Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: Virun 208 Joer war dat éischt Oktoberfest zu München
Kultur Meenung

What the Fakt: Virun 208 Joer war dat éischt Oktoberfest zu München

Den Oktober ass bekannt dofir, datt mir am Dirndl an,

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs
Kultur Meenung

Lampertsbierger Syndikat: Ze vill Verkéier, ze vill Schüler, net genuch gréngs

Op der Generalversammlung vum Lampertsbierger Syndikat, deen och Member vun

Belsch Schüler engagéiere sech konsequent fir de Klima
Kultur Meenung

Belsch Schüler engagéiere sech konsequent fir de Klima

Si ware uechtert Belsch verdeelt zu hirer 30.000, dovunner eleng

Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?

Wéi mer eis selwer a punkto Lieskultur schueden

Wësse mer d’Buch net genuch ze schätzen?

Literatur ass eist Portal an aner Welten, aner Zäiten a Perspektiven. Si erhéicht eise d’Versteesdemech fir aner Leit an aner Kulturen. All Buch kann eis Mënschekenntnis an Toleranz weider stäerken. Ëmsou méi erschreckend ass et dann, datt manner gelies gëtt.

Dëst ass virun allem dann tragesch, wann et ëm d’Jugendlecher geet. An enger Studie vun der Stiftung Lesen gouf 2010 nach festgehal, datt nëmmen all 4. Jugendlechen ënnert 14 op mannst eelef Bicher am Joer liest. E Véirel gräift nie zu engem Buch. Am Lieseverstoe si mer bei der PISA-Studie op der 32. Plaz geland. En Indikator dofir, datt och hei am Land net genuch gelies gëtt.

Eis Schoule spillen do nëmmen deelweis eng Roll. Hire Stonneplang ass scho voll, a Literatur ass op deem duerchaus vertrueden. A mengen An ass et éischter doheem, wou et hapert. Oft genuch ass bei den Elteren d’Appreciatioun fir dat geschriwwent Wuert, sief et tëscht Buchdeckelen oder am digitalen, häerzhaft geréng.

Aner Acteuren, wéi d’Bibliothéiken, méien sech all Joer dorunner of, e jonkt Publikum méiglechst fréi unzeschwätzen. Dat duerch hiren enorme Choix u Kanner- a Jugendliteratur op der enger, a reegelméisseg Autoreliesungen a Kannerprogrammer op der anerer. Mee all des Institutiounen kënnen net ausgläichen, wat doheem feelt.

Dowéinst wier et un der Zäit, eng breeder Diskussioun dozou ze féieren. Den Akzent méi op déi positiv Aspekter vun enger uerdentlecher Lieskultur ze setzen. Datt dat heiansdo heescht, den Handy op d’Säit ze leeën, an sech Zäit ze huelen, fir en Text ze liesen an ze verstoen, däerf een net vergiessen. An déi vill Mediekonkurrenz mécht et dem Buch do d’Liewe mi schwéier. Mee et ginn do Stolperstäng, déi net misste sinn. Wéi zum Beispill eng deels ënnerentwéckelt an akut ënnerappréciéiert national Literaturzeen.

Liesen a Literatur kéinte Lëtzebuerg an eis Gesellschaft e gutt Stéck viru bréngen. An där Hisiicht kann awer zum Gléck jiddereen mam gudde Beispill viru goen. Et geet ganz einfach: Buch an d‘Grapp, an drop lass!

Ähnlech Sujeten Bicher, Kultur, Lëtzebuerg, Literatur, Nation Branding
Nächsten Artikel Virrechten Artikel