Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Nach laang net jidderee weess sech am Bus ze behuelen. Wéi eng Zort Buspassagéier bass du?
Kultur Neiegkeeten

Nach laang net jidderee weess sech am Bus ze behuelen. Wéi eng Zort Buspassagéier bass du?

Vir vill ënnert eis ass et en Deel vum alldeeglechem

dislike
Fëmmen: Wat ännert sech den 1. August?
Kultur Neiegkeeten

Fëmmen: Wat ännert sech den 1. August?

All Joer stierwen zu Lëtzebuerg 1.000 Leit un de Folge

surprise
De Staatsrot stellt sech beim Vermummungsverbuet vill Froen
Kultur Neiegkeeten

De Staatsrot stellt sech beim Vermummungsverbuet vill Froen

De Staatsrot weist beim proposéierte Vermummungsverbuet mam Daumen no ënnen.

Buchpresentatioun vun „Der Letzte seiner Art“

Buchpresentatioun vun „Der Letzte seiner Art“

Beim Andreas Eschbach sengem Roman „Der Letzte seiner Art“ erlieft de Lieser d’Handlung aus der Perspektive vum Duane. Ma dat ass scho speziell. Hien ass nämlech en Cyborg a perfekten Zaldot. Eigentlech…

Duerch e puer Feelfunktioune gouf hie fréi pensionéiert. Irland ass seng nei Heemecht, en huet wéineg Kontakt mat Mënschen. Säi Geheimnis a Sécherheet ze halen klappt gutt zéng Joer. Hien beschreift säi Liewen, erzielt vu sengen Dreem a gëtt vun der Wourecht besicht.

An den 90er Joren war den Duane nämlech enDeel vun engem amerikaneschen a militäresche Projet war. An elo sollen déi lescht Spueren dovunner eliminéiert ginn – nämlech hien.

Et war spannend ze liesen, ewéi e Cyborg sech an eiser Zäit wuel fillt, virun allem well mir nach kee baue kënnen. Dat steet natierlech och am Buch. Den Duane huet nawell e puer technesch Problemer. Hien schreift iwwer seng Erliefnisser a Missiounen, vu senge Komeroden déi net iwwerlieft hunn. D’Geschicht ass speziell, mä nawell en echten Andreas Eschbach. Vu senge Bicher gouf ech nach ni enttäuscht.

D’Schreifweis ass zimlech roueg, dat hëlt d’Spannung awer op kee Fall ewech. Et ass éischter e mënschlecht Drama. A gesellschaftskritesch. Et reegt souguer e bëssen zum Nodenken un. Ech konnt dem Duane seng Gedankewelt gutt novollzéien. Wéi definéiert een esou e Liewen? A Réckblécker gëtt een och sou munches iwwer seng Vergaangenheet gewuer.

D’Kapitele fänken allkéiers mat engem Zitat vum Philosoph Seneca un, seng Wierker beréieren an tréischten den aussergewéinleche Protagonist. D’Zitater hunn mech inspiréiert mech e bësse mat dësem Philosophen ze beschäftegen.

Et ass vill Potenzial fir eng Buchverfilmung do! Leider ginn et nach e puer oppe Froen. Wien weess, villäicht schreift den Här Eschbach nach en zweeten Deel. Ech géing gäre wësse wat den technesche Cyborg mat Häerz nach alles erlieft huet.

Gutt, datt dem Auteur d’Iddien net ausginn!

Ähnlech Sujeten Andreas Eschbach, Buchpresentatioun, Cyborg, Der Letzte seiner Art, Duane, Militär, Roman, Science Fiction
Nächsten Artikel Virrechten Artikel