Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Konscht am Gronn – Dëse Sonndeg nach eppes méi extravagant
International Neiegkeeten

Konscht am Gronn – Dëse Sonndeg nach eppes méi extravagant

E Sonndeg de 4. August stellt sech d‘Stad Lëtzebuerg ganz

Aarbechten an der Hollerecher Strooss um 23. Februar 2020
International Neiegkeeten

Aarbechten an der Hollerecher Strooss um 23. Februar 2020

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt um Sonndeg, den 23. Februar

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg eng Auto-Natioun?

Lëtzebuerg, esou d‘Etüd „Global Automotive Executive Survey 2019“ déi gëschter

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn

Sex tëscht gläichgeschlechtleche Persoune soll zukünfteg mat Stengegung bestrooft ginn

Brunei: Sharia soll verstäerkt ëmgesat ginn

Trotz internationale Protester huet d‘Regierung vum Sultanat Brunei seng Legislatioun nach emol zolidd verschäerft, an esou zukünfteg Geschlechtsverkéier tëscht Homosexuelle mam Dout duerch Stengegung bestrooft ginn. Och d‘Brigange solle méi strenge Strofen zougefouert ginn.

Fir d’LGBTQ-Communautéit war d‘Sultanat Brunei nach ni eng Heemecht. Wie bis ewell an enger homosexueller Bezéiung gelieft huet, konnt bis zu 10 Joer ewechgespaart ginn. Elo, mam neie Beschloss vun der Regierung an der Awëllegung vum autoritäre Sultan, sollen Homosexueller zum Dout veruerteelt ginn. Ab dem 3. Abrëll trëtt dëst Gesetz a Kraaft a gëllt fir Frae wéi fir Männer.

Konform zur Sharia, kann et dann – an dat wäert et am Brunei och – zur ëffentlecher „Bestrofung“ kommen. Vu Schléi mat Stack bis hin zur Stengegung, déi ganz Panoplie vu Strofen, esou wéi se an der Sharia néiergeschriwwe goufen, sollen ugewannt ginn. Dat kléngt dann och net nëmmen no Mëttelalter, dat ass et och. Interessanterweis huet dat keen Afloss op d‘Diplomatie vum Sultanat.

Bedenklech Entwécklung

D‘Nouvelle huet bei de Mënscherechtsorganisatiounen, vun Amnesty International (AI) bis Human Rights Watch (HRW) fir Bestierzung gesuergt. AI huet déi nei Legislatioun als grausam bezeechent an fuerdert vun den Autoritéiten, dës Entscheedung ze iwwerdenken. Esou Strofe wieren net méi Zäitgeméiss, an dat wat d‘Sultanat sech hei erlaabt ass e klore verstouss géint Mënscherechter.

Säitens HRW, ass déi nei Gesetzgebung als eng „schrecklech Entscheedung“ bewäert ginn, an et gëtt betount, datt d‘Doudesstrof u sech scho grausam genuch wier. Mat Sharia-Gesetzer géint Homosexualitéit virzegoe wier zudeem esou absurd wéi Mënscheveruechtend. HRW fuerdert déi international Communautéit op, bei der Regierung vum Sultanat Brunei ze intervenéieren.

Angscht a Schrecke säit 2014

Et war de Sultan Hassanal Bolkiah deen 2014 d‘Sharia als „Gesetz“ agefouert huet. Hie wollt mat dëser Moossnam an där klenger Pëtrol-Monarchie op der Insel Borneo, den Afloss vum Islam stäerken. Dat huet manner domatter ze dinn, datt de Sultan „streng gleeweg“ wier, awer ganz entschidden eppes mat Schreckensherrschaft a Muechtausübung ze dinn. A kee stéiert sech drun.

Wann dann och d‘Stengegung vun Homosexuellen de Summum vun der Schänterlechkeet ass, esou muss drop higewise ginn, datt all Zort vu Verbriechen oder Verstéiss nom Sharia-Recht veruerteelt ginn. Wien am Brunei klaut – de Wäert vum Géigestand ass dobäi ëmmer zweetrangeg – muss elo wëssen, datt him Hänn a Been amputéiert kënne ginn. Kanner gi wéi erwuessener „behandelt“.

Pëtrol, Geld a gutt Bezéiungen

De Sultan Hassanal Bolkiah ass mat Ofstand ee vun de räichste „Monarchen“ op dëser Welt. Hien huet déi fréier britesch Kolonie zanter 1967 fest am Grëff, an e Mënscheliewen huet hei beschtefalls e symbolesche Wäert. Wie sech beispillsweis net op de Punkt genee un d‘Awanderungsgesetz hält, dee kritt es mat der Peitsch. Den Asaz vun dësem „Instrument“ ass am Brunei ganz beléift.

Am grousse Ganzen awer hat sech d‘Sultanat bei der Uwennung vun der Doudesstrof bis ewell am Grëff. Zum Dout veruerteelt goufen eigentlech nëmme Mäerder, Drogenhändler an Terroristen, mee an de leschte Joer war et hei „roueg“. Dat soll sech elo änneren, am Sultanat hu se nees Gefalen dorunner fonnt, Mënschen op schänterlech Aart a Weis ze folteren an ëmzebréngen.

Dobäi kéint et de Mënschen am Brunei esou gutt goe wéi zu Lëtzebuerg. Zweemol esou grouss an der Fläch, mee nëmme ronn 430.000 Awunner, bezitt d‘Sultanat säi Räichtum aus dem Pëtrol an dem Gas. Säi Bildungs- a Gesondheetssystem gëllt als beispillhaft. Fräi Meenung, Reliounsfräiheet oder Rechter fir Fraen, sicht een dogéint vergieflech. Mee d‘Handelsbezéiunge ginn awer gefleegt.

Wat ass d‘Sharia?

De Sujet „Sharia“ ass esou komplex wéi widderspréchlech, an et als Gesetzbuch duerzestellen ass net einfach. Well een net einfach emol esou an d‘Regal gräife kann, an e Buch mam Titel „Sharia“ an de Grapp huele kann. Sharia ass u sech nëmmen e Begrëff, mee ënnert dësem versteet den Islam all d‘Gesetzer an d‘Normen, déi aus dem Koran an der Sunna vum Prophet ervirginn.

Hei fänken dann d‘Schwieregkeeten och schonn un. De Koran ass an enger poetescher Sprooch verfaasst déi schwéier verständlech ass. Dees net genuch, elo gëtt dann och déi sëlleche Suren (Versen) déi sech inhaltlech widderspriechen. Dat och den haidegen Text nach ëmmer deen aus dem 7. Joerhonnert ass, féiert derzou datt net emol Fachleit den Inhalt vum Sënn hir verstinn.

Et dierf ee festhalen, datt déi Texter iwwert esouvill Interpretatiounsspillraum verfügen, datt eleng d‘Sunnitte 4 veschidde Schoule fir Rechtswëssenschaft gegrënnt hunn: hanbalitesch, hanafitesch, maliktesch a schafitesch. Keng léiert datselwecht, esou datt d‘Ënnerscheeder net nëmme grouss, mee fir de Müensch net méi novollzéibar ass. Kuerz, hei ass d‘Willkür Programm, net d‘Ausnam.

mat indymedia/glw

Foto: Wat ausgesäit wéi aus engem Mäerchen, verstoppt e gräissleche Regime. E Regime dee wéinst sengem Räichtum an den natierleche Ressourcen, gehätschelt a getätschelt gëtt, an dem Mënscherechter dann och net mussen ëmgesat ginn. Op der UNO gëtt dat awer „bedauert“.

Ähnlech Sujeten Brunei, Hassanal Bolkiah, LGBTI, Sharia, Sultanat
Nächsten Artikel Virrechten Artikel