Search

You may also like

Chômage: D’Zuele ginn 6,8% erof!
Kultur Neiegkeeten

Chômage: D’Zuele ginn 6,8% erof!

Wéi um 28. Februar konnt festgestallt ginn ass d’Zuel vun

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween
Kultur Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck: Eng Tut fir Halloween

Den 31ten Oktober ass Halloween. Dësen Dag huet an de

E President gënnt sengem Vollek Massegriewer
Kultur Neiegkeeten

E President gënnt sengem Vollek Massegriewer

An der Metropol Manaus, déi matten am Amazonasgebitt geleeën ass,

Buchpresentatioun vu „Whisper Network“

Buchpresentatioun vu „Whisper Network“

D’Sloane, d’Ardie an d’Grace fäerte ganz, dass den Ames, bekannt fir sexuell Iwwergrëffer zum Chef vun der Firma ernannt gëtt …Wat kënnen si dogéint maachen? Et gëtt Zäit d’Gerüchter ëffentlech ze maachen – zemools fir dat Neit virun där selwechter Erfarung ze schützen.

Mee wéi, wann keen hinne gleeft? Wéi eng Folgen hunn hier Handlungen? A wéi eng Auswierkungen op hiert Liewen?  Duerch en Doudesfall stinn nach méi Froen op. War et Selbstmord? Oder gouf vun engem frustréierten Aarbechter nogehollef?

Verschidden Zeienaussoe suerge fir déi néideg Spannung an Ofwiesslung beim Liesen. Wien ass hei Täter? A wien Affer? Et ass net alles schwaarz oder wäiss, et gi vill Schattéierungen.

D’Autorin schwätzt am Roman „Whisper Network“ (Heyne Verlag) d’Ënnerscheeder vu Männer a Fraen op der Aarbechtsplaz un. D’Gläichberechtegung, hiert Akommes an d’Spagat tëscht Fra, Mamm a Geschäftsfra. Dofir stellt si eis verschidde Bléckwénkel zur Verfügung – d’Ardie ass elengerzéiend, d’Grace ass eréischt zënter kuerzem Mamm an d’Sloane ass bestuet. Säi Meedchen gëtt an der Schoul gemobbt, ma do geet et mat der sexueller Belästegung schonn s un.

D’Frae kréien net vill zougetraut, si kënnen net esou vill leeschten ewéi Männer – dofir verdéngen se och net esou vill. Et ass eng Duebelmoral, dogéint muss e virgoen. De Roman behandelt e wichtegt Thema, Solidaritéit muss grouss geschriwwe ginn. Ginn si vun hire Männer ënnerstëtzt? Mir begleeden déi dräi duerch hiren Alldag, mir sinn dobäi wann Mëllech ofgepompelt gëtt a kréie sämtleche Firmeklatsch mat.

D’Charaktere wierken authentesch, d’Liesen huet mech dacks rose gemaach. Och wann d’Handlung sech meeschtens am Büro ofspillt, et gëtt net langweileg. D’Buch huet e Message: Schwätzt driwwer, sidd couragéiert! Halt net stall, well Dir Angscht hutt Är Aarbechtsplaz ze verléieren! D’Frae wëlle keng Extrawurscht op der Schaff – si wëllen d’selwecht behandelt ginn. Net méi an net manner.

Ech fannen d’Geschicht erschreckend gutt a recommandéiere se ganz gäre weider.

Opmaacherbild © Jessica Mersch / de Bichergecl

Related topics Akommes, Buchpresentatioun, Chandler Baker, Gläicherechtegung, Heyne Verlag, Roman, sexuell Iwwergrëffer, Solidaritéit, Whisper Network
Next post Previous post