Search

You may also like

Nationalfeierdag 2019: Militärparad zu Dikrech mam François Bausch
International Neiegkeeten

Nationalfeierdag 2019: Militärparad zu Dikrech mam François Bausch

Zesumme mam Verdeedegungsminister François Bausch an dem Generol Alain Duschène

Sécher ënnerwee: ACL-Kannersëtzbasar an der Belle Etoile
International Neiegkeeten

Sécher ënnerwee: ACL-Kannersëtzbasar an der Belle Etoile

E Samschdeg, den 23. November organiséiert de Lëtzebuerger Automobilclub (ACL)

Brutalen Iwwerfall op Homosexuellen

Brutalen Iwwerfall op Homosexuellen

E 24 Joer ale Student a säi Frënd goufen a leschte Weekend zu Münster fir d’éischt schwulefeindlech beleidegt an dono kierperlech attackéiert. D’Police huet et fir d’éischt net fir néideg gehalen, d’Ëffentlechkeet iwwert dës homophob Strofdot ze informéieren.

Allerdéngs gouf iwwer ageschloen Autosfënsteren, geklauten Zigaretten an e verluerenen Eemer Faarf informéiert. Dem Zeitungsbericht no waren dat 24 Joer aalt Haaptaffer a säin 23 Joer ale Frënd ee Samschdeg 17. Oktober kuerz no 22 Auer um Roggenmaart ënnerwee, wéi si vun engem Grupp Jugendlecher fir d’éischt beleidegt goufen.

“D’Wierder ‚schwul‘ an ‚abartig‘ si gefall”, huet de Student der Lokalzeitung erzielt. De 24-Järegen huet de Grupp zu Riets gestallt, an doropshi gouf hie brutal ugegraff. Obwuel hien no engem Fauschtschlag ouni Bewosstsinn war, ass weider op hien ageschloe ginn. D‘Ugräifer hunn sech uschléissend duerch d’Bascht gemaach. Een Taxichauffer, deen d’Dot matkritt huet an agräife wollt, gouf dono och verbal ugegraff. Hie soll probéiert hunn de Grupp ze verfollegen, huet se awer bei der Poursuite aus den A verluer.

Am Spidol gouf beim Affer en Scheedel-Hir- an e Kiferbroch festgestallt. “Ech kann aktuell och net richteg schwätzen“, zitéiert d’Münster-Zeitung aus enger Noriicht vum 24-Järegen. Opgrond vun de schwéiere Blessure konnt hie säit der Dot keng Virliesunge méi besichen.

D’Police, déi de Virfall géigeniwwer vun der Münster-Zeitung bestätegt huet, weist drop hin, dann d‘Servicer am Begrëff sinn Biller aus Iwwerwaachungskameraen auszewäerten.

Bis elo huet d’Affer Münster ëmmer als queerfrëndlech Stad empfonnt an ni Haass an/oder Gewalt erlieft. Et deet him och net leed, datt hien de Grupp mat hire schwulefeindleche Beleidegunge konfrontéiert ze hunn. “Ech géif et erëm maachen. Ëmmer erëm. Et gi Saachen, déi een der Gesellschaft net duerchgoe ka loossen.” Hien léisst sech net aschüchteren a wäert och weiderhin Hand an Hand mat sengem Frënd duerch d’Stad goen.

mat queer.de

Illustratioun: © Robert V. Ruggiero / unsplash

Related topics Däitschland, Gewalt, Homophobie, Homosexualitéit, Iwwerfall, Münster
Next post Previous post