Search

You may also like

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”
Kultur Neiegkeeten

D’adr an d’Piraten forméieren zesummen an der Chamber en “technesche Grupp”

D’adr an d’Piraten hu mam Datum vum 15. November 2018

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?
Kultur Neiegkeeten

Deconfinement: Wéi eng Moossnamen fir Kanner mat spezifesche Besoinen?

D’APCCA (Association du Personnel des Centres de Compétences et de

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach
Kultur Neiegkeeten

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach

Wann e sech de Rapport vun der IGSS (Generalinspektioun vun

Buchvirstellung: „Anna“ vum Niccolò Ammanati

Buchvirstellung: „Anna“ vum Niccolò Ammanati

Anna – een einfachen Numm, et verbënnt een automatesch eng schéi Geschicht domat, mä tëscht de Buchdeckele geet et zimlech hefteg zur Saach!

Och wann ee bei engem postapokalypteschem Roman net grad vun héijer Literatur géing schwätzen, dem Anna seng Geschicht huet mech esou staark beandrockt, dass ech Iech dervunner ziele muss. Dem Niccolò Ammanati seng philosophesch Schreifweis, steet nämlech am staarke Kontrast zur brutalen Handlung.

Sizilien 2020

Een déidleche Virus huet sech op der Welt verbreet – dat Schlëmmst dorunner ass, dass just Erwuessener betraff sinn, d’Krankheet gëtt eréischt an der Pubertéit aktivéiert.

Kanner a Jugendlecher musse selwer eens ginn – fir hier Sécherheet suergen an ëm d’Iwwerliewe kämpfen. ‘Iessen ass knapp, d’Medikamenter souwisou. D’Buch ass brutal, säiteweis souguer zimlech eekleg – mä mat Schmusereien iwwerlieft ee keng Apokalypse; et kann een se och net schéi schwätzen.

D’Anna huet dräizéng Joer, hatt muss zënter véier Joer, fir sech a säi klenge Brudder Astor suergen. Fannen d’Kanner genuch z’iessen? Bleiwen se gesond? Begéinen se aner Mënschen? Besteet iwwerhaapt Hoffnung op Heelung?

Et ziddert ee wierklech mat, an et hofft een dat Bescht. D’Gesëschter liewe relativ geschützt am “Gut Maulbeerenbaum”. Si maache gutt a schlecht Erfahrungen, a schléissen eng aussergewéinlech Frëndschaft.

D‘Mamm huet virun hirem Dout virgesuergt – an engem Tagebuch erkläert si dem Anna, wéi hatt virgoe muss – am Fall vun Honger, Stroumausfall a Krankheet.

Héngerhaut am Präis abegraff

Beim Liese kritt een Héngerhaut, an d’Schuddere lafen engem de Réck erof – alles ass méiglech. Et huet een haart un där Geschicht ze knaen, d’Buch reegt zum Nodenken un – wat wier wann et bei eis zu enger Katastroph géif kommen? Wéi gi mir domat ëm, wat maache mir, fir eist Iwwerliewen ze sécheren? Wéi laang dauert et, bis dass mir dat Gutt a Prinzipien iwwer Bord geheien?

Dem Auteur seng Beschreiwunge ginn dem Lieser ënnert d’Haut, d’Landschaften si verbrannt, Technik ass Geschicht – duerch de roude Virus sinn d’Kanner an een neit Zäitalter geschmass ginn. Op eemol verschwënnt den Astor. Gouf hie vun enger Band Kanner entfouert? Ass e fortgelaf?

Fir säi Brudder erëmzefannen, muss d’Anna iwwert sech selwer eraus wuessen – d’Zäit ass säi Géigner.

Traut Dir Iech d’Anna kennenzeléieren? Eng Welt kennenzeléieren, déi ganz anescht ewéi eis ass? Wakereg gerëselt ze ginn? Well wie weess, wat a Joeren hei op eiser Äerd lass ass…

Related topics Anna, Buchvirstellung, de Bichergeck, Niccolò Ammanati
Next post Previous post