Search

You may also like

Sober Buddy Challenge: E Mount ouni Alkohol
Kultur Neiegkeeten

Sober Buddy Challenge: E Mount ouni Alkohol

Schonn iwwer 2.000 Buddys – englesch fir „Kollegen“ oder „Komeroden“

Viren als Waff asetzen
Kultur Neiegkeeten

Viren als Waff asetzen

Den UN-Sécherheetsrot huet sech eng geheim Sëtzung vergënnt, an dat

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?
Kultur Neiegkeeten

Kenns du d’Jumelagen zu Lëtzebuerg gutt genuch, fir dëse Quiz ze packen?

[onionbuzz quiz-id=174][/onionbuzz] Di meescht Stied a vill Uertschaften zu Lëtzebuerg

Buchpresentatioun vum Krimiroman „Verrat“

Buchpresentatioun vum Krimiroman „Verrat“

Och wa Verrat (Droemer Knaur Verlag, 2019) der Dr. Sabine Fitzek hiert éischt Buch ass, ech hat grouss Erwaardungen, ma dat louch un hirem kënnegen Nonumm. Duerch deen, sinn ech op d’Autorin opmierksam ginn – de Sebastian Fitzek ass nämlech de Schwoer. Et ass e politesche Krimi/Thriller, d’Doktesch hëlt de Gesondheetssystem ënnert d’Lupp.

D’Sabine Fitzek ass Neurologin a weess hoergenee vu wat se schwätzt. Leider hunn ech d’Schreifweis zimlech niichter fonnt, et fält op, dass d’Autorin net fir dës Geschichte recherchéiert huet, mä en Deel vum System war. Et ass mol eppes anescht:

An engem Hotel gëtt dem Kai Steinkopf seng Läich fonnt. De Kammowski, e Polizist ass eréischt aus senger Vakanz erëm a soll elo mat senger neier Kolleegin Svenja ermëttelen. Hien ass net begeeschtert, en ass léiwer fir sech a muss sech elo mat der neier Polizistin ausernee setzen. Dat ass nawell eng Erausfuerderung. Ob dat eppes gëtt?

Hier éischt Spuer féiert d’Ermëttler an e Spidol. Séier ass e Verdächtege fonnt, ma dee verschwënnt ouni eng Spuer ze hannerloossen. An en Detektiv gëtt doudeg opfonnt. Besteet en Zesummenhang tëscht de Fäll? Wéi eng Roll spillt d’Pharmaindustrie bei deem Ganzen? Do freet e sech automatesch op mir net ze vill Medikamenter schlécken – an op wiem seng Käschten … D’Fiktioun am Buch ass d’Realitéit an eise Klinicken.

D’Handlung spillt sech an der Géigewaart of, Réckblécker an d’Vergaangenheet suerge fir e bessere Versteesdemech vun der Geschicht an de Charakteren. D’Protagonisten si gutt gezeechent, ech sinn op hier weider Entwécklung an den nächste Romaner gespaant – do ass definitiv nach Sputt no uewen. De Skandal deen opgedeckt gëtt ass phänomenal a stëmmt nodenklech. Wat gëtt alles an der realer Welt vertuscht? Musse mir eis Suerge maachen?

D’Kapiteliwwerschrëfte weisen dem Lieser, wéi een Dag et ass a wéi eng Persoun grad d‘Soen huet. Hannen am Buch befënnt sech eng Persounenopdeelung a Beschreiwung, se ass nawell hëllefräich – vir wär se nach besser gewiescht.


  • Passend heizou: Am Interview mam Sabine Fitzek
Related topics Buchpresentatioun, Kai Steinkopf, Krimiroman, Mord, Pharmaindustrie, Sabine Fitzek, Verrat
Next post Previous post