Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng verpasste Chance fir eng nohaltegt Agrarwirtschaft
Kultur Neiegkeeten

Eng verpasste Chance fir eng nohaltegt Agrarwirtschaft

Am Oktober 2020 sollt de méijärege finanzielle Kader an déi

An d‘Netz gaangen
Kultur Neiegkeeten

An d‘Netz gaangen

Mir kréien et bei all Wahlkampf op en Neit ze

money
Entwécklung am Handelskrich: China besteiert 128 amerikanesch Produiten
Kultur Neiegkeeten

Entwécklung am Handelskrich: China besteiert 128 amerikanesch Produiten

Um haidege Méindeg huet China entscheet, Strofsteieren op 128 amerikanesch

Buchpresentatioun vun “Arthur und die Farben des Lebens”

Buchpresentatioun vun “Arthur und die Farben des Lebens”

Schonn eleng de Buchcover vun “Arthur und die Farben des Lebens” (Verlag C. Bertelsmann) huet mech virwëtzeg op d’Geschicht gemaach, ech hätt et am léifsten ausgemoolt. Faarwe spillen eng grouss Roll am Buch. Wat wär eis Welt ouni Faarwen? Zimlech traureg, oder? Si verschéineren a verzauberen alles. Ma wat geschitt, wann se verschwannen, gëtt de Lieser an dësem Buch gewuer. Et kéint e soen, dass et e Mäerche fir Erwuessener ass, ausserdeem léiert een nach sou munches iwwert d’Bedeitunge vun de Faarwen.

Eis Personnagë sinn den Arthur, deen e Sëffer ass, dat blannt Charlotte, wat Faarwe gären huet, och wann hatt se net méi gesäit, säi Meedchen an nach sou munch anerer. Souguer eng lëschteg Gesellschaft an engem Altersheem ass mat vun der Partie.

Am Ufank vun all Kapitel gëtt et eng kleng Illustratioun. D’Schreifweis ass fantastesch. Poetesch a voller Biller. Den Auteur kritiséiert, dass an eise Liewen dacks schwaarz, gro oder wäiss dominéieren. Mat sengem wonnerbaren Humor wëll en eis drop opmierksam maachen, dass mir faarweg Schéinheeten nees méi bekucken a respektéiere sollen. Se wäertschätzen.

Faarwe suerge fir Glécksgefiller, alles anescht géing op Dauer depriméieren! Däischteres zitt negativ Energien un.

Arthur

© Jess Bailey / Unsplash

Den Arthur ass en Pechvillchen, hien huet alles verluer, wat ëm wichteg ass. Trotzdeem war e mir sympathesch,  seng Aarbecht an der Fabrick huet bestëmmt Spaass gemaach. D’Charlotte a säi Meedchen sinn och interessant,  zemools well d’Charlotte nach ni gesinn huet. Et ass faszinant, wann hatt erkläert wéi hatt d’Faarwen empfënnt. Do muss den Auteur gutt recherchéiert hunn.

Ech fannen, Dir musst des Protagonisten selwer kenneléieren an hinnen bei hiren Erliefnisser iwwert d’Schëllere kucken. Et wäert Iech net leed doen, loosst Iech vun der Magie ofhuelen. Ech war begeeschtert – d’Buch ass Medezin fir d’Séil a montert Iech op! Et gëtt erëm hell, zemools wann een et am mannsten erwaart …

Opmaacherbild: © Jessica Mersch / de Bichergeck

Ähnlech Sujeten Arthur und die Farben des Lebens, Buchpresentatioun, de Bichergeck, Faarwen, Literatur, Mäerchen, Pechvillchen, Poesie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel