Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

LuxTrust: 5 elektronesch Ënnerschrëfte pro Mount gratis!
Kultur Neiegkeeten

LuxTrust: 5 elektronesch Ënnerschrëfte pro Mount gratis!

Mat der COSI Home Edition offréiert LuxTrust elo eng Online-Plattform,

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer
Kultur Neiegkeeten

Avis fir de Public: D‘Ligue Médico-Sociale reduzéiert seng Servicer

Wéinst der aktueller sanitärer Situatioun, sinn d‘Zentre vun der Ligue

Nom Wahlkampf ass virum Wahlkampf
Kultur Neiegkeeten

Nom Wahlkampf ass virum Wahlkampf

Kaum ass deen ee Wahlkampf zu Enn gaangen, fänkt och

Buchpresentatioun vun „Das Gottesspiel“

Buchpresentatioun vun „Das Gottesspiel“

Mam Danny Tobey sengem Roman „Das Gottesspiel“ (Heyne) kënnen Dreem erfëllt ginn, mee och d’Enn vum Liewen méi schnell kommen, wéi engem léif ass. E beléift Spill iwwerzeegt duerch kënschtlech Intelligenz an aussergewéinlech Aufgaben. No an no ginn d’Aufgaben awer ëmmer méi geféierlech…

Zënter datt dem Charlie seng Mamm gestuerwen ass, huet sech seng ganz Welt verännert. Hie léisst sech goen, alles ass him egal. An da mécht e Bekanntschaft mam Gottesspiel – et ass en neit virtuellt Spill. Duerch Handyskameraen a virtuell Brëller mengt e bal et wär e matzen dran, hir ganz Ëmgéigend ass e Spillfeld. D’Spill verlaangt vill vun de Jugendlecher, et kënne kleng Dommheete sinn, ma och Grausamkeete stinn um Programm. Et ass kee vun hinne sécher.

Ewéi kommen si aus där Affär nees eraus?

D’Protagonisten aus dem Buch sinn d’Vindicators – e klenge Grupp vu Schüler, mat enger Gemeinsamkeet: De Computer. Dofir spillen si och zesummen. Déi Jonk si faszinéiert a verléiere sech an där neier, geféierlecher Welt.

Dobäi hunn ech mech gefrot, firwat den Elteren net opfält, datt den Nowuess sech esou drastesch verännert. Ufanks ass et e risege Spaass, mä op emol ginn hir Liewe bedreet. Sinn se tatsächlech a Liewensgefor? D’Spill ass komplex – et géing e scho bal mengen, et hätt en eegent Liewen.

Ech si quasi duerch d’Säite geflunn, de Lieser ass den eenzegen, dee sech denke kann, dass d’Spiller géigesäiteg manipuléiert ginn. Wiem ass iwwerhaapt ze trauen? Well d’Charakteren hir eege Perspektiv hunn, gëtt de Lieser esou munches iwwer hiert privat Liewe gewuer, doduerch kann een d’Reaktioune gutt novollzéien. Si hunn all e Päckchen ze droen, mä zu wat sinn se bereet, wann d’Famill a Gefor ass? Wou setzen se d’moralesch Grenz fest?

Dem Auteur säi Schreifstil ass zimlech jugendlech gehalen, hien hëlt kee Blat virun de Mond. De Schluss vun der Geschicht suergt fir e groussen AHA-Moment. De Lieser gëtt all Moment ënnerhalen, eng Verfilmung géif bestëmmt och gutt ukommen.

D’Virstellung, datt dëst an der realer Welt geschéie kéint, ass eng berechtegt Suerg – zemools fir Elteren. Mir hunn d’Alexa an dausend Iwwerwaachungskameraen.

Wéi kënne mir eis Jugend virum Internet a senge Gefore schützen? Wie ka garantéieren, dass sech nach keen an d’Laptopkamera gehackt huet? Nieft der virtueller Realitéit thematiséiert d’Buch och Frëndschaft, Verloscht an d’Angscht virun der Zukunft.

Wann Iech dem Ursula Poznanski säi Buch Erebos gefall huet, da wäert Dir garantéiert och vun dësem Buch begeeschtert sinn! A wie weess, villäicht gëtt et nach en zweeten Deel!

Ähnlech Sujeten Buchpresentatioun, Computerspill, Danny Tobey, Das Gottesspiel, Erebos, Gefor, Heyne, kënschtlech Intelligenz, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel