Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ruckelzegen Humor a Marionetten: d’Produzente vun der Sesame Street zéie viru Geriicht
https://moien.lu/best-dating-site-for-20-somethings/ Neiegkeeten

economist speed dating

De Studio hannert der mythescher US-Sendung Sesame Street ass net

speed dating sur rouen
https://moien.lu/best-dating-site-for-20-somethings/ Neiegkeeten

CGFP: „D‘Zousazofkommes am ëffentlechen Déngscht muss integral ëmgesat ginn!“

A senger leschter Sëtzung virun der Summerpaus, hat e Méindeg

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)
https://moien.lu/best-dating-site-for-20-somethings/ Neiegkeeten

InBev: Et muss een net mat allem averstane sinn (e Kommentar)

Et gëtt villes wat d‘Welt net brauch, an dozou gehéiert

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”

Buch vs Film: „Das Zeiträtsel”

Bicher a Verfilmungen – dat ass esou eng Saach… Well ech meeschtens d’Bicher vir d’éischt liesen, sinn ech dacks iwwert de Film frustréiert. Déi filmesch Ëmsetzung kann net mat mengem Kappkino mathalen.

Gutt, et ginn natierlech Ausnamen, mä ech géif Iech gäre meng Erfarung mat der „Madeleine L’Engle“ hirem Roman „Das Zeiträtsel“ erzielen.

D’Buch ass ee Klassiker, dat gutt Stéck huet scho fofzeg Joer um Bockel. Wann een dat net weess, fält et vum Schreifstil hier, guer net op. Gemëscht mat enger Portioun Naturwëssenschaft a Philosophie ass den Text nawell ee Lieserliefnis.

D’Charaktere goufe mat vill Häerz gezeechent, een ass méi speziell ewéi deen aneren – zemools den Charles Wallace ass mir un d’Häerz gewuess. Hien ass dem Meg säi klenge Brudder – hire Papp ass virun e puer Joer spurlos verschwonnen.

FilmHir Elteren si brillant Wëssenschaftler… huet et villäicht eppes domat ze dinn? D’Famill huet d’Hoffnung net opginn, de Papp erëmzefannen, an duerch dem Charles Wallace seng aussergewéinlech Intuitioun, weess en, dass eppes Grousses op d’Famill duerkënnt …

D’Gesëschter maachen d’Bekanntschaft vun dräi fantastesche Gestalten – et si Wiesen aus der Galaxie. Si bidden de Kanner hier Hëllef un, de Papp schéngt a grousser Gefor ze sinn! D’Grupp kritt vum Calvin ënnert d’Äerm gegraff – hien ass ee Schoulkomerod vum Meg an dem Charles Wallace.

Ongeféierlech ass dës Rees duerch Raum an Zäit sécherlech net, d’Kanner léiere friem Welte kennen a mussen allerlee Schwieregkeeten iwwerwannen. Mä fannen se de Papp mat Zäiten? Gi si dat däischtert Monster meeschter, oder huet d‘Däischtert se fest am Grëff? Ee wichtege Message huet d’Autorin fir eis – gleeft un Iech selwer! Alles ass méiglech!

Elo zum Film:

De Trailer huet mech virwëtzeg gemaach, ech hunn de Film onbedéngt misse gesinn. A leider gouf ech batter enttäuscht, hätt ech et nëmmen si gelooss. De Film huet mam Buch net vill gemeinsam, d’Charaktere komme vill ze kuerz.

Dem Charles Wallace seng Genialitéit kënnt net zum Virschäin, d’Meg ass ze naiv, an d’Wiesen si mir ze lëschteg gewiescht. Hier Eeschthaftegkeet a Stäerkt huet mech am Buch beandrockt. D’Mamm hat leider wéineg Zeenen, an der Textversioun stécht se duerch hier Perséinlechkeet eraus.

FilmMenger Meenung no, gouf am Film villes an d’Lächerlecht gezunn – Humor ass jo net verkéiert, awer wann ech gelift op de richtege Plazen. Dëse Film hat awer och eppes Guddes – nämlech ee Schluss!

Ech weess, de Film huet 105 Minutten, et kann een net déi ganz Handlung vum Buch mat apaken, mä wann ech gelift, d’Buch huet just 204 Säiten, do hätt méi genotzt sollten a kéinte ginn – d‘Potenzial wier do gewierscht. Et stellt sech also d‘Fro: Wollt Disney just Sue verdéngen?

Ech si mir sécher, dass d’Madeleine L’Engle ganz entsat gewiescht wier. Fazit: Ech bleiwe bei menge Bicher, vu Verfilmunge sinn ech elo eng Zäit laang geheelt.

Ähnlech Sujeten Bicher, Buch, Das Zeiträtsel, de Bichergeck, Madeleine L'Engle
Nächsten Artikel Virrechten Artikel