Editorial: Geheimniskréimerei virun den EU-Wahlen
Et freet ee sech heiansdo wat sech déi dichteg Hären
Et freet ee sech heiansdo wat sech déi dichteg Hären
D’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) stellt am neie Joer déi Persounen an de
Ronn en Drëttel vun den Häftlingen an der Tierkei solle
D’Handlung spillt sech an engem onbekannte Land am noen Osten of – nodeems d’Revolutioun ënnerdréckt ginn ass, ginn d’Bierger schikanéiert.
Si brauche fir alles eng Erlaabnis vum Staat; sief dat fir akafen ze goen oder fir en Dokterbesuch. Dës mussen si sech op eng bestëmmte Plaz siche goen (bei eng Paart), d’Schlaang ass grouss an et gëtt just eng gewëssen Unzuel vun accordéierte Geneemegungen den Dag. Kritt een se net, hat een ebe Pech! Wat kee weess ass, dass se ni opgeet …
D’Mënsche waarde gedëlleg, d’Hëtzt mécht se fäerdeg an et kënnt kee virun. Mä d’Hoffnung stierft fir d’lescht, si bleiwe stoen. Geet d’Paart enges Dages op?
© Darrell Chaddock / Unsplash
De Yahya ass e Bierger an der Schlaang, e waart op säin Tour well en ugeschoss gouf, e brauch en Dokter. Säi Fall ass komplizéiert, hie gouf vum Staat blesséiert – wärend der Revolutioun, déi et awer ni ginn ass. Dat seet d’Regierung. Also am Fong, ass en e Beweismëttel.
Dofir muss och den Tarik op eng Erlaabnis waarden, hien ass Dokter a géif gären hëllefen. Keen kann d’System ëmgoen, alles huet Konsequenzen.
D’Autorin weist eis hei bildhaft wouhinner Krich, Bürokratie a Mënschenënnerdréckung féiere kann. Verschidde Personnagen, verschidden Emotiounen, Gedanken, Liewensastellungen a Geschichten. Ewéi ginn se domat ëm, wann d’Fräiheet därmoossen ageschränkt gëtt? Wéi laang dauert et, bis dass e seng Mënschlechkeet verléiert? D’Waarde léisst allerlee Diskussiounen aus, si veränneren sech. Wien géif dat net?
Et ass e bedréckend Buch, d’Hoffnung an d’Enttäuschung ginn Hand an Hand.
Fir mech perséinlech ass d’Paart och eng Metapher. Se steet fir eis Entscheedungen, déi mir fir d’éischt iwwerdenken. A fir Dreem, déi mir eis net erfëllen. Wëlle mir liewen? Oder eis d’Liewen diktéiert kréien? Bleiwe mir an der Paart stoen oder huele mir d’Saach selwer an d’Hand?
Opmaacherbild: © Jessica Mersch / Bichergeck