Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn
Kultur Neiegkeeten

Interessanten Debat zur Diktatur an Ungarn

Biergerrechter, Pressefräiheet, sexuell Ausriichtung… an natierlech d‘Noutstandsgesetz, datt dem Viktor

Et brennt… um Fakelzuch an der Stad!
Kultur Neiegkeeten

Et brennt… um Fakelzuch an der Stad!

Et war nees eng aussergewéinlech Atmosphär an eiser Stad. Vill

Spadséierfaarte mam Moto sinn erlaabt
Kultur Neiegkeeten

Spadséierfaarte mam Moto sinn erlaabt

Nodeems et eppes Hickhack ginn huet, zum wéini dierf een

Buchvirstellung: Éiweg Rou? Eng Konzessioun fir d‘Éiwegkeet?

Buchvirstellung: Éiweg Rou? Eng Konzessioun fir d‘Éiwegkeet?

Gestuerwe gëtt ëmmer, an datt ass zu Lëtzebuerg an, an der Groussregioun net anescht. Mee wat kënnt duerno? Wou a wéi ginn déi Verstuerwen hirer leschter Rou zougefouert? An handelt et sech dobäi ëm déi spréchwiertlech „Éiweg Rou“?

Beileiwen net. Doudeger ginn op d‘Rees oder „plënneren“ – heiansdo direkt e puer mol. Kee Wonner datt den Dout a säin „duerno“ net nëmmen d‘Reliounen an d‘Rechtsspriechung iwwer Joerhonnerten ewech beschäftegt huet, mee sech och am Film, der Literatur an der bildender Konscht néiergeschloen huet…

An dësem Buch goufen 49 Texter versammelt déi sech ronderëm d‘Sujeten „Grafkonscht“, „Den Dout am Bild“, „Den Dout an der Literatur“, „Glawen a Recht“ esou wéi „Doudeger ënnerwee“ beweegen. Et bitt ee flotten an interessanten Iwwerbléck zu de Begriefnesser an de Bestattungs-Geflogenheete vun der Fréizäit bis haut, och am Hibléck op ei verschidde Glawensrichtungen an dären hir spezifesch Ritualer.

D‘Buch ass eng gemeinschaftlech Realisatioun vun den Auteure Sonja Kmec, Robert L. Phillippart an Antoine Reuter. Fir d‘Biller war de Jean-Paul Remiche verantwortlech. Mat sengem DinA4-Format (29,7 x 22 cm) huet et e bequeemt Format, an d‘Texter (op 352 Säiten) sinn dräisproocheg (Däitsch, Englesch a Franséisch). Et ass awer méiglech dëst epescht Wierk och an der digitaler Versioun ze bezéien.

Drock: ISBN 978-99959-43-23-3 (39 EUR, capybarabooks, Luxemburg 2019)

eBook: ISBN 978-99959-43-25-7 (18,99 EUR)

Ënnerstëtzt gouf d‘Produktioun vun dësem interessante literaresche Wierk vun der Uni-Lëtzebuerg, I-Hist an dem Fonds National de la Recherche Luxembourg.

Ähnlech Sujeten Antoine Reuter, Capybarabooks, FNR, iHist, Robert L. Phillippart, Sonja Kmec, Uni-Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel