Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor
Neiegkeeten

D’Nuklearofkommes mam Iran a Gefor

E ballistesche Rakéitentest vum Iran setzt den internationalen Accord zur

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn
Neiegkeeten

Pestiziden: D‘Gëft an den eegene véier Wänn

Am Kader vun enger Pressekonferenz am Haus vun der Natur

Giel Gileten Akt XI: Samschdes giel Gileten… Sonndes rout Schaler
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XI: Samschdes giel Gileten… Sonndes rout Schaler

Et ware mat 69.000 Manifestanten op dësem 11. Dag vum

Rosa Oktober: Zesumme géint Broschtkriibs

Rosa Oktober: Zesumme géint Broschtkriibs

Eleng zu Lëtzebuerg ginn all Joer méi wéi 500 nei Fäll vu Broschtkriibs erfaasst. An anere Wierder kritt all Dag méi wéi eng Fra d’Diagnos. Mee och Männer kënnen, wann och seelen, dorun erkranken. Ganz der Traditioun no gëtt wärend dem „rosa Oktober“ duerch Evenementer a Sensibiliséierungscampagnen op d’Erkrankung a d’Preventioun opmierksam gemaach.

Fir Solidaritéit mat de Betraffenen ze weisen, verdeelt d’Gesondheetsdirektioun rosa Masken un all Fra, déi an dësem Mount eng Mammographie maache léisst. Wie wëll ka seng Mask kreativ dekoréieren, eng Foto maachen a se mam Hashtag #pinkoctober2020LU op de soziale Medien deelen.

Preventioun ass alles!

Wat de Kriibs méi schnell entdeckt gëtt, wat d’Behandlungsméiglechkeete méi effektiv, d’Therapie manner staark an d’Chance op Heelung méi héich sinn. Aus dësem Grond proposéiert d’Santé säi Programm Mammographie, bäi där Fraen iwwer 50 Joer gebiede ginn, sech jäerlech kontrolléieren ze loossen.

Broschtkriibs© National Cancer Institute / Unsplash

Zu Lëtzebuerg ginn dofir ronn 32.000 Fraen tëscht 50 a 70 Joer Invitatioune fir den Depistage erausgeschéckt. Ëm 18.400 Kandidatinnen huelen dës Offer un. An de leschten 28 Joer huet de Programm aktiv Ënnerstëtzung gebueden a sensibiliséiert. Trotz aktueller Pandemie sollt een ob seng Gesondheet oppassen an e Rendez-vous an der Mammographie maachen.

Bei 8,7 Fraen op 1.000 kann de Broschtkriibs nämlech am fréie Stadium entdeckt ginn. D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet an dësem Kader erkläert: „Fir d’Fraen an hir Famillen, déi dem Kriibs d’Stir bidde mussen, ënnerstëtze mir all Initiativen, déi et hinnen erméiglechen, als Gewënner erauszegoen. Et ass essentiell, datt d’Fraen berouegt ginn a wëssen, datt si a gudden Hänn sinn!“

Wat sinn d’Symptomer?

D’Fondatioun Cancer weist dorobber hin, datt déi folgend Symptomer kënnen, awer net zwangsleefeg mussen op Broschtkriibs hiweisen. Wichteg ass et awer, net laang ze waarden, mee sech vum Dokter ënnersichen ze loossen. Hei si verdächteg Unzeechen:

  • Knuet an der Broschtkriibs
  • Verhäert Lymphkniet ënnert den Ärem
  • Hautopfällegkeeten un der Broscht an/oder Broschtwaarz
  • Verännerungen a Gréisst a Form vun der Broscht

Och Iwwelzegkeet, Verloscht vun Appetit a Gewiicht, e kuerzen Otem, Houscht, Kappwéi, Muskelschwächt, Wéi un de Schanken oder giel Haut kënne Symptomer sinn.

Weider Informatiounen zu de Symptomer, der Mammographie, den Ënnersichungen an der Therapie fannt Dir bei der Fondatioun Cancer.

Broschtkriibs beim Mann – eng seelen Erkrankung

Meeschtens denkt ee bei Broschtkriibs eleng u Fraen als concernéiert Persounen. Mee och Männer kënne Kniet an Tumoren an der Broscht kréien. Bis zur Pubertéit ass d’Broscht vu Meedchen a Jong nämlech bal selwecht opgebaut. Usätz vu Mëllechgäng fanne sech och beim Mann erëm, se gi just net duerch déi weiblech Sexualhormoner weiderentwéckelt.

Ma, de Mann huet zudeem och e klengen Undeel um Hormon Estrogen am Kierper, dee virun allem bei Iwwergewiicht oder Liewererkrankunge klamme kann. Dëst gëtt als méiglech Risikofacteuren ugesinn, ass awer net erwisen.

Weider Risikofacteure sinn Liewerzirrhose, Radiotherapie vum Broschtkuerf, Broschtkriibs an der Famill an de verierfte BRCA1 oder BRCA2-Gen.

D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer huet erkläert, datt Broschtkriibs bei Männer immens seelen ass – manner wéi 1 % am Generellen erkranken un dëser Form vu Kriibs. Rezent Statistike ginn et keng. Laut den Zuelen, déi d’Fondation Cancer huet, waren 2014 am Ganzen 2 Männer erkrankt, an 2017 ass ee Mann u Broschtkriibs gestuerwen.

Ob Mann oder Fra, gitt bei Symptomer bei den Dokter. Et gëllt: Léiwer ee mol ze vill, wéi ee mol ze mann!

Opmaacherbild © Victoria Strukovskaya

Ähnlech Sujeten #pinkoctober2020LU, Broscht, Broschtkriibs, Fréierkennung, Gesondheet, Knuet an der Broscht, Lymphkniet, Mammographie, Oftaaschten, Santé
Nächsten Artikel Virrechten Artikel