Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Fairtrade Label: Eng Garantie fir de fairen Handel
Neiegkeeten

De Fairtrade Label: Eng Garantie fir de fairen Handel

Mir verdanken et de Baueren op der ganzer Welt, datt

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!
Neiegkeeten

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!

Schonn an de leschten zwee Joren huet de Paul Galles

Brexit: „de nordiresche Patient“
Neiegkeeten

Brexit: „de nordiresche Patient“

Gëschter huet déi britesch Regierung d‘Menace vun der klenger nordirescher

Nei bei natur&ëmwelt Asbl.: Les mammifères du Luxembourg

Nei bei natur&ëmwelt Asbl.: Les mammifères du Luxembourg

Dat neit Buch Les mammifères du Luxembourg, wat vun natur&ëmwelt Asbl., dem Ëmwelt- a Klimaministère an der Natur- a Bëschverwaltung erausbruecht ginn ass, weist op 224 Säiten all Aarte vu bekannte Mammendéieren, déi zu Lëtzebuerg ze fanne sinn. Nach ëmmer gehéiert dëse Grupp vun Déieren zu de mysteriéise Liewewiesen, wëll hiert Liewen éischter am Verbuergenen, oder och an der Nuecht ofleeft.

„Les mammifères du Luxembourg“ presentéiert 72 Aarte vu Mammendéieren a reecht vun der Nymphefliedermaus déi knapp 6 Gramm weit, bis hin zum Hirsch mat sengen imposanten 250 Kilo. D’Rees geet weider vum eurasesche Biber bis zeréck bei de Wollef.

Unhand vun zwou Faarffotoen, informativen Texter an den Numm a 6 Sproochen (dorënner och Portugisesch) ginn d’Mammendéiere vu Lëtzebuerg dem Lieser am Detail virgestalt. Dobäi bezitt sech ee ganzt Kapitel just op de Schutz vun den Déieren.

Fir 25 € kann een „Les mammifères du Luxembourg“ am Shop nature vum Haus vun der Natur op der Kockelscheier, am Biodiversum zu Remerschen, bei der Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeleng, sou wéi an zuelräiche Librairie kafen. Donieft kann d’Wierk och fir 28 € bestallt ginn (3 € si fir d’Fraise vum Schécken), andeems Dir d’Suen op de Konto CCPL LU50 1111 0511 3112 0000 vun natur&ëmwelt iwwerweist. Vergiesst hei net Är Adress unzeginn.

  • ISBN: 978-2-9199511-2-3
  • Auteur: Laurent Schley & Jan Herr
  • Editeuren: natur&ëmwelt Asbl., Ëmwelt- a Klimaministère, Natur- a Bëschverwaltung
Ähnlech Sujeten ANF, Biodiversum, Buch, Ëmweltministère, Fleegestatioun fir wëll Déieren, Haus vun der Natur, Kockelscheier, Laurent Schley a Jan Herr, Les mammifères du Luxembourg, Librairie, Natur- a Bëschverwaltung, natur&ëmwelt Asbl, Rëmerschen, Shop Nature
Nächsten Artikel Virrechten Artikel