Search

You may also like

Sea-Eye féiert Plainte géint rietsextreme Politiker
Kultur Neiegkeeten

Sea-Eye féiert Plainte géint rietsextreme Politiker

Um Samschdegnomëtten huet d’Hëllefsorganisatioun Sea-Eye Plainte wéinst aller a Fro kommend Strofdote

Wou d‘UNO verseet
Kultur Neiegkeeten

Wou d‘UNO verseet

Mat der Ukënnegung vun hirem Récktrëtt als Sonner-Ermëttlerin bei der

surprise
Wann de Popcorn besser wéi de Film ass
Kultur Neiegkeeten

Wann de Popcorn besser wéi de Film ass

Heiansdo ass net ze verstoen, wat sech d’Produzenten an Hollywood

Buchpresentatioun vun „Der Besuch vom kleinen Tod“

Buchpresentatioun vun „Der Besuch vom kleinen Tod“

Ech erënnere mech drun, dass ech als klengt Kand ob engem Begriefnis war. Ech weess net wéi al ech war a wien gestuerwe war, ma d’Trauer vun den Erwuessenen, hir Tréinen an de groen Himmel si mir am Gediechtnis bliwwen. Verstéiert gouf ech vum Iessen dono, de Kontrast war ze hefteg. Ech verstinn haut nach net firwat dat néideg ass.

Hätt d’Buch mam Titel „Der Besuch vom kleinen Tod“ (Carlsen Verlag) mir deemools gehollef?

Keng Anung …Op jiddwer Fall beschäftegen ech mech nach ëmmer mam Dout, e Familljemember huet Longekriibs am Endstadium an ech iwwerleeën dacks, wéi ech mengem Jéngsten dat am beschte verstänneg maachen. Ass et ze fréi fir d’Buch? D’Zäit wäert mir de richtege Wee weisen. Hoffentlech.

Wat ass den Dout? Firwat muss e stierwen? Deet e wéi? A wat geschitt dono? Wann ech dës Froe gestallt kréien, wäert ech ufänken ze tuddelen – net déi richteg Wierder fannen. Do kann d’Buch nawell hëllefen d’Äis ze briechen. Et ass e klengen Anker.

Fakt ass – den Dout ass eenzegaarteg a fir jiddereen anescht. En ass Deel vum Liewen, ob mir wëllen oder net. Déi eng fäerten en, anerer erwaarden d’Erléisung mat Ongedold. En huet vill Gesiichter, ma mat dëser Geschicht gëtt en dem Lieser méi gräifbar. Se hëlleft e kennenzeléieren an och Versteesdemech fir en ze hunn. Heiansdo verbënnt en eng zerbrache Famill zu enger Eenheet. Oder en trennt se op éiweg, den Dout huet Muecht. Ewéi eng dat ass, bestëmmt all Mënsch fir sech selwer.

D’Thema ass eescht. Real. Mat der Trauer geet jiddereen anescht ëm – och hei kann d’Buch beim opschaffen hëllefen. D’Beschreiwung vum Verloscht geet engem ënnert d’Haut, ech konnt mir d’Tréinen net wierklech verknäifen.

D’Illustratiounen si schéin, allerdéngs kéinte sensibel Kanner sech grujelen. D’Sätz si kuerz a knapp, genee dat huet mer gefall. Et léisst Plaz fir eegen Interpretatiounen a Gespréicher. An dat huet e bei där Thematik néideg.

Opmaacherbild © Jessica Mersch / de Bichergeck

Related topics Begräifen, Begriefnis, Buchpresentatioun, de Bichergeck, Der Besuch vom kleinen Tod, Ëmgang mam Dout, Famill, Hëllef, Kanner, Verständnis
Next post Previous post