Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Paradisesch Kläng aus Metz
Neiegkeeten

Paradisesch Kläng aus Metz

Bei „Burin Musique“ zu Metz, direkt nieft dem Theater hu

Brexit: Wien méi Zäit kritt soll se gefällegst och notzen!
Neiegkeeten

Brexit: Wien méi Zäit kritt soll se gefällegst och notzen!

Vergaangene Mëttwoch ass de Premier- a Staatsminister Xavier Bettel op

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt
Neiegkeeten

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt

De Black Widow vun der Steeseler Stuff Brauerei, ass esou

Buchvirstellung „Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“

Buchvirstellung „Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“

Dat neit Buch vun natur&ëmwelt Asbl presentéiert op 275 Säite sämtlech Vullenaarten, déi am Grand-Duché vir ze fanne sinn. Dobäi sinn d’Villercher den exzellenten Indicateur vum Zoustand vun der Lëtzebuerger Ëmwelt. D’Kenntnesser iwwert dës Déiere sinn eng Beräicherung vum Wëssen iwwert de mënschlechen Ekosystem.

D’Buch „Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“ stellt déi 337 Aarte vir, déi bis haut bei eis am Land ze fanne sinn (dovun 314 a Fräiheet an 24 a Gefaangenschaft). Interessant ass hei, datt beispillsweis alleguerten d’Villercher déi bréien, an déi reegelméisseg bei eis migréiere sinn op enger Säit, mat Fotoen, gruppéiert. Informatioune, wéi d’Saison, déi se bei eis ze fanne sinn, Populatioun an Klassifikatioun completéieren d’Gesamtbild.

Eng weider Informatioun, déi besonnesch d’Lëtzebuerger freeë wäert ass, datt de jeeweilegen Numm vun der Spezies souwuel op Franséisch, Däitsch, Englesch an Lëtzebuergesch ze fannen ass, natierlech och mam wëssenschaftlechen Numm. Kuerz, instruktiv Texter maachen d’Presentatioun komplett.

An dësem Kader seet natur&ëmwelt nach emol Merci un den Auteur Patric Lorgé an Editioun Melchior, wéi och dem Raoul Mettenhoven an dem Isabelle Zwick, déi d’Texter am Buch iwwersat hunn. Ouni d’Biller vun de Fotografe kéint dëst Buch och net bestoen. Den Ëmweltdepartement vum Ministère vun der nohalteger Entwécklung huet de Projet vun Ufank un ënnerstëtzt.

„Les Oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg“ kann ee vir 25 € am Shop-Nature beim Haus vun der Natur bei der Kockelscheier, am Biodiversum zu Rëmerschen an, a ville Librairië kafen. Donieft kann een d’Buch och duerch eng Iwwerweisung vun 28 € (Verkafspräis + 3 € Porto) op de Konto CCPL LU50 1111 0511 3112 0000 vun natur&ëmwelt Heem geschéckt kréien (vergiess net är Adress un ze ginn!).

Ähnlech Sujeten Buchvirstellung, Ed Melchior, Les oiseaux du Grand-Duché de Luxembourg, natur&ëmwelt, Patric Lorgé, Vull
Nächsten Artikel Virrechten Artikel