Search

You may also like

100 Joer natur&ëmwelt: Maacht mat bei der Conscious Challenge!
Kultur Neiegkeeten

100 Joer natur&ëmwelt: Maacht mat bei der Conscious Challenge!

An dësem Joer feiert natur&ëmwelt säin 100. Gebuertsdag. Nieft de

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Et kann een alles op d‘Spëtzt dreiwen!

Et ass richteg, datt den Handy hannert dem Steier zur

dislike
Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen
Kultur Neiegkeeten

Den US-President wëll de Palestinenser d‘Finanze kierzen

En Dënschdeg huet den Donald Trump domatter gedréit, d‘US-Finanzhëllef fir

Buchpresentatioun vun „Das Juwel“: Eng Geschicht, déi een opfrësst

Buchpresentatioun vun „Das Juwel“: Eng Geschicht, déi een opfrësst

Der Auteurin Amy Ewing hir Dystopie-Reih Das Juwel vermëttelt Spannung bis zur leschter Zeil. Gläichzäiteg, gefëllt mat enger banneschter Angscht, doe sech perséinlech Froen no der eegener Existenz an der Gesellschaft op. Kéint dat doten iergendwann zur Realitéit ginn? Fënnt d’Protagonistin eng Léisung a kann een neien Ufank fir sech an d’Weltbevëlkerung aleeden?

D’Violet Lasting ass ee besonnesche Mënsch mat engem speziellen Don. Seng Fäegkeet mécht hatt zur idealer Zilscheif vun engem geféierleche Gesellschaftssystem. Do wou batter Aarmut an glitzerende Räichtum openeen treffen, ass virauszegesinn, datt et iergendwann zur Rebellioun kënnt.

D’Protagonistin selwer wiisst an enger aarmer Famill op, gëtt bei enger Auktioun un d’Herzogin vom See verkaaft a muss ab dësem Zäitpunkt dësem Mënsch déngen. Dobäi daucht d’Violet an eng Welt an, déi hatt sech wuel ni esou hätt kënne virstellen. Ma, gläichzäiteg wier et besser gewiescht, dëst Liewen, an deem et no baussen hin fonkelt a liicht, no bannen awer nëmmen Arroganz a Péng herrscht, ni kennegeléiert ze hunn.

Wärend seng Fäegkeeten, wéi och säi Kierper vollkommen ausgenotzt ginn, leit de Lieser richteg mam jonke Meedche mat. Säin Don ass Fluch a Seegen zugläich. An enger Welt voller Geforen erlieft hatt Däischtert, Gefaangenschaft an Ausbeutung, awer och Léift.

Das Juwel

D’Trilogie vun “Das Juwel”

Wat ee Start!

Den éischte Band vum Juwel, deen am Joer 2014 erauskommen duerft, ass gläichzäiteg der Auteurin Amy Ewing hiren Debütroman. No Das Juwel – Die Gabe, konnt schonn ee Joer méi spéit Die weiße Rose, uschléissend den Ofschloss Der schwarze Schlüssel verëffentlecht ginn.

Och wann et sech ëm ee Jugendroman handelt, esou ass dës Geschicht och fir Erwuessener geduecht, déi een Abléck an een anere Gesellschaftssystem wëlle kréien. All Zeil vermëttelt genee dee Grad u Spannung, deen ee benéidegt, fir dem Violet säi Wee duerch d’Häll ganz matverfollegen ze wëllen. Kann hatt et packen a flüchten, vläicht souguer de System änneren?


Dës Buchpresentatioun ass Deel vun eiser Aktiounswoch zum Weltdag vum Buch an den Auteursrechter.

Ënnert dem Motto „New beginnings – En neien Ufank“ soll, duerch d’Literatur, den Enthusiasmus fir een Neistart lassgekiddelt ginn. Wou zu Lëtzebuerg eigentlech, iwwert eng ganz Woch verdeelt, déi verschiddenst Evenementer an Aktivitéiten zum Thema Buch a Literatur organiséiert ginn, huet een d’Aktiounsdeeg an den Internet verlagert. Online gëtt esou d’Fërderung vum Liesen an d’Verbreede vu Wëssen ervirgehuewen, fir esou op nei Fantasie-Zich opzesprangen.

Related topics Amy Ewing, Buchpresentatioun, Das Juwel, Dystopie, Liesen, Literatur, Spannung, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter
Next post Previous post