Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!
Kultur Neiegkeeten

Eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddwereen!

Et ass eng Problematik, déi hei zu Lëtzebuerg just wéinege

Äishockey 2020: Dat erwaart d’Beaufort Knights!
Kultur Neiegkeeten

Äishockey 2020: Dat erwaart d’Beaufort Knights!

Wéi den Trainer John Bierchen matgedeelt huet, kënnt och am

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A
Kultur Neiegkeeten

Den OGBL hält d‘Iwwernam vun der BIL am A

Déi chinesesch „Legend Holdings corp.“ iwwerhëlt d‘BIL an den OGBL

Buchpresentatioun vun „Anne aus Green Gables“

Buchpresentatioun vun „Anne aus Green Gables“

Virun e puer Wochen huet mäi Meedche vu fofzéng Joer zoufälleg den Trailer vun der Serie Anne with an E gesinn, e puer Stonnen drop huet hatt se ugefaangen. Ech hätt net geduecht, dass d’Geschicht hatt interesséiert, ma ech sinn awer frou, dass ech falsch louch. Esou hunn ech mech him verbonne gefillt.

Dat huet folgende Grond: Wéi ech e Kand war, hunn ech, wa mäi Papp Fréischicht hat, éischter missen opstoen – fir meng méi jonk Schwëster wakereg a fir d’Schoul fäerdeg ze maachen. Ufanks hunn ech dat gehaasst. Bis dass ech mir de Fernseh ugemaach hunn an d’Bekanntschaft mat engem Zeechentrickfilm gemaach hunn. Gekuckt hu mir Anne mit den roten Haaren – hatt huet mech faszinéiert, et ware schéi Momenter déi mir zesumme verbruecht hunn.

Duerch dës Erënnerung gouf ech nostalgesch, ech hunn mir d’Kannerbuch aus dem Atrium Verlag bestallt. Op eng gewësse Manéier hunn ech mir eng Rees an d’Vergaangenheet gegënnt, mam Anne zesummen hunn ech mech nees jonk an onbeschwéiert gefillt. Suerglos.

D’Marilla an de Matthew hunn sech decidéiert e Jong ze adoptéieren, e soll um Bauerenhaff hëllefen. Duerch e Mëssverständnes ass e bemol d’Anne do. Hatt schwätzt ouni Punkt a Komma – vun der Long op d’Zong géing een haut soen. D’Marilla ass onzefridden, mä si wëllen dem Meedchen eng Chance ginn, et dauert net laang an hatt huet sech a sämtlech Häerzer geschlach …

Duerch säin aussergewéinleche Charakter ass de Bauerenhaff mat Liewen erfëllt, et kënnt keng Langweil op.

D’Buch ass voller fantasteschen Illustratioune bei deem de Lieser d’Häerz opgeet, et ass eng Freed sech all Detail anzeprägen, et gëtt villes ze entdecken. Ech konnt mech bal net sat kucken. Gutt, d’Buch ass net d’Original a gekierzt, mä dat mécht näischt.

D’Léift déi drastécht entschiedegt dat – et ass eng wonnerbar Manéier ze dreemen an d’Kand an eis ze fidderen. Ass et e Kannerbuch? Nee, ech fannen net – et ass éischter e Familljebuch, Grouss a Kleng kommen op hier Käschten, hoffentlech kommen nach där Bicher op de Marché. Fir mech ass Green Gables nämlech eng vu de schéinste Plazen op der Welt!

Ech freeë mech schonn drop, d’Anne mengem Meedche vu 5 Joer virzestellen, hoffentlech ass hatt genee esou begeeschtert. An natierlech wäert ech d’Serie och nach kucken!

© Jessica Mersch / de Bichergeck

Ähnlech Sujeten Anne aus Green Gables, Anne with an E, Atrium Verlag, Buchpresentatioun, de Bichergeck, Erënnerung, Kandheet, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel