Wou d‘UNO verseet
Mat der Ukënnegung vun hirem Récktrëtt als Sonner-Ermëttlerin bei der
Mat der Ukënnegung vun hirem Récktrëtt als Sonner-Ermëttlerin bei der
Wann de Steve Killela, CEO vum Institute for Economics &
Eng schwéier Explosioun huet en Dënschdeg d‘Secouriste gezwongen hir Aarbecht
Mir léieren och de Leonid an Estland kennen, hie schafft an enger sougenannter Trollfabrik. D’Tarnung vun dëser ass en Callcenter, d’Firma interesséiert sech fir d’Politik a Westeuropa. Et gëtt vill Aarbecht, dem Pheonix seng Verëffentlechunge musse mat alle Mëttele verhënnert ginn! Natierlech ginn et Kollateralschied – zemools syresch Flüchtlinge mussen dru gleewen. Firwat ass dat esou? Déi dräi Teenager beginn sech op d’Sich, si mussen sech mat Killer a russeschen Oligarchen an Uecht huelen.
Et kritt een nawell gutt Abléck an d’sozial Netzwierker, se ginn dacks gesteiert – mir däerfen net alles gleewen wat mer gesinn oder héieren. Mënschen ginn bezuelt fir op Videoen an Noriichten ze reagéieren, fir ze kommentéieren a vun Verschiddenes ofzelenken. Richteg skrupellos. Et ginn zwee Perspektivewiessel, mir liesen vun de Gudden an och d’Antagonisten kommen zu Wuert. Esou versteet een d’Motiver an d’Handlungen besser. Och wann et e Jugendroman ass, mir Erwuessener mussen d’Buch och liesen a sou munches iwwerdenken. Wat ass echt? Wat gestallt? Ass d’Digitaliséierung wierklech gutt?
Et geet ëm Gesellschaftspolitik an dovunner weess den Auteur sou munches. Mir war net bewosst, dass et esou Fabricken tatsächlech gëtt – an dann nach an deem Ausmooss …
Gutt, et ass eng fiktiv Geschicht, se stëmmt nawell nodenklech! Et ginn vill Parallellen mat eiser realer Welt. Ewéi dacks ginn Flüchtlinge benotzt fir hinnen d’Schold un engem Muerd oder Déifstall ze ginn? A wéi dacks setzt en Troll dat Gerücht an d’Welt? Dofir ass et wichteg d’Noriichten ëmmer ze iwwerpréiwen. Mir ginn gesteiert – an eise Meenungen an an eisem Verhalen, firwat hunn mir dann en eegene Wëllen?
D’Kapitelen sinn kuerz a knackeg, d’Charakteren authentesch a lieweg. Ech hätt net geduecht, dass d’Buch mech esou mathëlt. E klenge Bonus: All Uertschaft a Gebai gëtt et wierklech, den Auteur war do – a mat Google konnt ech och e Bléck drop geheien.
Ech sinn op den Här Theisen säin nächst Wierk gespaant!