Search

You may also like

US-President fuerdert Doudesstrof fir Boston-Attentäter
Neiegkeeten

US-President fuerdert Doudesstrof fir Boston-Attentäter

Den Dzhokar Tsarnaev hat zesumme mat sengem Brudder de 15.

money
FEDIL-Presidentin wëll vu Stagiaire Geld fir de Stage
Neiegkeeten

FEDIL-Presidentin wëll vu Stagiaire Geld fir de Stage

Esouguer wa Lëtzebuerg en industriellt Schwelleland wier, sollt een dovunner

Luxair: Den Adrien Ney gëtt pensionéiert
Neiegkeeten

Luxair: Den Adrien Ney gëtt pensionéiert

Den aktuelle CEO vun der Luxair, Adrien Ney, ass encouragéiert

Rosa Oktober 2019: Déi 17. Editioun vum Broschtkriibslaf

Rosa Oktober 2019: Déi 17. Editioun vum Broschtkriibslaf

Broschtkriibs ass eng vun de weltwäit am heefegsten diagnostizéiert Kriibsaarte bei Fraen. Zu Lëtzebuerg ginn all Joer méi wéi 500 nei Fäll – also méi wéi 1 Fra pro Dag – konstatéiert. An dësem Kontext soll den traditionelle Broschtkriibslaf net nëmmen zur physescher Aktivitéit ermuddegen, mee och ee wichtegt Symbol am Kampf géint déi elle Krankheet duerstellen.

Scho fir eng 17. Kéier gëtt de Broschtkriibslaf an der Abtei Neimënster vun Europa Donna, mat Ënnerstëtzung vum Gesondheetsministère, organiséiert. De Parcours verleeft iwwer 4 km duerch de Péitrussdall, woubäi ee selwer entscheede kann, op ee leeft oder matgeet.

D’Umeldung fannt Dir iwwregens HEI.

Broschtkriibslaf

Preventioun ass essentiell

Zum Kampf géint eng Krankheet gehéiert och ëmmer d’Preventioun dozou. Andeems een ee gesonde Liewensstil ëmsetzt, kann de Risiko fir Broschtkriibs ze kréie reduzéiert ginn. Eleng 30 Minutte physesch Aktivitéite pro Dag verréngere schonn de Risiko fir eng vu ville Kriibsaarten ze kréien.

Eng franséisch Etüd, bei der 70.000 Fraen ënnersicht gi sinn, huet bewisen, datt Broschtkriibs no der Menopaus méi heefeg ausbrieche kann. Dëst läit beispillsweis un Iwwergewiicht, iwwerméissegem Alkoholkonsum oder och enger ongesonder Ernierung. Aus den Donnéeë schléisst een, datt de Kriibsrisiko no der Menopaus duerch ee gesonde Liewensstil ëm d’Halschent kann erofgoen.

Fréierkennung ass den A an O

Wat de Kriibs méi fréi entdeckt gëtt, wat een e méi schnell behandele kann, an dat gëllt wuel fir all Kriibsaart. D’Heelungschance steigen a manner schwéier Therapië mussen agesat ginn. Dofir réit de Gesondheetsministère reegelméisseg an d’Mammographie ze goen. Zu Lëtzebuerg ginn all Joer ronn 30.000 Fraen tëscht 50 a 70 Joer invitéiert an d’Fréierkennung ze goen. Dovunner ginn sech ongeféier 18.000 Frae spéider teste loossen.

Duerch d’Fréierkennung ka bei 6 vun 1000 Fraen de Kriibs an engem fréie Stadium fonnt ginn. Bis op wéineg Ausname kann d’Krankheet besser traitéiert, an esou och den Dout als Folleg verhënnert ginn.

Fraen an hir Famillen, déi mat dëser schlëmmer Krankheet konfrontéiert sinn, kréien duerch divers Initiativen déi noutwenneg Ënnerstëtzung gebueden. Heizou gehéiert ënnert anerem d’Mammographie, woubäi ee mat Sécherheet a professionellen Hänn ass. Méi Informatiounen heizou ginn et ënnert www.sante.lu.

Related topics 4 Kilometer, Broschtkriibslaf, Europa Donna Luxembourg Asbl, Gesondheetsministère, Lafen, Péitruss
Next post Previous post