Lëtzebuerger Filmproduktioun), fannen dëst Joer als Ersatz aus der Distanz statt.

Vu Cinephille bis Filmstudent ass dëst eng seele Geleeënheet, déi Besonneschkeete vun der Filmproduktioun kennenzeléieren a Schauspiller aus der brittescher an irescher Filmzeen ze treffen.

All weider Informatiounen zum Programm fannt Dir ënner www.bifilmseason.lu.

Ewéi an de Virjoreen och, steet dat traditionellt Filmquiz um Programm. Deen ass fir de 14 Oktober ageplangt a fënnt anzwousch anescht an online statt. Equippe vun 2 bis véier Persoune kënnen hei nees ëm flott Präisser kämpfen.

De Kuerzfilmseminär ass och online, den Datum dofir ass den 23. September. Et ass eng Zesummenaarbecht mat der Handelskummer Irland-Lëtzebuerg. Deelhuele kascht näischt. Et komme véier Spezialisten zesummen, dorënner de Kuerzfilmprogramméierer vu Galway Film Fleadh, hie representéiert de Lëtzebuerger Filmfong. Mee och Filmmécher aus Irland a Lëtzebuerg si mat vun der Partie.

An dësem Joer gëtt et ënnert anerem e Publikumspräis, esou wéi och e Kritikerpräis, deen ënnert der Bedeelegung vu Membere vun der Lëtzebuerger Associatioun vun der Presse Cinematographie (ALPC) nach muss auserwielt ginn. E Member aus der Ëffentlechkeet gëtt och ausgewielt, e gewënnt eng Fläsch Magnum de Crémant de Bernard-Massard.

Een Ticket kascht 9 Euro pro Persoun a Film, e kann iwwert de Site www.luxembourg-ticket.lu reservéiert ginn. De ‘Special Season Ticket’ ass och online disponibel, genee esou aner Offeren (2 Filmer fir 15€ oder 3 fir 20€). Weider Informatiounen zum Präis a Kaf vun den Tickete fannt Dir ënnert www.bifilmseason.lu. Jee no Disponibilitéit kënnen se och op der Plaz kaf ginn.

De British & Irish Film Festival Luxembourg gouf erëm virbildlech vun Edinburgh International Film Festival a vu Galway Film Fleadh ënnerstëtzt. Déi meeschte Filmer aus dësem Programm feieren um Festival hier Première.

De British & Irish Film Festival Luxembourg seet och dem Irish Film Institute an dem Lëtzebuerger Filmfong, souwéi der irescher Botschaft fir hire Patronage an de finanzielle Beitrag e grousse Merci fir hier Ënnerstëtzung. Och dem iresche Botschafter Stephen Dawson a John Marshall gëllt et Merci ze soen.

De British & Irish Film Festival Luxembourg wëll sech och häerzlech bei senge Sponsore fir d’Ënnerstëtzung bedanken – an nach méi an dësem Joer, well vill Organisatioune vun der COVID-19-Pandemie finanziell betraff sinn.

“Mir wëlle ganz besonnesch eise Bronze-Sponsore Banque Havilland, BGL BNP Paribas, der irescher Handelskummer Lëtzebuerg, souwéi och ville Partner ewéi DHL, Bernard Massard, Home from Home an de Medienpartner Merci soen: ARA City Radio, Chronicle.lu, Delano a Moien.lu. Dëse Festival ass den Organisatioune fir hiert Engagement an hier Ënnerstëtzung fir gesellschaftlech a kulturell Evenementer duerch „responsabilité sociale des entreprises“ (RSE) zu Dank verflicht.”

De Programm:

  • Dënschdeg, den 8. September am Ciné Utopia um 19h00: The Personal History of David Copperfield (EN, US, 119 min) vum Armando Iannucci. Eng begrenzten Unzuel un Tickete fir d’Premiere vum Film, deen net Deel vum Festival ass, ass erhältlech.
  • Freideg, den 18. September am Ciné Utopia um 19h00 : The High Note (EN, US, CH, 113 min) vum Nisha Ganatra
  • Freideg, den 18 September am Ciné Utopia um 21h30 : Strange But True (EN, CA, 95 min) vum Rowan Athale
  • Samschdeg, den 19. September am Ciné Utopia um 16h30 : Sulphur & White (EN, 121 min) vum Julian Jarrold
  • Samschdeg, den 19. September am Ciné Utopia um 19h00 : A Bump Along the Way (NI, 95 min) vum Shelly Love
  • Samschdeg, den 19 September am Ciné Utopia um 21h30 : I See You (EN, US, 96 min) vum Adam Randall
  • Sonndeg, den 20 September am Ciné Utopia um 16h30 : The Tribe of Gods (IE, FR, 92 min) vum Loïc Jourdain, op Iresch mat engleschen Ënnertitelen
  • Sonndeg, den 20 September am Ciné Utopia um 19h30 : The Keeper (EN, DE, 120 min) vum Marcus H. Rosenmüller
  • Méindeg, den 21 September an der Cinemathéik um 20h30 : The Last Right (IE, 106 min) vum Aoife Crehan
  • Dënschdeg, den 22 September an der Cinemathéik um 20h30 : The Castle (IE, LI, 115 min) vum Lina Luzyte
  • Mëttwoch, den 23 September an der Cinemathéik um 20h30 : Arracht (IE, 86 min) vum Tom Sullivan, op Iresch mat engleschen Ënnertitelen
  • Donneschdeg, de 24 September an der Cinemathéik um 20h30 : Bruno (IE, EN, 94 min) vum Karl Golden
  • Freideg, de 25. September an der Cinemathéik um 20h30 : Breaking Ice (IE, 70 min) vum Jason Branagan
  • Samschdeg, de 26 September am Ciné Utopia um 19h00 : Awards & The Racer (IE, LU, BE, 97 min) vum Kieron J. Walsh

Besonnesch confirméiert Gäscht:

  • A Bump Along the Way : Louise Gallagher (Produzent) an Bronagh Gallagher (Schauspillerin, déi och an dëse Filmer matgespillt huet: The Commitments, Pulp Fiction et Star Wars, Die dunkle Bedrohung)
  • Arracht : Seán T. Ó Meallaigh (Schauspiller, och bekannt aus An Klondike, Maze, Jimmy’s Hall a Vikings (Serie))
  • Breaking Ice : Jason Branagan (Regisseur)
  • Bruno : Diarmaid Murtagh (Schauspiller, och bekannt aus Monuments Men, Robert the Bruce a Vikings (Serie))
  • Sulphur & White : Julian Jarrold (Regisseur – och vu Kinky Boots, Titre original: Brideshead Revisited an A Royal Night Out)
  • The Castle : Lina Luzyte (Regisseurin, Dréibuchauteur)
  • The Last Right : Aoife Crehan (Regisseur, Dréibuchauteur)
  • The Racer : Kieron J. Walsh (Regisseur), Jesus Gonsalez (Produzent) an ouni Zweiwel nach anerer
  • The Tribe of Gods : Loïc Jourdain (Regisseur, Co-Dréibuchauteur)

Vill Spaass!

Ähnlech Sujeten Britisch Irish Filmfestival, Chronicle.lu, Cinémathéik, Geoff Thompson, Kinepolis, Sponsored Story, Utopia
Nächsten Artikel Virrechten Artikel