Search

You may also like

Protestpiquet um Kierchbierg: D’Luxair-Personal léisst d’Roserei eraus (Billergalerie)
Kultur Neiegkeeten

Protestpiquet um Kierchbierg: D’Luxair-Personal léisst d’Roserei eraus (Billergalerie)

Haut de Moien huet den zweete Protestpiquet op der Europaplaz

Keng Steierkompensatioune fir d‘Groussregioun
Kultur Neiegkeeten

Keng Steierkompensatioune fir d‘Groussregioun

Datt d‘Bezéiungen tëscht Rheinland-Pfalz a Lëtzebuerg éischter gutt sinn, dovunner

What the Fakt – 52 Käerze fir de Kurt Cobain!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – 52 Käerze fir de Kurt Cobain!

Mat der legendärer Grunge-Band „Nirvana“ ass hien zum Virbild, Idol

Buchpresentatioun vunm klenge Prënz – e richtegt Häerzensbuch!

Buchpresentatioun vunm klenge Prënz – e richtegt Häerzensbuch!

Haut huelen ech Iech mat op eng kleng Rees an d’Vergaangenheet, eise Begleeder ass De klenge Prënz vum Antoine de Saint-Exupéry. Vun deem Buch kann een ni genuch kréien! Dës mäerchenhaft Erzielung gouf mat iwwer 140 Millioune verkaaften Exemplaire weltwäit zu de Bicher mat de gréissten Erfolleg gekréint. Kee Wonner! Et ass en Häerzensbuch – an dat ewell iwwer Generatiounen.

Och wann d’Sprooch einfach ass, de Message ass staark. Eescht, lëschteg a fir ze dreemen. Nodenklech an hoffnungsvoll. Voller Kraaft! Ech konnt mech gutt mam klenge Prënz identifizéieren, ma et ass mir awer och schwéier gefall. Wann een erwuessen ass, versteet de Lieser op jiddwer Fall vill besser ewéi gesellschaftskritesch a moralesch d’Buch eigentlech ass. Et stécht vill verstoppten an offensichtlech Wourecht dran. Allkéiers wann een d’Buch zur Hand hëlt, falen engem nei Detailer op, et gëtt een d’Kucken net midd. Et gëtt villes tëschent den Zeilen ze liesen …

Duerch e Fligeraccident léiert e Pilot, deen an der Wüst ofgestierzt ass, e klenge Prënz kennen, dee wäit vun engem anere Planéit kënnt. Déi zwee kommen un d’Philosophéieren. Ma jo, dono gleeft de Lieser nees u Wonner! An un d’Liewen. Et ass eng kleng Sich – no Frëndschaft an Éierlechkeet. Wann een d’Aen grouss opmécht, sinn déi kleng Wonner iwwerall ze gesinn. Et muss e just méi opmierksam sinn. D’Ëmwelt an d’Matmënschen am Bléck hunn. Hutt Dir d’Buch?

Majo, da gëtt et Zäit nees eng kleng Rees ze maachen, oder?

Zënter kuerzem gëtt et dës häerzlech Geschicht och als Pop-Up-Buch – dat ass dach en ideale Kaddo? Dëse Klassiker a Mäerche fir Grouss a Kleng soll an all Bicherregal stoen!

Den Antoine Marie Jean-Baptiste Roger Vicomte de Saint-Exupéry war en franséische Schrëftsteller a Pilot. Deemnächst stellen ech Iech nach e Buch fir, wou eise Schrëftsteller a senger Piloteroll opgeet.

Related topics Antoine de Saint-Exupéry, Buchpresentatioun, De klenge Prënz, Der kleine Prinz, Éierlechkeet, Fligeraccident, Frëndschaft, Häerzensbuch, Rous
Next post Previous post