Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
US-Regierung huet Kartellverfare géint Google ageleet
Kultur Neiegkeeten

US-Regierung huet Kartellverfare géint Google ageleet

Den US-Justizminister an eelef Bundesstaaten huelen der Sichmaschinn hir dominéierend

Weltmëllechdag: Minister Schneider empfänkt Mëllechwirtschaftler
Kultur Neiegkeeten

Weltmëllechdag: Minister Schneider empfänkt Mëllechwirtschaftler

An de fréie Mueresstonne virum Weltmëllechdag (Journée du lait) huet

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?
Kultur Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?

Mamer huet eng immens laang a räich Geschicht. Vill grouss

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen

Buchpresentatioun vu „Meat Market“ – Déi donkel Säit vum Modelen

D’Autorin Juno Dawson erzielt eis am fiktive Jugendbuch „Meat Market“ (Carlsen) d’Geschicht vum Jana Novak. Hatt gouf vun engem Scout entdeckt an ënnerschreift elo säin éischte Kontrakt als Model. Duerch seng Gréisst fält hatt besonnesch op – e bemol wëll jiddwereen hatt buchen. Eng ganz nei Welt deet sech op.

Och wann d’Jana no sengem ale Liewe verlaangert, et ass e schéint Gefill seng eege Suen ze verdéngen. Mä hatt sech missen op säi Bauchgefill verloossen, schnell gëtt kloer, dass d’Modelwelt net esou schéin ass, ewéi et schéngt. Hatt gëtt ausgenotzt a permanent ënner Drock gesat. Kritt hatt sech gewiert? Wéini gëtt him bewosst, dass d’Situatioun eleng net ze erdroen ass?

Wärend dem Liesen hunn ech dacks misse schlécken, esou authentesch kommen d’Charakteren eriwwer. Si sinn echt. Mat där Entwécklung, déi si duerchliewen, kënnen sech bestëmmt ganz vill Mënschen identifizéieren. Et ass schlëmm ze wëssen, dass et tatsächlech Jugendlecher ginn, déi sech Model als Virbild huelen an héngeren. Oder, dass jonk Fraen dësem Business zum Affer falen.

Den Titel Meat Market passt ewéi d’Fauscht op d’A, d’Modele ginn nämlech ewéi e Stéck Fleesch weidergereecht. Si solle just schéin, lieweg Fënsterpoppe sinn – ouni Gefiller an eege Meenung. Einfach ze ersetzen.

D’Sprooch ass zimlech rau, ma ech ka mir gutt virstellen, dass et tatsächlech esou ass. D’Buch verléiert e bëssen un Authentizitéit well d’Jana en Happy-End kritt, mir perséinlech hätt en oppene Schluss besser gefall.

Ech hunn d’Buch faszinéiert verschlongen, et kéint roueg a Lycéeë gelies ginn. Mä et ass keng einfach Kascht, duerch dem Jana säin Humor gëtt et awer sou munches fir ze laachen.

D’Autorin mierkt vir am Buch un, dass och wann d’Geschicht fiktiv ass, een d’Themen (sexuell Gewalt, Iessstéierung, Mobbing, Drogen) eescht huele muss. Et ass net fir där Welt ze vertrauen, se reegt zum Nodenken un …

Et ass wichteg en anere Bléckwénkel op Verschiddenes ze hunn – da kënne mir d’Jugend och besser schützen.

Ähnlech Sujeten Buchpresentatioun, Carlsen, de Bichergeck, Donkel Säit, Fënsterpoppen, Juno Dawson, Literatur, Mannequin, Meat Market, Model, Stéck Fleesch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel